Search

You may also like

All Dag komme 40.000 belsch Pendler bei eis schaffen – an dowéinst ginn d’Zuch-Ticketen fir op Arel elo mi bëlleg!
International Neiegkeeten

All Dag komme 40.000 belsch Pendler bei eis schaffen – an dowéinst ginn d’Zuch-Ticketen fir op Arel elo mi bëlleg!

Den Individualverkéier reduzéieren, ass ugesicht dem wirtschaftleche Wuesstem an den

Lux-Airport: Prinzipiellen Accord fir d‘Erneierung vum Kollektivvertrag
International Neiegkeeten

Lux-Airport: Prinzipiellen Accord fir d‘Erneierung vum Kollektivvertrag

Den OGBL informéiert, datt si als majoritär Gewerkschaft zesumme mam

Sea-Watch: 3 Froen un d’Vanessa vun der Loftopklärung
International Neiegkeeten

Sea-Watch: 3 Froen un d’Vanessa vun der Loftopklärung

Nodeems d’Vanessa déi lescht 8 Joer an Nepal gelieft huet,

Australien: Scott Morrison vu Klimaschutzfuerderungen onbeandrockt

Australien: Scott Morrison vu Klimaschutzfuerderungen onbeandrockt

Den australesche Premierminister Scott Morrison war eppes an d‘Kritik geroden, well hie matten an der Kris vun de Buschbränn, säi – sécherlech verdéngten – Congé ugetrueden ass, a mat der Famill a Richtung Hawaii geflunn ass. No eppes „heftegem“ Gejäiz, huet hien dësen ofgebrach an huet sech op den Heemwee gemaach. An New South Wales war virdrun den Noutstand ausgeruff ginn.

Fir de Scott Morrison awer sinn d‘Buschbränn um australesche Kontinent dat normaalst vun der Welt an zudeem Saisonsbedingt. Dat mat sougenannter „Feier-Saison“ ass esou gesinn net falsch, mee mir schwätzen hei dann awer scho vun dräi Milliounen Hektar Land déi de Flamen zum Affer gefall sinn. Dat ass net wéineg an et ass bedenklech, datt dës „Saison“ esou fréi ugefaangen huet.

Seng riets Hand, de Michael McCormack, hat dann och an Ofwiesenheet vum Premier nach emol drop higewisen, datt et wuel immens onangenehm ass wat d‘Buschbränn ugeet, déi awer net an Zesummenhang mam Klimawandel ze brénge sinn. Schliisslech, esou de politeschen Expert fir Buschbränn ganz am Eescht, géifen déi duerch d‘Selbstentzündung vu Päerdsmëscht entstoen.

Australier fuerdere méi Klimaschutzmoossnamen

Klimawandel hin oder hir, d‘Australier – besonnesch déi jonk Generatiounen – fuerdere vun hirer Regierung de Sujet Eescht ze huelen an dofir Suerg ze droen, datt méi fir de Klimaschutz gemaach gëtt. De Scott Morrison, dee net gären Uerder erhält an esou zimlech gelueden ass, well „si“ hie gezwongen hunn seng Vakanz ofzebriechen, wéist dëse Fuerderungen de Mëttelfanger.

„Mir wäerten eis net op onbesonne Klimaziler aloossen an traditionell Industrien opginn, wat och Aarbechtsplaze gefäerde géif, obwuel d‘Ziler kee bedeitenden Afloss op de globale Klima hunn“, esou de Scott Morrison an enger Kolumne déi haut am Daily Telegraph zu Sydney verëffentlecht ginn ass. Och hei stinn déi wirtschaftlech Interessen iwwer deene vun der Zivilgesellschaft.

De Klimawandel fënnt nëmmen am Kapp statt

Wann de Scott Morrison sech als éischt a mat vill Äifer fir seng Kumpel aus Industrie a Wirtschaft asetzt – dat maachen déi meescht, och an eiser Regierung ass deem esou – dann heescht dat net, datt hie de Klimawandel verleegne géif. Nee hien „interpretéiert“ et eppes anescht an erkennt esou och un, datt et bestëmmt en echte Bedarf fir Moossname géint d‘Äerderwiermung gëtt, awer anescht.

Hie behaapt sech dann och drop, dat „méi Klimaziler“ näischt de Buschbränn an den extreme Wiederereegnesser entgéint gestallt hätten. Et wier einfach falsch ze behaapten, dat méi streng Oplage fir d‘Industrie, d‘Wirtschaft an, an der Konsequenz och fir d‘Bierger, iergendeppes géif verhënneren. Hie war och wéineg erfreet, dat de Michael McCormack op d‘Kritik agaange war.

De Michael McCormack, deen no senge gewoten Aussoe vun alle Säiten attackéiert gouf, huet seng politesch Vest séier „op lénks gedréit“ an sech de Fuerderungen zu méi Klimaschutz ugeschloss. De Mann ass politesch kee Sou wäert, a wien esou wéineg Glafwierdeg ass, dierf sech net wonneren, wann de „Chef“ säin Opportunismus als politesch motivéiert entlarvt. Esou geet et net virun…

Ass et wäit genuch ewech fir eis egal ze sinn?

Elo kéint eis Europäer zimlech egal sinn, wat sech déi aner Säit vun der Welt politesch a klimatesch zoudréit. Woubäi de Klimawandel – ganz ofgesinn dovunner ob vum Mënsch oder soss engem verursaacht – wëssenschaftlech beluecht ass an dee Fait ze verleegnen einfach domm ass. Richteg ass awer och, datt Australien tatsächlech all Joer mat Buschbränn an enger Dréchent geplot ass.

Zanter Oktober awer halen honnerte Buschbränn Australien am Wiergegrëff. Dausende Familljen hunn hir Haiser verluer. Laut dem nationale Wiederdéngscht erlieft Australien säit elo dräi Joer extrem waarm Wiederperioden an huet leschte Mëttwoch mat 41,9°C en neie „Rekord“ verzeechent.

Elo ass awer Australien ee Land mat vill „Kuel“ a lieft vum Export. De Scott Morrison ass – wéi den Donald Trump – ee fervente Supporter vun der Kuel-Industrie. Bis zu 75% vun der Produktioun geet an den Export. Den Handelsvolume gëtt hei op 41,8 Milliarden Euro geschätzt. D‘Kuel awer ass erwisenermoossen den éischte fossillen Energieträger, vun deem mir eis léise mussen.

mat indymedia/syd

Foto: Eng Momentopnam vu „Gospers Mountain“ © Nick Moir (via Twitter)

Related topics Australien, Buschbränn, Klimanoutstand, Klimawandel, Kuel, Michael McCormack, Scott Morrison
Next post Previous post