Search

You may also like

D‘Britte loossen eis op der Brexit-Rechnung sëtzen
International Neiegkeeten

D‘Britte loossen eis op der Brexit-Rechnung sëtzen

Am November 2017 huet et nach Montante ginn, déi tëscht

Mallorca am Touriste-Féiwer
International Neiegkeeten

Mallorca am Touriste-Féiwer

Zousätzlech Flich trotz stramme Covid19-Reegelen: d‘Vakanzeninsel rechent zu Ouschtere mat

LCTO: Benefizconcert zugonschte vun de Special Olympics Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

LCTO: Benefizconcert zugonschte vun de Special Olympics Lëtzebuerg

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO), d‘Stad Lëtzebuerg, d‘Arméi an

Automobility Campus Biissen: IEE als éischt Entreprise um Site!

Automobility Campus Biissen: IEE als éischt Entreprise um Site!

Als éischt Entreprise soll IEE S.A. sech um „Luxembourg Automobility Campus“ zu Biissen installéieren. Als Glanzstéck vun der Lëtzebuerger Industrie huet dës Firma, déi op Sécherheetssystemer fir Autoen an d’Entwécklung vun intelligente Sensorsystemer spezialiséiert ass, sech am Joer 1989 am Grand-Duché gegrënnt. An enger éischter Phas hunn 285 Salariée vun IEE um vergaangene Méindeg ugefaangen um Campus zu Biissen ze schaffen.

Am Ganzen zielt IEE 4.100 Aarbechter op der ganzer Welt, wouvu méi wéi 10% am R&D sinn. Zu Lëtzebuerg kann een ongeféiert 635 Persounen zielen, déi op de verschiddene Sitten zu Contern, Iechternach, an elo och zu Biissen verdeelt sinn. Seng Aktivitéite wäert d’Entreprise vu Contern op Biissen verlageren.

Am Joer 2013 hat de Wirtschaftsministère d’Initiative geholl, fir ee Campus vun enger Fläch vu 14 Hektar ze entwéckelen, dee sech der Innovatioun am Beräich vum Lëtzebuerger Automobil-Secteur, a Partnerschaft mat IEE ass Goodyear, widme soll. De Qualitéits-Pneue-Produzent huet fir, seng Aktivitéiten Enn 2021 ze plënneren. Den automobille Campus huet als Zil d’Aktivitéite vun der Recherche an der Entwécklung ze ënnerstëtzen an donieft och d’Kompetitivitéit am nationale Secteur ze stäerken.

De Vize-Premier a Wirtschaftsminister Étienne Schneider huet sech dozou folgendermoosse geäussert: „Dem Beispill folgend vum éischten experimentelle grenziwwerschreidenden europäesche Site fir autonom a connectéiert Autoe bestätegt de Campus, datt de generellen Automobil-Secteur an d’Mobilitéit zu den innovative Secteure gehéieren, déi virrangeg vun der Politik vun der ekonomescher Diversifizéierung gefërdert ginn.“ De Site wier zudeem ideal, fir nei ekonomesch Konzepter ze testen, sou wéi och Servicer.

Duerch de Site zu Biissen gëtt schonn eleng geographesch gesi villes méi no beienee bruecht an och de besseren Echange tëscht den Acteuren dréit zu wichtege Synergie bäi. Et sollt een och ervir hiewen, datt dëse Campus an enger Linn mat der Strategie vun der drëtter industrieller Revolutioun, och „Rifkin“ genannt, ass. Op der Plaz ginn erneierbar Energie generéiert an och déi gemeinsam Infrastrukturen, wéi de Parking mat 500 Plazen, sinn nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft an der nohalteger Konstruktioun erstallt ginn.

De Michel Witte, CEO vun IEE, huet erkläert: „ Mat eiser neier Plaz um Automobility Campus si mir gutt positionéiert um Niveau vun der Aarbechtsausrüstung an der Infrastruktur fir kompetitiv an dynamesch an engem Marché a steteger Evolutioun ze sinn.“

Opmaacherfoto: IEE S.A. Um Automobility Campus zu Biissen © IEE

Related topics Automobility Campus, Biissen, Etienne Schneider, Goodyear, IEE S.A., Michel Witte, Sécherheetssystem
Next post Previous post