Post fir den Ausseminister
Bréiwer, déi op de soziale Medie kurséieren, sinn net seelen.
Bréiwer, déi op de soziale Medie kurséieren, sinn net seelen.
De Wonsch friem Länner ze bereesen an aner Kulture kennenzeléieren
Bei ELCH Restaurant spillt een net nëmme beim Iessen äre
De Konsumenteschutz (ULC) ënnersträicht, dass et net duergeet, just eng Këscht mat der Bezeechnung „Finanzéierung duerch Kredit“ unzekräizen. D’Opléisungsklausel muss kloer festgehale sinn, sou dass de Client vum Kaf zerécktriede kann wann déi finanziell Mëttel net vun der Bank oder dem Kreditinstitut zur Verfügung gestallt ginn.
Fir e Prêt unzefroen, kann de Verbraucher sech u säi gewinnten Finanzinstitut oder en anere Kreditinstitut wennen. Entscheet ee sech fir eng Direktfinanzéierung duerch den Autohändler, gëtt dësen zum Vermëttler tëscht dem Institut an dem Verbraucher. Hie bitt de Vertrag un, an deem d’Organ, dat de Kredit gëtt, eng Band oder e Kreditinstitut ass.
An dësem Kader gëtt och drun erënnert, dass d’Vermëttlung enger Geneemegung vum Wirtschaftsministère ënnerläit. Nodeems de ministeriellen Accord do ass, muss de Vermëttler (Autohändler) sech an der Lëscht vum Wirtschaftsministère androe loossen, och wann hien des Tätegkeet just nieweberufflech ausüübt. Bei dëser Etapp muss de Vermëttler d’Identitéit vum Kreditgeber a seng Coordonnéeën uginn. Zu Informatiounszwecker kann een d’Lëscht op guichet.public.lu fannen.
Fir de Verbraucher gëllt, dass en sech virum Ofschléisse vum Vertrag all Informatiounen zum Kredit ufroe kann.
De Kreditvermëttler muss wärenddeem iwwert Pabeier oder en aneren dauerhaften Datenträger iwwert eventuell Käschten informéieren, déi duerch seng Déngschter ufalen. „Dës Käschte mussen an der Reegel am effektive Joreszëns enthale sinn“; sou d’ULC.
Eemol ënnerschriwwen, kann de Kafvertrag net nodréiglech widderruff ginn. Et ka virkommen, dass de Verkeefer dem Verbraucher en Dokument ze ënnerschreiwe gëtt, bei deem et sech just ëm eng Formalitéit fir eng Erliichterung vu spéidere Verwaltungsprozeduren am Fall vun engem Kaf oder enger Kreditsimulatioun handele soll.
Hei sollt een kontrolléieren, dass d’Dokument net d’Bezeechnung „Bestellschäin“, „Optrag“ oder och „Kafvertrag“ dréit. No der Ënnerschrëft ass de Verbraucher nämlech dann rechtlech un de Kaftvertrag gebonnen.
Fir weider Informatiounen zur Finanzéierung vun engem Gefier, oder och praktesch Rotschléi an dësem Beräich, sollt ee sech d’ULC-Broschür „Wat een iwwert Kreditverträg wësse sollt“ an „Den A an O beim Autokaf“ ukucken. Membere kréien hiren Exemplaire op Ufro gratis zougeschéckt. Fir Pabeier an den Transport ze spueren, ka sech awer och op www.ulc.lu informéieren.