Search

You may also like

E laangen a ustrengende Weekend och fir d‘Police
Auto Business Neiegkeeten

E laangen a ustrengende Weekend och fir d‘Police

De Päischtweekend war där laanger een, an op eise Stroossen

Covid19-Gesetz: D‘Regierung bleift weider inkoherent
Auto Business Neiegkeeten

Covid19-Gesetz: D‘Regierung bleift weider inkoherent

déi lénk leenen déi nei Moossnamen zur Andämmung vun der

Spärung op der Autobunn A1 duerch Abattement vu Wëllschwäin
Auto Business Neiegkeeten

Spärung op der Autobunn A1 duerch Abattement vu Wëllschwäin

Um haitegen Donneschdeg, de 25. Juli wäert d’Autobunn A1 tëscht

Autofestival 2021: Iwwerall zefridde Gesiichter

Autofestival 2021: Iwwerall zefridde Gesiichter

Zanter dem Mäerz d‘Lescht Joer beherrscht de Covid19 eist Liewen. Eis Beweegungsfräiheet ass ageschränkt, mee de Beweegungsdrang ass bliwwen. Et gouf manner Geld fir Geräbbels ausginn, dofir méi op nohalteg Produite gesat. Et wier – de Statec huet dat esou och festgestallt – vill Geld gespuert ginn, a méiglecherweis kéinten d‘Garagisten dovunner profitéieren.

Am Secteur ass een déi 2021er Editioun vum Autofestival mat beduecht ugaangen. Vill Opwand gouf fir déi sanitär Sécherheet vun de potentielle Keefer an hirer Begleedung bedriwwen. Fir ze verhënneren datt et zu Gedrécks kënnt, ass déi dësjäreg Editioun op dräi Wochen ugesat ginn. No enger éischter Woch ass et wuel däitlech ze fréi fir eppes zu den Zuelen ze soen, mee allgemeng schéngt een mat dëser éischter Woch vum 57. Lëtzebuerger Autofestival bis ewell zefridden.

Säitens der Fedamo, dem Brancheverband, begréisst een besonnesch, datt d‘Clienten sech ganz verantwortlech behuelen. Si huelen sech hire Rendez-vous iwwert eng vun de villen Optiounen déi den Internet bereethält, a komme generell net méi mat der Famill. D‘Virgaben – déi sech vun Haus zu Haus wéineg differenzéieren – ginn agehalen an d‘Leit schéngen erfreet dierfe festzestellen, dat och d‘Personal an de Garagen sech strikt un déi wichteg Hygiènesreegelen ze hale schéngt.

Um éischte Samschdeg huet et erwaardungsgeméiss manner Gäscht an den Haiser ginn, wéi dat d‘lescht Joer de Fall war, dofir hätt een allerdéngs méi Venten ze verzeechnen. Och dat éischter eng ze erwaardend Reaktioun, well wann d‘Leit an d‘Konzessioune ginn, hu se wierklech wëlles sech ee Gefier zouzeleeën. Et ass also net esou, wéi wann d‘Leit aus „Langweil“ oder „Virwëtz“ den Tour vun de Lëtzebuerger Autohaiser maache géif. Zu de Preferenzen ass nach wéineg gewosst…

Illustratioun: Bal ee Joer laang kee Geld ausginn? Da kéint sech jo emol eppes méi Extravagantes leeschten… et muss net direkt eng Rennmaschinn sinn, woubäi… © Reinhart Julien / unsplash

Related topics ACL, Autofestival, Fedamo, Garagisten, Mobilitéit
Next post Previous post