Den Autofestival 2022 steet virun der Dier!

Vum 24. Januar bis de 5. Februar 2022 inclus fënnt déi 58. Editioun vum Lëtzebuerger Autofestival statt. Heibäi huet d’Fédération des distributeurs automobiles et de la mobilité (Fédamo) decidéiert, d’Evenement op eng Dauer vun 13 Deeg auszebreeden, dorënner och oppe Geschäfter um Sonndeg, den 30. Januar 2022.

Speziell Präisser, besonnesch Offeren an Informatiounen zu den neisten Trends aus der Welt vun de fuerenden Ënnersätz sollen dobäi de Client zum Kaf verleeden. Heivir bidden 80 Auto- a Motohändler hir Servicer un a presentéieren an iwwer 170 Showrooms, wat de Maart esou ze bidden huet.

Ënnert de Verbrenner sou wéi Elektro- an Hybridgefierer sollen iwwer 100 Modeller sinn, déi eréischt dëst Joer op de Maart kommen. Opträg ginn et scho genuch, de laange Liwwerzäite sollt ee sech beim Kaf bewosst sinn. Ma, iwwert d’Bestänn vun den Händler, Virbestellungen, Liwwerzäiten an natierlech och technesch Mierkmoler sollten d’Konzessionären ee souwisou informéieren.

D’ULC hätt do e puer Rotschléi fir Iech

Fir d’Freed iwwert en neit Gefier net net iergendwann muedesch gemaach ze kréien, ginn et e puer Saachen, op déi ee beim Kaf oppasse sollt. Dobäi gëllt – wéi bei all Vertrag: Huelt Iech d’Zäit d’Dokument genee duerchzeliesen, ier Dir ënnerschreift.

Op fuschnei oder gebraucht, am Kafvertrag sollt d’Bezeechnung vum bestallte Modell, mat allen Optiounen an der Ausstattung detailléiert opgelëscht sinn. Och de geneeë Kafpräis muss am Vertrag stoen. Sollt ee säin alen Auto iwwert den Händler zeréckginn, sollt och dee Präis ugi sinn. Dobäi muss, am Fall vun enger Liwwerung, eng verbindlech Frist vermierkt ginn.

Fält de Choix op eng Occasioun, esou soll een den Zoustand vum Gefier kontrolléieren an op eventuell Mängel opmierksam maachen. E gudde Rotschlag ass et, am viraus um Internet no Präisser vum jeeweilege gebrauchte Modell ze kucken. Eng Vertrauenspersoun mat den néidege Kenntnisser iwwert Autoen zur Säit ze zéien, ass natierlech och net verkéiert.

Ma, beim Kaf vun enger Occasioun muss de Kilometerstand den Dag vum Verkaf, wéi och d’Baujoer vum Gefier an/oder den Datum vun der éischter Zouloossung am Vertrag opgeschriwwe ginn

Komme mir zu de Klauselen

Déi Allgemeng Geschäftsbedingungen dierfe keng mëssbräuchlech Klauselen enthalen , déi dem Verkeefer e Virdeel ginn, deen ëm sou net zousteet. Beispiller heivir sinn, datt ee sech net un d’Liwwerfrist hale muss oder am Sträitfall net viru Geriicht geklot dierf ginn. Esou Klauselen sinn net gülteg, maachen awer net onbedéngt de ganze Vertrag ongülteg.

Et sollt een och drun denken, datt engem beim Ënnerschreiwe vun engem Vertrag an enger Garage keng 14 Deeg Widerrufsrecht zoustinn. Soubal ënnerschriwwen ass, ass de Keefer un de Verkeefer gebonnen a ka seng Meenung net méi änneren, respektiv säi Choix zeréckzéien. Gëtt de Vertrag net erfëllt, kann de Verkeefer Schuedensersatz fuerderen.

Sollt ee fir d’Finanzéierung vum Gefier e Prêt bei enger Bank benéidegen, esou muss och dat am Vertrag vermierkt sinn. Dobäi muss eng Klausel agesat ginn, datt de Vertrag ënnert der Bedingung vun engem Verbraucherkredit gemaach gëtt. Esou ass de Keefer net un de Vertrag gebonnen wann de Prêt net accordéiert gëtt. Dobäi sollt de Keefer natierlech och d’Konditioune vun der Bank kucken an op den effektive Joreszëns oppassen.

Et gëllt eng gesetzlech Garantie vun 2 Joer, déi beim Kaf vun engem neie Gefier oder engem Gebrauchten (sou fern de Verkeefer e Gewerbe huet) antrieden. Bei enger Occasioun kann dës Garantie awer op ee Joer reduzéiert ginn, wann den Datum vun der Éischtzouloossung iwwert e Joer zeréckläit.

Zu gudder Lescht weist de Konsumenteschutz drop hin, datt d’Méiglechkeet besteet, d’Garantie géint Bezuelung ze verlängeren. Dëst ass fakultativ, also dem Keefer iwwerlooss, ob en d’Verlängerung an Usproch wëll huelen. Ma, et sollt een awer och do genau kucken, ob am Klenggedréckten net Leeschtungen abezu ginn, déi souwisou vum Gesetz hir gratis musse sinn.

Bei weidere Froe kann ee sech natierlech un d’ULC wennen.

Annexe:

Dernières nouvelles