Search

You may also like

Polen féiert e Krich géint d‘LGBT-Communautéit
International Neiegkeeten

Polen féiert e Krich géint d‘LGBT-Communautéit

Iwwert de leschte Weekend wollten eng 800 bis 1.000 Mënschen

déi Lénk fuerderen Direktmoossname géint Rassismus zu Lëtzebuerg a weltwäit
International Neiegkeeten

déi Lénk fuerderen Direktmoossname géint Rassismus zu Lëtzebuerg a weltwäit

déi Lénk ënnerstëtzen d’Protestbeweegung an den USA an an Europa

Covid19 Iwwersiicht
International Neiegkeeten

Covid19 Iwwersiicht

Nodeems leschte Freideg vum Xavier Bettel an dem Paulette Lenert

Autorerechter an der EU: d‘Reform mat knapper Majoritéit ugeholl

Autorerechter an der EU: d‘Reform mat knapper Majoritéit ugeholl

Bei der ëmstriddener Reform vun den Autorerechter (Copyright) hunn d‘Memberlänner gëschter, mat enger knapper Majoritéit „dofir“ gestëmmt. Der Kritik deet dat keen Ofbroch, an och bannent der grousser Koalitioun am Europaparlament ka vu Konsens net rieds sinn.

Finnland, Holland, Italien a Lëtzebuerg haten sech géint de Kompromëss bei der Reform gestäipt. Si hunn sech géint d‘Reform vun den Autorerechter ausgeschwat, well d‘Zil dovunner sollt sinn: „Innovatioun, Kreativitéit, Investitiounen an d‘Produktioun vun neiem Inhalt ze fërderen“. Mat dëser Reform wier dës Zilsetzung gescheitert. D‘Reform wier e „Réckschrëtt“ fir d‘EU.

Am Entworf, op dee sech no zéie Verhandlungen déi lescht Woch konnt gëeenegt ginn, ass et méi prezis den Artikel 13, deen op ënnerschiddlech Usiichte stéisst. Mam Artikel 13 gëtt de Plattforme wéi Google oder YouTube eng Rei Flichten operluecht déi et a sech hunn, a vun der „Community“ verworf ginn. Esou mussen zukünfteg Inhalter geläscht ginn, déi vum Auteur net lizenzéiert sinn.

Woubäi Ausname virgesi sinn: Entreprisen déi nach keng dräi Joer bestinn, oder Plattformen déi manner wéi fënnef Milliounen „Notzer“ noweise kënnen, an/oder manner wéi 10 Milliounen Euro Joresëmsaz maachen. Zudeem soll et net méi den Notzer sinn, dee bestrooft gëtt, wann hien eppes „Illegales“ eropluet, mee de Bedreiwer vun der Plattform, op där dësen Inhalt zur Verfügung steet.

Komplizéiert einfach: den Uploadfilter

All déi Entreprisen, wou net ënnert d‘Ausnam falen, sinn also deemnächst gezwongen, alles wat eropgeluede gëtt op eng Lizenz ze iwwerpréiwen, an Inhalter no deene vun de Lizenzéierte bereet gestallte Lëschte blockéieren, fir ze verhënneren, datt net autoriséiert Wierker op hire Plattforme fir d‘Notzer zougänglech sinn. Dat ass ugesiichts der Mass un Daten, mënschlech net realiséierbar.

Wat vu Mënschen net ka bewältegt ginn, datt iwwerléisst ee gemengerhand den Algorithmen. Déi sinn natierlech vu Mënschenhand entstanen a nennen sech Uploadfilter. Esou Filter analyséieren awer net den Inhalt, si sichen no „vergläichbarem“ an alles wat „verdächteg“ erschéngt gëtt da blockéiert. Fir d‘Géigner vum Artikel 13, erfëllt dëse Fait den Tatbestand vun der Zensur.

An där Géigner gëtt et masseg: esou war zu Berlin e Méindeg, der däitscher Justizministerin Katarina Barley, eng Petitioun mat iwwer 4,7 Milliounen Ënnerschrëften iwwerreecht ginn. Heibäi ass et interessant ze notéieren, datt Däitschland, wou am Koalitiounsaccord de verflichtenden Asaz vun Uploadfilter als „onverhältnesméisseg“ verworf gouf, um Enn der Reform zougesot huet.

Ginn elo d‘Medie besser geschützt?

An der Reform geet et allerdéngs och ëm de Schutz vun der journalistescher Aarbecht. Op Verlag oder Noriichtenagence, d‘Iwwernam vun Artikelen, Reportagen oder Berichterstattung (och als Video oder Toun) misst dann entschiedegt ginn. Wéi dat soll ausgesinn, a wéi héich de Präis ass deen d‘Plattformen ze entriichten hunn, ass net am Text definéiert. Op Lizenzen hei hëllefen?

Fir de sougenannten „Privatmann“, also eigentlech all User deen e Pressebeitrag via Twitter oder op Facebook „deelt“, trëfft dës Bestëmmung net zou. Wat de System elo net vereinfacht, besonnesch dann net, wann de Verlag/Zeitung seng Beiträg iwwert Sozialnetzer verdreift. Et ass allerdéngs och richteg, datt sech vernënfteg Presseaarbecht net am Benevolat realiséiere léisst.

Hei kann et da passéieren, datt déi Plattformen, déi fir Inhalter bezuele mussen, vun de Medie e Beitrag verlaangen, wëll si als kommerziell Entreprise Servicer notzen, fir Informatiounen u potentiell Clienten ze vermëttelen. Et gesäit een, einfach ass dat ganzt net. Mee elo muss jo och emol d‘EU-Parlament nach iwwert d‘Gesetz ofstëmmen, iert een déi nächst Schrëtt kann ugoen.

Related topics Artikel 13, Autorerechter, EU, Facebook, Twitter, Uploadfilter, Youtube, Zensur
Next post Previous post