Search

You may also like

DRÄI – Expo an der Galerie op der Kap
Auto Neiegkeeten

DRÄI – Expo an der Galerie op der Kap

Vum 21. bis den 31. Oktober 2021 stellen d‘Anne-Marie Grimler,

Zesummestouss tëscht zwee Cyclisten – D’Police sicht no Zeien
Auto Neiegkeeten

Zesummestouss tëscht zwee Cyclisten – D’Police sicht no Zeien

Um Päischtsonndeg, den 31. Mee 2020 koum et an direkter

Halbzeit fir de franséische President: Messias oder Blender?
Auto Neiegkeeten

Halbzeit fir de franséische President: Messias oder Blender?

Et ass déi franséisch Versioun vum amerikanesche „Midterm-Bilan“ woubäi sech

Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer

An den Hale vun der LuxExpo um Kierchbierg war iwwert de Weekend eppes méi lass. Dofir gouf et e gudde Grond: Säit elo 38 Joer organiséiert déi Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun (LOF) säin Autojumble, an de Succès vun dësem Event bleift ongebrach. An iwwer 5.000 Visiteure bestätegen dat.

Fir den Daachverband mat senge 57 Veräiner, ass et ee ganz wichtege Rendez-vous. Hei treffen sech déi „passionéiert“, déi wou och emol d‘Zopp kal gi loossen, wann eng Schrauf net esou wëll wéi se soll. Et sinn dës Memberen, déi sécherstellen, datt dat ganzt elo schonn 20 Joer ganz erfollegräich iwwert d‘Bühn geet.

Elo hat d‘Editioun 2019 vum Autojumble och nach eng kleng Iwwerraschung parat: dëst Joer feiert de Model „Ford Capri“ säi 50. Gebuertsdag. Verständlech, datt dem „Gebuertsdagskand“ zu Éieren e ganze Stand gewidmet ginn ass. Zu dësem Zweck huet Ford Köln, e Gefier vun „Zakspeed“ der LOF zur Verfügung gestallt.

De „Capri“ vun Zakspeed, eng reng Rennmaschinn, war am Zäitraum vun 1980-1983 mat dat brutaalst op de Rennstrecken, wat e sengerzäit konnt gesinn. Wou den Zakspeed-Capri matgefuer ass, huet hien de Pilot op de Podium gestallt. Géint dat Gefier war kee Kraut gewuess, do huet esouguer Porsche seng Reverenz missen zéien.

Autojumble

Artikel: Da ass schonn alles gesot…© Martine de Lagardère/moien.lu

Et gouf wéi gesot villes ze gesinn, an fir all Goût war eppes derbäi. Vum butzegen Englänner bis hin zum gewaltegen Amerikaner. Mee italienesch „Gëftsprëtzen“ an däitsch „Muskelprotzen“ haten sech och hir Plaz gemaach. Et gouf Busser, den ale Feierwon vum Fluchhafen, Aarbechtsgefierer vun der Post an Trakteren…

Zäit ass vergaangen, an iert ee sech ëmsinn hat war den Dag och schonn eriwwer. Do war d‘Freed grouss, datt een sech och nach e Sonndeg huet dierfen de Rescht ukucken. Den Deplacement jiddefalls huet sech gelount, a well jo dëst Joer nees uechtert d‘Land d‘Veräiner op hir „Treffen“ wäerten alueden, sollt ee sech um Lafenden halen.

Et dierf ee bei aller berechtegter Kritik un der Automobilindustrie (Dieselskandal, Klimawandel…) hei net vergiessen, datt déi Mënsche vill Zäit a Geld an hir al Gefierer stiechen, an esou och e Patrimoine erhalen deen nach ville Generatiounen zerguttst kënnt. Mir hunn nëmmen zefridde Gesiichter gesinn, gutt gelaacht a versprach 2020 nees luussen ze kommen.

Foto: Den Zakspeed-Capri, war sengerzäit net ze schloen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Autojumble, Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun, LOF, LuxExpo, The Box
Next post Previous post