Search

You may also like

Palestinenserpresident zitt de Stecker
International Neiegkeeten

Palestinenserpresident zitt de Stecker

Nodeems den US-President Donald Trump leschte Mëttwoch dem Benjamin Netanyahu

Reider an Ritter um gréissten Mëttelalterfest an der Groussregioun
International Neiegkeeten

Reider an Ritter um gréissten Mëttelalterfest an der Groussregioun

D’Mëttelalter gëtt oft als grausam an däischter Epoch gesinn, an där Gesetzlosegkeet a Willkür

Käerjeng erweidert säin Heemliwwer-Service fir Bierger tëscht 70 a 75 Joer
International Neiegkeeten

Käerjeng erweidert säin Heemliwwer-Service fir Bierger tëscht 70 a 75 Joer

De Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng informéiert seng Bierger, datt

Et ass aus fir déi éierewierdeg Australian Associated Press

Et ass aus fir déi éierewierdeg Australian Associated Press

No 85 Joer mécht d‘AAP hir Büroen dicht, d‘Computer sinn nach net aus, mee et steet fest, ronn 300 Leit, Mataarbechter a fräi Journalisten a Fotografen – déi sougenannte Free Lancer – mussen sech en neie Job sichen. Wat huet dat fir Konsequenzen op de fräie Journalismus an Australien?

Et dierft hei zu Lëtzebuerg klengen, wéi wann nees vum deem ominéise Sak Räis a China rieds wier a wie kennt schonn „Australian Associated Press“? Ma fir vill Australier den eenzege Garant, datt kee wirtschaftlech gesteierte „Filter“ benotzt gëtt. Am Verlaf vu 85 Joer, huet sech d‘AAP zu enger Quell vun onbefaangenen, ganz genauen Informatiounen entwéckelt. Si huet „Traditioun“…

Fräi vun all politeschem Afloss oder dären Interessegruppen, hu Journalisten a Pressefotografen eng wäertvoll Grondinformatioun geleescht. Fir kleng Redaktiounen, Lokalzeitungen an eventuell och fir all déi, wou sech net grouss Geriichtsprozesser, oder endlos Parlamentssëtzungen undoe wollten, Liewenswichteg. Dat wëssen d‘Australier an eng gewëssen Onrou ass schonn am Netz ze spieren.

Elo muss een allerdéngs wëssen, datt d‘AAP sech seng intellektuell Fräiheet och trotz dem Fakt, dat si vun der australescher Mediegrupp „Nine“ a vum Robert Murdochs sengem Mediekonzern „News Corp“ – dee kontrolléiert ronn 70 vun den Zeitungen – kontrolléiert ginn, erhale kënnen. Dat dierft och de Grond sinn, firwat d‘AAP net Verkaf, mee dicht gemaach gëtt. Offiziell heescht et anescht:

„Agenturjournalismus… dat ass ee Business dee sech an Zäite vun de Gratisinhalter am Netz net méi rentéiert“, esou den eenzege Kommentar op déi zougehéiereg Fro. D‘Fakten awer loossen en anere Schluss zou. Datt et aus wirtschaftlecher Siicht nach „30% Konkurrenz“ gëtt, huet jo och en Zesummenhang mat der AAP. Esou beliwwert de Murdochs seng eege Konkurrenz mat News…

Geld eleng dierf hei net consideréiert ginn

Bannent dem Grupp Murdochs wäert et sech erginn, dat héchstwahrscheinlech „Nine“ beoptraagt gëtt esou eppes wéi eng „Agence en interne“ opzebauen, déi dann nach exklusiv déi eege Blieder an soss Medie beliwwert. Ee wuel fir Spekulanten a soss Finanzgenien novollzéibare Schratt wann et drëms geet d‘Konkurrenz ouni „Gewalt“ an awer rabiat genuch an Schwieregkeeten ze bréngen.

Wéi och ëmmer, et ass scho gewosst, datt d‘Konsumenteschutzverwaltung (eppes wéi de Ministère vum Paulette Lenert) dësem Virworf nogoe wëll. De „Clienten“ vun der Australian Associated Press jiddefalls waren och keng Präiserhéijungen an Aussiicht gestallt ginn, mat deenen d‘Entreprise nach ze rette gewiescht wier. Och iwwert aner Besëtzstrukture soll sech net berode gi sinn.

Elo dovunner auszegoen, datt déi konservativ Regierung hei wäert agräifen? Nee, dat éischter net, schliisslech genéisst dëse Veräin zanter Éiwegkeeten d‘Ënnerstëtzung vun enger strikt konservativ ausgeriichter Berichterstattung iwwert den Ëmwee vun der „News Corp“ vum net manner eppes méi strikt ausgeriichtem Robert Murdochs. Et kéint een esouguer behaapten si „Verstinn sech“…

Do war dach eppes

Iert et der AAP wéi mir elo wëssen un dat „Liewegt“ gaangen ass, hat déi konservativ Regierung, scho mat Hand ugeluecht fir den ëffentlech-rechtleche Sender ABC mam Réck un d‘Mauer ze stellen. E „Betrib“ deen esou guer net nom Gusto vum Murdochs ass. Nodeems dem Sender de Budget em 100 Millioune gekierzt gouf, ass d‘Australian Broadcasting Company an d‘Knéie gaangen.

Honnerte Journalisten hunn sech missen „nei orientéieren“, ganz Programmer hu misse gestrach ginn an och fir kulturellen Inhalt war net méi vill Geld do. Gutt datt esou eppes bei eis ondenkbar ass. Eng Konzentratioun vun der Medielandschaft bedeit e Verloscht vun Demokratie, kann zu Verschibunge vun den Informatiounsflëss féieren. Ass d‘Villfalt verluer, ass d‘Demokratie verluer.

Related topics AAP, Australian Associated Press, News Corp, Nine, Robert Murdochs
Next post Previous post