Policereform: se soll nach virum Summer gestëmmt ginn
Den SNPGL, d‘Gewerkschaft déi iwwer 90% vun de Poliziste vertrëtt,
Den SNPGL, d‘Gewerkschaft déi iwwer 90% vun de Poliziste vertrëtt,
De Wirtschaftsministère an d‘Kommissariat fir Maritim Ugeleeënheeten huet matgedeelt, datt
D’Pirate bedaueren zudéifst, dass d’kathoulesch Kierch mat hirer Responsum ad
Op der enger Säit presentéiert sech den däitschen Deel, dee vum Interdisziplinären Forschungsverbund Lichtverschmutzung ausgeschafft ginn ass. Hei beschäftegt ee sech, ganz ënnert dem Titel Verloscht vun der Nuecht, mat der Bedeitung vum kënschtleche Liicht fir d’Kultur, d’Gesellschaft, d’Gesondheet an d’Natur.
Beim franséischen Deel war et den Muséum national d’Histoire naturelle Paris, dee seng Informatiounen a Wierker presentéiert, déi schonn 2019 am Kader vun der Ausstellung La Nuit am Naturmusée ze gesi waren.
Nach bis de 14. Februar kann een am Lycée Edward Steichen zu Klierf méi zur Nuecht gewuer ginn. D’Expo ass wärend der Woch, sou wéi um Weekend vum 1. an 2. Februar vu 14 bis 18 Auer op. Déi offiziell Erëffnung fënnt um Samschdeg, den 1. Februar um 14 Auer statt. Den Entrée ass gratis.
Dëst Evenement ass een Deel vun enger ganz besonnescher Aktiounsrei: Night, Light & More. Vum 28. September bis Enn Mee 2020 riicht de Festival d’Opmierksamkeet op d’Schéinheet vum Stärenhimmel an d’Landschaft an der Nuecht. Themen, wéi Luucht an Däischtert sti ganz wäit uewen. Doriwwer hinaus ginn d’Visiteuren informéiert, wat genau all eenzel Persoun maache kann, fir de klammende Liichtemissiounen entgéint ze wierken an den Erhalt vun der natierlecher Däischtert ze ënnerstëtzen. All Evenementer fannt Dir op www.nightlightandmore.lu.