Search

You may also like

Coronavirus: Thailand huet sech eppes afale gelooss
Auto Business Neiegkeeten

Coronavirus: Thailand huet sech eppes afale gelooss

Zanter ee puer Deeg klammen d‘Infektiounszuelen an d‘Regierung zu Bangkok

Stuerm „Iota“: Lëtzebuerg spent 100.000 €
Auto Business Neiegkeeten

Stuerm „Iota“: Lëtzebuerg spent 100.000 €

Nom fuerchtbaren Hurrikan „Iota“ zielt Zentralamerika op mannst 30 Doudesaffer

Als Client vun der POST dierfs de net presséiert sinn (e Kommentar)
Auto Business Neiegkeeten

Als Client vun der POST dierfs de net presséiert sinn (e Kommentar)

Eng Cliente vun der POST (telecom) hat Enn Mäerz mëttels

Geschwënn ass nees Autofestival

Déi Lëtzebuerger Automobilindustrie ass verhältnesméisseg gutt duerch 2020 komm

Geschwënn ass nees Autofestival

Vum 25. Januar bis den 8. Februar heescht et nees „Autofestival“ an d‘FEDAMO, de Verband vun de Garagisten an Händler, begréisst hei, datt d‘Editioun vun 2021 sech op 14 Deeg, an net wéi soss üblech zéng Deeg, erstreckt. Et géif jo och drëms goen, de Clienten de gréisst méigleche Schutz bei der Auswiel vum neien Auto zouzesécheren.

Datt et primär drëms geet méiglechst vill Blech un de Mann (respektiv d‘Fra) ze bréngen, dat sollt een am Kontext vun der Covid19-Pandemie éischter net ernimmen. Mee 2020 war elo och net dat beschte Joer fir déi Lëtzebuerger Automobilsbranche, déi sech allerdéngs erhieflech besser aus der Affär gezunn huet, wéi dat an eisen Nopeschlänner de Fall gewiescht ass.

Trotzdeem si 45.189 Neizouloossungen eng batter Pëll, déi virun allem grouss auslännesch Gruppe viru gewëssen Erausfuerderunge gestallt huet. Déi hu bekanntlech hir Investitiounen op de grousse Volummen ausgeriicht. 2019 beispillsweis, war mat iwwer 55.000 neien Immatrikulatiounen ee Rekordjoer. 2020 huet et am verglach dozou eng Baisse vun 18% ginn.

Mam verlängerten Autofestival soll de Clienten, ee besseren Zougang zu den ausgestallte Gefierer, wéi och eng méi personaliséiert Berodung kënne gebuede ginn. Esou d‘Argument vun der Fedamo, déi op hirer eegener Säit drop hiweist, datt en Auto kafen, dank den neien Technologien, wesentlech méi einfach a bequem ginn ass, wéi een dat an Erënnerung huet.

Online kucken, offline kafen

Alles wat een zu engem Gefier wësse muss, géif een am Internet gewuer. Hei hätt een zudeem gutt Zäit d‘Gefierer ënnert enaner ze vergläichen. „Dynamesch an interaktiv Internetsäiten, géifen eng wesentlech méi räichhalteg an agreabel Erfarung bidden“, heescht et do. Am Internet „wielen“ am „Garage“ bestellen a bezuelen, esou gesäit et d‘Fedamo.

Esou eng Ausso steet dann awer nees am Widdersproch zum verlängerten Autofestival, et sief datt mat der „personaliséierter Berodung“ eppes anescht gemengt ass. Dem Vendeur seng eigentlech Missioun besteet jo net doranner, deen Auto ze bestellen, deen sech de Client am Internet ausgesicht huet, mee dësem deen unzedréinen deen um Parking steet.

Bleift allerdéngs nach eng „Inconnue“, déi sech unhand der Evolutioun vun der sanitärer Kris net ausblenne léisst. Fir den Ament goufe jo mam leschte Covid19-Gesetz nees Erliichterunge virgesinn an dat obwuel ronderëm Lëtzebuerg d‘Zigel éischter ugezu ginn. Wann d‘Lag sech bei eis am selwechte Mooss verschlechtert, kéint et och ee virtuellen Autofestival ginn…

Illustratioun: © Peter Broomfield / unsplash

Related topics Autofestival, Automobilindustrie, Covid19-Pandemie, Fedamo, Immatrikulatiounen
Next post Previous post