Search

You may also like

money
Ginn d‘Start-up Entreprise vun der Politik vergiess?
International Neiegkeeten

Ginn d‘Start-up Entreprise vun der Politik vergiess?

Déi Lëtzebuerger Federatioun vun de Start-up Entreprisen (FLSU) ass besuergt,

Spärung vun der N4 tëscht dem Rondpoint Holz an dem CR179A
International Neiegkeeten

Spärung vun der N4 tëscht dem Rondpoint Holz an dem CR179A

Am Kader vu Stroossenaarbechte gëtt d’N4 (route d’Esch) tëscht dem

Mat gesonder Ernierung de Kriibsrisiko senken – Entscheet dech richteg!
International Neiegkeeten

Mat gesonder Ernierung de Kriibsrisiko senken – Entscheet dech richteg!

Nodeems bei der leschter Campagne “Entscheet dech richteg” vun der

Australien: op en neits den Ausnamezoustand

Australien: op en neits den Ausnamezoustand

Déi australesch Autoritéiten hu fir déi nächst siwen Deeg den Noutstand fir de Bundesstaat New South Wales ausgeruff. Hei setze Buschbränn zanter Wochen d‘Autoritéiten, d‘Rettungsdéngschter an d‘Leit schwéier ënner Drock. Och d‘Metropol Sydney ass direkt vun der Katastroph betraff.

Wéi d‘Regierungscheffin vum australesche Bundesstaat, d‘Gladys Berjiklian, e Mëttwoch erkläert huet, sinn et déi katastrophal Wiederkonditiounen déi d‘Situatioun erschwéieren. Fir haut huet den nationale Wiederdéngscht Temperature vu bis zu 45°C annoncéiert. Fir Sydney sinn e Samschdeg esouguer 46°C ugekënnegt ginn. Dat sinn nei Temperatur-Rekorder, déi d‘Welt net gebrauche kann.

Schonn um Dënschdeg huet Australien mat 40,9°C en neie landeswäite Rekord opgestallt. Bis ewell hat dee bei 40,3°C (Januar 2013). Den nationale Wiederdéngscht huet keng besser Viraussiichten op Lager a weist drop hinn, datt och wann een net noweise kann, datt dat alles mam Klimawandel a Verbindung ze bréngen ass, d‘Saison vun de Buschbränn immens fréi an hefteg ugefaangen huet.

Net ënner Kontroll ze kréien

An de leschte Woche sinn esou mindestens dräi Milliounen Hektar Land néiergebrannt ginn. Sechs Mënsche sinn an de Feier ëm d‘Liewe komm, mindestens 700 Haiser vun de Flamen zerstéiert ginn. Nërdlech vun der Metropol Sydney huet et den Ament ee besonnesch heftegt Feier an den hei verursaachten Damp huet sech iwwert d‘Milliounestad geluecht.

Déi gëfteg Dämp sinn immens geféierlech an d‘Autoritéite wéi d‘Medeziner schwätze vun engem ëffentleche Gesondheetsnoutfall. D‘Pompjeeën hirersäits gestinn sech an, datt et Bränn gëtt, déi net méi ënner Kontroll ze brénge sinn. Fir d‘Leit an deene Géigende géif et keng aner Wiel, wéi hir Haiser ze verloossen. Wou et „nach net esou schlëmm ass“ sollt een eng Rei Mesuren ergräifen.

Hei roden d‘Pompjeeën de Leit, sech mat fiichten Decken an ausräichend Waasserkiwwel an den Haiser ze verschanzen. Dat kann allerdéngs nëmmen als „punktuell Moossnam“ betruecht ginn, well och wann een net direkt duerch d‘Feier bedreet ass, esou sinn d‘Geforen och an den duerch d‘Buschbränn entstanenen Dampwolleken enthalen. Besonnesch krank an al Persounen si bedreet.

Gutt datt et verantwortungsbewosst Politiker huet

Wann eng Kris – egal a wéi enger Form – sech iwwert e Land leet, dann ass et gutt, datt ee sech op d‘Politik verloosse kann. Anersäits huet och ee Premierminister e Recht drop am Summer Vakanz ze maachen. Et ass wuel net bestätegt, mee et heescht datt den australesche Premierminister Scott Morrison mat senger Famill op Hawaii geflu wier. D‘Kris gëtt deemno vum Vizepremier geréiert.

Dat ass de Michael McCormack a wéi ee verantwortungsbewosst mat enger Kris ëmgeet, datt huet de Mann iergendwéi falsch verstanen. Hien huet haut de Moien – obwuel dat elo wëssenschaftlech beluecht gouf – bestridden, datt de Klimawandel déi sécherlech saisonal bedéngt Buschbränn nach weider intensivéiert. Mee gutt hie behaapt och datt Päerdsmëscht Buschbränn géif ausléisen…

Et sinn da mëttlerweil och net méi nëmmen d‘Klimaaktivisten, d‘Fridays for Future Beweegung an all déi aner als Klimafaschiste verkläerten Organisatiounen, déi der australescher Regierung Virwërf maachen, näischt géint d‘Äerderwiermung ze ënnerhuelen. Berodungsresistent ass den Duo Morrison/McCormack, dorunner besteet keen Zweiwel a si kënnen sech verfuusse wann et enk gëtt.

mat indymedia/syd

Related topics Äerderwiermung, Australien, Buschbränn, Klimanoutstand, Klimawandel, New South Wales
Next post Previous post