Search

You may also like

De Biber: groussen Architekt a Meeschter vun der Biodiversitéit
International Neiegkeeten

De Biber: groussen Architekt a Meeschter vun der Biodiversitéit

Nodeems de Biber (Castor fiber) am verlaf vum 19. Joerhonnert

Ee Gesondheetspass fir Lëtzebuerg (Analys)
International Neiegkeeten

Ee Gesondheetspass fir Lëtzebuerg (Analys)

Op se an der Regierung illegale Substanzen ausgesat sinn, oder

CSV: De Wëllen, nees Regierungsverantwortung ze iwwerhuelen, ass ongebrach
International Neiegkeeten

CSV: De Wëllen, nees Regierungsverantwortung ze iwwerhuelen, ass ongebrach

De Fraktiounschef an zukünftege Spëtzekandidat vun der CSV, Claude Wiseler,

EU-Parlament: Autorerechter, Zäitëmstellung an Ofgas-Reguléierung

EU-Parlament: Autorerechter, Zäitëmstellung an Ofgas-Reguléierung

Wochelaang huet d‘Reform vun den Autorerechter an der EU d‘Gemidder op Trapp gehalen, an iert et gëschter zu Ofstëmmung komm ass, gouf et nach emol eng Schluecht vun de Plädoyeren. Um Enn ass den Text mat den ëmstriddenen Artikel 11 & 13 ugeholl ginn.

Vill a grouss Hoffnungen hat virun allem d‘Jugend an den Asaz vum Julia Reda (Piraten) gesat, déi sech massiv géint d‘Reform an dëser Form gewiert huet. Si huet an Erënnerung geruff, datt iwwer 5 Milliounen EU-Bierger sech mat enger Petitioun géint den Asaz vun de sougenannten Uploadfilter ausgeschwat hunn, an nach emol 200.000 Mënschen de Weekend dergéint demonstréiert hunn.

Autorerechter

Eng Kritik déi vum EU-Parlament ignoréiert ginn ass, an eng Kommissioun déi d‘Demonstranten als Mobb verkläert huet. Esou kuerz virun der EU-Wahl, en iwwerzeegende Schratt dem Bierger d‘Wäerter vun der Demokratie nach emol ze erläuteren. A wéi dat bei de Parteien ausgesäit, ass et net wierklech besser. Do kënnt een net méi derlaanscht vu Veraarschung ze schwätzen.

Während een et bei den däitsche Parteie weess, datt si national aner Aussoe maache wéi hie EU-Deputéiert um Enn ofstëmmen – d‘Uniounsparteien hu beispillsweis verséchert, datt et mat hinnen net zu Uploadfilter kënnt – hu sech eis Kadette genee un de selwechten Zeenario gehalen… Esou huet sech de Laurent Mosar massiv géint den Artikel 13 ausgeschwat an d‘Jugend ënnerstëtzt.

Autorerechter

Super, wann et net esou wier, dat den CSV-Deputéierten um Krautmaart an net zu Stroossbuerg siegéiert. Déi vun der CSV déi eng Stëmm dozou konnten ofginn, hu sech fir den Text entscheet. D‘Viviane Reding (CSV) huet dann och de Fait, datt d‘Reform adoptéiert ginn ass, an enger ganzer Serie Tweets begréisst. Zu Lëtzebuerg géint den Uploadfilter, zu Stroossbuerg derfir. Geet et nach?

EU-Parlament bereet d‘Zäitëmstellung ofzeschafen

Zu Stroossbuerg ass et gëschter allerdéngs net nëmmen ëm de Copyright gaangen, och dat lästegt Gefréckels un der Auer huet d‘Parlamentarier beschäftegt. Hei hat sech jo schonn de Jean-Claude Juncker, fir d‘Ofschafe vu Summer- a Wanterzäit agesat. D‘Leit am Land hunn es och déck sat, mee sinn onentscheet wann et drëms geet sech fir dat eent oder dat anert ze decidéieren…

Wéi och ëmmer… gëschter hu sech 410 EU-Deputéiert fir d‘Ofschafe vun der Zäitëmstellung ab 2021 ausgeschwat, 192 waren der dergéint, an 51 hu mat hirer Enthalung gewisen, datt si de Sujet net verstanen hunn. Et muss een dann awer festhalen, datt des Ofstëmmung beschtefalls déi éischt Hürd ass, déi an dësem Kontext geholl konnt ginn. Elo läit et an der Hand vun de Verkéiersminister.

