Search

You may also like

„La marche de la Liberté“ … dat neit Lidd vum Christophe Édouard Dupin
Auto International Neiegkeeten Sport

„La marche de la Liberté“ … dat neit Lidd vum Christophe Édouard Dupin

De Christophe Édouard Dupin huet méi wéi eng Säit a

What the Fakt – 3. Doudesdag vum Lemmy Kilmister
Auto International Neiegkeeten Sport

What the Fakt – 3. Doudesdag vum Lemmy Kilmister

„Rock’n’Roll ass definitiv näischt fir al Leit, dat ass bewisen.

D’Textilindustrie vu Gëschter a vun Haut – En interaktive Musée an der Fiels
Auto International Neiegkeeten Sport

D’Textilindustrie vu Gëschter a vun Haut – En interaktive Musée an der Fiels

Als de fréieren Zentrum vun der Lëtzebuerger Textilproduktioun dréit d’Fiels

Autocross: Kevin Peters weider am Gléck

Autocross: Kevin Peters weider am Gléck

De fënnefte Laf vun der Autocross Europameeschterschaft ass leschte Weekend zu Nova Paka (Tschechien) ausgedroe ginn. Dës Pist gëllt als eng vun den Usprochsvolle wéi technesch wuel komplizéiertste Strecken an der Agenda. D‘Steigungen, a folgerichteg och d‘Descenten, sinn „spektakulär“ an déi dausenden Zuschauer entspriechend begeeschtert.

Déi véier Lëtzebuerger Piloten: Kevin Peters, Bob Schanen, Max Schanen a Kenny Reding waren natierlech och nees mat vun der Partie. Si sinn an der Kategorie „Buggy 1600“ matgefuer an hunn sech nawell gutt geschloen. Woubäi op esou Weekender huet et „Héichten an Déiften“, et ass nach ëmmer Motorsport a kee Wonschconcert. Wann een do eppes Pech huet an d‘Gléck ausbleift…

Iwwer „Pech“ huet sech de Max Schanen net kënne bekloen, hien ass schonn am éischte Virlaf zolidd op de Leescht geholl ginn. Säi Gefier hat deraart gelidden, datt vun engem weideren agräifen an d‘Rennen huet missen ofgesi ginn. Dem Bob ass et besser ergaangen, hien hat sech am éischte Virlaf nach op der 10. Positioun kënne behaapten. Duerno gouf et nees eppes méi „komplizéiert“.

Beim zweeten an drëtte Virlaf huet de Bob Schanen d‘Arrivée net gesinn, huet sech dunn awer nach emol an der zweeter Halleffinall erkritt, wou hien als fënneften duerch d‘Zil gefliigert ass. Domadder konnt sech de Lëtzebuerger nach eppes Chance fir d‘Final ausrechnen… Hie sollt leider och dëser finaler Manche d‘Arrivée net erreechen. Trotzdeem, déi erbruechte Leeschtung ass Ok.

Fir de Kenny Reding ass et entschidde besser gelaf. Eng 14. Plaz am éischten, eng 21. Plaz am zweeten a Plaz 11 am drëtte Virlaf, sinn elo keng Placéierunge mat deenen ee sech bretze kann, an awer huet hie säi Mätsch gemaach. Déi 10. Plaz an der Halleffinall goung dann awer net duer, fir sech an der Final dierfen opzestellen. Domadder huet et nach just een, deen awer war nees speziell.

Wie fäert dee bremst…

Duerch seng bis ewell ganz erfreelech Saison, konnt de Kevin Peters mat sengem Buggy voll a beschtens motivéiert zu Nova Paka de Rennweekend ugoen. Dat war duebel wichteg, wëll hei gouf et och eppes ze zelebréieren. Op dëser Streck (wuel mat engem anere Layout, mee ëmmerhin) ass dem Kevin säi Papp scho ganz erfollegräich gefuer. Dës Familljegeschicht gouf vervollstännegt.

Mir wëssen aus de virechte Reportagen, datt de Lëtzebuerger Autocross-Pilot bis ewell ganz gutt Performancen ofgeliwwert huet, an natierlech waren d‘Supporter an d‘Team-Kolleegen eppes zouversiichtlech. De Kevin Peters huet dann, wéi een esou schéi seet „näischt ubrenne gelooss“, ganz „bäileefeg“ seng dräi Virleef gewonnen an ass an der Halleffinall als éischten ukomm…

Am leschten alles entscheedende Rennen, konnt de Lëtzebuerger vum der Pole Positioun starten. Et war een zolidd ëmstriddent Rennen an de Kevin Peters huet sech villen Attacke missen erwieren. An den Zuschauerräng huet een ëfters emol den Otem ugehalen… De Kevin awer huet ee kale Kapp behalen, huet sech souverän op der Pist géint d‘Konkurrenz behaapt an ass esou och den 1. ginn.

Foto: De „Rennstall“ vum Kevin Peters. Hei mat derbäi dem Kevin säi Papp, dee scho viru Joerzéngten d‘Landesfaarwen zu Nova Paka ganz erfollegräich verdeedegt huet. © Team K. Peters

Annex: Offiziellt Klassement vum FIA European Autocross Championship (Buggy 1600)

Related topics Autocross, Bob Schanen, Buggy 1600, FFSA, FIA, Kenny Reding, Kevin Peters, Max Schanen, Motorsport, Nova Paka, Tschechien
Next post Previous post