Search

You may also like

surprise
Motivatioun an der Fonction Publique: „Alles eng Fro vun der Interpretatioun“
Auto International Neiegkeeten Sport

Motivatioun an der Fonction Publique: „Alles eng Fro vun der Interpretatioun“

Um Méindeg huet den Inneminister Dan Kersch, zesumme mam Paulette

En Hommage un d’Anne-Marie von Arx-Vernon
Auto International Neiegkeeten Sport

En Hommage un d’Anne-Marie von Arx-Vernon

D’Associatioun Stand Speak Rise Up!, eng Initiative sou S.A.R. der

Upassung vum Gesetz zu de Studiëbäihëllefen
Auto International Neiegkeeten Sport

Upassung vum Gesetz zu de Studiëbäihëllefen

D’Gesetz vun de Studiëbäihëllefe gouf no leschtem Joer am Juli

Autocross-EM: De roude Léiw fiert mat

Autocross-EM: De roude Léiw fiert mat

Um Circuit vum Bouvreau zu Saint-Georges de Montaigu (Vendée) huet sech de Gratin vun der europäescher Autocross-Zeen beim drëtten EM-Laf getraff. An de verschiddene Klassen si sechs Lëtzebuerger matgefuer, an ouni ze vill ze verroden: si hu sech gutt presentéiert.

Gefuer d‘Autocross-EM (FIA European Autocross Championship) an de Kategorien:

  • AX Junior Buggy (d‘Schoul vun de zukünftege Championnen);
  • AX Buggy 1600cc;
  • AX Super Buggy (déi schwéier Gewiichtsklass mat bis zu 4 Liter Hubraum);
  • Sprint Girl (eng den Damme reservéiert Klass mat Gefierer vu 600cc);
  • XC Cross Car (entstanen no der Reform vun der FIA, gefuer geet mat Gefierer bis 850cc);
  • XC Corss Car Academy (och entstanen no der Reform vun der FIA fir d‘Cross-Autoe bis 75 PS a reservéiert fir d‘Piloten/innen vun 13 bis 16 Joer);

Fir Lëtzebuerg sinn un de Start gaangen an der „Buggy 1600“ Kategorie de: Kevin Peters (110), Max Schanen (112), Kenny Reding (121), Bob Schanen (188); an Kategorie Cross Car den: Alain Feller (406); an der Cross Car Academy Trophy de Pit Venanzi.

Buggy 1600

No dräi Manche hat sech de Kevin Peters déi fënneft Startplaz (2. Rei) an der Final geséchert. Et war een zolidd Kapp u Kapp Rennen, woubäi de Lëtzebuerger Pilot schonn eppes vun de Feeler vu sengen direkte Konkurrente profitéiere konnt. Hien huet dee ganze Weekend iwwer alles ginn an huet esou verdéngt d‘Kroun vun der drëtter EM-Manche agestach.

Fir de Max Schanen, dee wuel och eng ganz zefriddestellend Leeschtung erbruecht huet, sollt et op dësem Weekend net duer goen eng Plaz an Schlussklassement ze verdeedegen. De Bob Schanen gëtt am General ëmmerhin nach 13. an de Kenny Reding dierf sech iwwert déi 12. Plaz freeën.

Domadder läit Lëtzebuerg am Nations-Cup op der fënnefter Plaz virun Däitschland. Ugefouert gëtt d‘Tabell an dëser Kategorie vun den Tschechen. Am Championnat steet de Kenny Reding aktuell op Rang 10 mat 28 Punkten, direkt hanner dem Bob Schanen 32 Punkten. De Max Schanen steet op der 7. Plaz mat 46 Punkten. Ganz uewen, op der zweeter Plaz, 11 Punkte vum Leader Timo Pähler aus Holland ewech, de Kevin Peters. Dee schéngt dat mam Titel wierklech eescht ze huelen.

Cross Car

Den Alain Feller war mat senger Rennmaschinn de ganze Weekend och richteg gutt ënnerwee, woubäi d‘Konkurrenz Rau ass an kee sech de geréngste Kaddo mécht. Dat huet den Alain Feller dann och schon dierfen am éischte Laf esou an Erfarung bréngen. Hei goung et net bis zum Enn. Déi zweet Manche war besser, hie mécht vun 19 Starter déi 12. Plaz. An der drëtter a leschter Qualifikatiounsmanche fiert de Lëtzebuerger dann op déi 9. Plaz an engem och nees ganz haart ëmkämpfte Rennen.

Domadder konnt et an d‘Halleffinall goen, wou et um Enn dann déi 6. Plaz ginn ass, wat awer net méi fir d‘Final gereecht huet. Trotzdeem ass een och hei éischter zefridden, de Pilot konnt sech de ganze Weekend kontinuéierlech verbesseren, wat dann nees Hoffnung fir déi nächst Course mécht. Am Generalklassement ass den Alain Feller esou op déi 11. Plaz komm, wat wéi gesot bei dëser Konkurrenz ee gutt Resultat ass.

Cross Car Academy

An sengem éischter Laf huet den 13. järege Pit Venanzi nach keng Akzenter gesat. Et ass emol drëms gaangen eppes Gefill fir d‘Streck ze kréien an déi aner Konkurrenten anzeschätzen. An awer huet de Krappert sech seng 7. Plaz net huele gelooss. Am zweete Laf huet hie sech ëm eng Plaz verbessert an och soss gewisen, datt hie „verstanen“ huet. Wann ee sech am Team sécherlech gutt Hoffnunge fir déi drëtt Qualifikatiounsmanche gemaach huet, esou brauch et oftmools och eppes Gléck zum Talent. E Gléck dat dem Bouf net vergënnt war, hien huet d‘Arrivée als leschte gesinn.

Et war awer duer gaangen sech eng Startplaz an der Final ze kropen, an och hei huet den Espoir zwar alles ginn, mee déi eeler Konkurrente waren iwwermächteg. Am Generalklassement huet et fir de Pit Venanzi eng ganz éierbar 9. Plaz ginn. Fir en éischten Optrëtt op der internationaler Bühn, eng sécherlech fir Frënn a Fans erfreelech Leeschtung déi een zouversiichtlech an d‘Zukunft blécke léisst.

Randnotiz

Wann ee bedenkt datt Saint-Georges de Montaigu net direkt hannert der Grenz läit, een also ee strammt Stéck ze fueren huet, esou ass et immens erfreelech a luewenswäert, datt esouvill eiser Matmënschen de Wee op sech geholl hunn, fir all d‘Piloten ze ënnerstëtzen. De Piloten an hiren Teame war dat eng grouss a wäertvoll Ënnerstëtzung. D‘Redaktioun iwwermëttelt an hirem Numm ee grousse Merci.

Foto: © Mike Klein / moien.lu

Related topics Alain Feller, Autocross, Bob Schanen, FFSA, FIA, Kenny Reding Max Schanen, Kevin Peters, Motorsport, Pit Venanzi, Saint-Georges de Montaigu
Next post Previous post