Autorerechter

Wat am Parlament gestëmmt ginn ass, muss vun den europäesche Verkéiersminister ugeholl ginn, an déi mussen sech dann och op eng gemeinsam Linn eenegen, déi dann op e neits mat Vertrieder vum EU-Parlament verhandelt ginn. Kënnt et och hei zu engem Kompromëss, kann et lass goen. Déi optimisteschst mengen dat kéint nach bis zum Hiecht de Fall sinn. Dat ass interessant…

Zum enge gëtt et bis dohinner en neit Parlament, an d‘Feststellung, datt dat aktuellt Parlament de Länner d‘Entscheedung iwwerloosse wëll, op si an zwee Joer d‘Summer- oder d‘Wanterzäit wëllen, wäert net zum Konsens féieren. Also sollt jiddereen et maachen dierfe wéi e wëll, wat duerchaus nach zu Gespréich ka féieren. Gutt zumindest datt mam Gefréckels un der Auer soll Schluss sinn.

Kënnt et haut zu strengere CO²-Reegelen?

Am Dezember haten sech d‘Verhändler op eppes méi streng CO²-Reegele gëeenegt, an domatter déi ganz Automobilbranche an hir Lobbygruppe schwéier geschockt. Bis 2030 sollen eis Gefierer, haalt iech un „méi klimafrëndlech ginn“. De CO²-Ausstouss (am Verglach zu der Wäerter déi fir 2021 virgesi waren) soll bis 2030 ëm 37,5% reduzéiert ginn. D‘Ofstëmmung wier eng Formalitéit…

Dat ass et net, och wann am Virfeld dozou villes an d‘Wee geleet ginn ass. Esou war sech am Oktober 2018 ënnert de Memberlänner fir eng Reduktioun vu 35% ausgeschwat ginn. Woubäi d‘EU-Kommissioun der gäre 40% gehat hätt, eis däitsch Nopere scho mat 30% Reduktioun hoffnungslos iwwerfuerdert waren. An et ass och domatter gedoen, et am Parlament ze stëmmen.

Et muss uschléissend vum Europarot ugeholl ginn, an da vun de Memberlänner ratifizéiert ginn. An dann huet een emol eng Grondlag. Bei den Emissiounen, gëtt sech op déi sougenannte „Flott“ bezunn, an d‘Wäerter hei ginn um „Neiween-Ofsaz“ vun all Hiersteller festgemaach. Den Ament ass et esou, datt en Hiersteller am Schnëtt net sollt iwwer 95Gr/Km CO²-Ausstouss kommen.

Autorerechter

Mä natierlech dierfen d‘Hiersteller vun de „fette Karen“ driwwer leien. Interessant och d‘Erklärung zu de Prozenter. Et géif sech dorobber bezu ginn, well sech d‘Verfahren, mat deenen d‘Wäerter ermëttelt ginn, verännert hunn. Den Diesel-Skandal an déi dorausser resultéierend Kris, huet der Automobilbranche et nach eppes méi „ëmständlech“ gemaach, déi eigentlech Ziler ze erreechen.

Anescht ausgedréckt, déi sinn elo op den Asaz vun Hybrid-Gefierer an Elektroautoen ugewisen, wa se nach eng Chance wëllen hunn, déi vun der EU-festgeluechten Duerchschnëttswäerter anzehalen. Wann een d‘Automobilindustrie awer jéimeren héiert, kann ee sécher sinn, datt och déi Ziler net wäerten erreecht ginn. D‘Branche hält déi vun der EU geplangte Virgabe fir absolut onrealistesch.

mat indymedia/sxb/bru

Related topics Autorerechter, CO²-Emissiounen, EU-Parlament, Zäitëmstellung
Next post Previous post