Search

You may also like

Lëtz’ Party: De Prënz Louis feiert Gebuertsdag!
Auto International Neiegkeeten

Lëtz’ Party: De Prënz Louis feiert Gebuertsdag!

Um haitegen 3. August feiert S.A.R. de Prënz Louis Xavier

Op en neits 55 Mënsche viru libescher Küst „gerett“
Auto International Neiegkeeten

Op en neits 55 Mënsche viru libescher Küst „gerett“

D‘ONG „Proactiva Open Arms“ huet gëschter matgedeelt, datt hiert Schëff

Firwat gëtt nëmme virun der eegener Dier gekiert?
Auto International Neiegkeeten

Firwat gëtt nëmme virun der eegener Dier gekiert?

Elo ass geschwënn Nationalfeierdag – en ass net esou wéi

International Autosausstellung zu Frankfurt kritt (on)erwaarte Besuch

International Autosausstellung zu Frankfurt kritt (on)erwaarte Besuch

Am Kontext vun der Mobilitéitswoch an dem Hype ronderëm Klimawandel an Energietransitioun, ass et um Samschdeg zu Frankfurt (Hessen) zu enger zolitter Demonstratioun fir de Klima a géint den internationalen Autosalon (IAA) komm.

FrankfurtLaut den Autoritéiten hu 15.000 Mënschen (d‘Organisateure schwätze vu 25.000) ee Samschdeg virun der IAA fir eng „klimaschounend Verkéiers-Wend“ demonstréiert. Mam Vëlo sinn se aus alle Richtunge komm: Vu Wiesbaden a Mannheim an esouguer aus Gielen… eng richteg Stärefaart fir de Klima. Ee weideren Treffpunkt war d‘Frankfurter „Hauptwache“ wou den Ëmzuch gestart ass.

Frankfurt

© Jens Hilgenberg/Bund

Virun dem Gelänn vun der Foire – wou d‘IAA stattfënnt – ass géint d‘Autosindustrie an fir eng nohalteg, klimaschounend Mobilitéit mobiliséiert ginn. Datt d‘Demo op e Samschdeg gefall ass, huet domatter ze dinn, datt et den éischten Dag fir de Public ass, an do ëmmer zimlech Undrang herrscht. Demonstranten a Besicher vun der IAA sinn awer net unenaner geroden, alles war roueg.

FrankfurtCoorganisateur war de „Bund für Umwelt- & Naturschutz“, a deen huet uginn, datt sech alles an allem 25.000 Mënschen (7.000 ze Fouss an 18.000 mam Vëlo) un dëser Aktioun bedeelegt hätten. D‘Police huet wéi gewinnt aner Zuelen an déi tatsächlech Zifferen dierften iergendwou dertëscht leien. Woubäi dat gutt Wieder – et war summerlech – den Organisateuren an d‘Hänn gespillt huet.

Protest kann och anescht…

Wann d‘Demonstrante vum Samschdeg drop beduecht waren „friddlech“ fir hir Kausa anzetrieden, esou hat d‘Aktioun vu Greenpeace éischter eppes „Rustikales“. Si haten sech en Donneschdeg op d‘IAA agelueden, wou d‘Bundeskanzlerin an d‘Medien eng privilegiéiert Féierung duerch déi gehellegt Halen ugebuede kritt haten. Eng Veranstaltung déi eigentlech „streng geséchert“ sollt sinn.

FrankfurtHei ware et den Aktivisten awer gelongen eranzekommen ass si sinn op d‘Gefierer geklommen, wou se Plakater héich gehalen op deenen ze liese war: „Klimakiller“. De Sécherheetsdéngscht an d‘Police hunn agegraff a fir 22 Greenpeace-Aktivisten huet dat elo Folgen. D‘Autohiersteller hunn dann och eng Plainte wéinst Vandalismus a verstouss géint déi ëffentlech Uerdnung agereecht.

Klimaschutzgruppen an Ëmweltverbänn hu sech zum Bündnis „#aussteigen“ zesummegedoen a werfen dem Automobilsecteur vir, sech net entschloss genuch der Transitioun zur emissiounsfräier Elektromobilitéit zouzewennen. Si géifen dogéint op klimaschiedlech SUV-Modeller setzen, déi aktuell vum Konsument aus ënnerschiddleche Grënn gäre kaf ginn. Si gëllen als „Dreckschleider“.

Frankfurt

© Grüne Jugend

Eng, fir net ze soen zentral Fuerderung vun den Demonstranten um Samschdeg: dem Fouss- an/oder Vëlosverkéier „Virfaart“ ze ginn, den ëffentlechen Transport fërderen a firwat net, gratis maachen. Wéi dat alles soll goen: Elektromobilitéit, Vëlos-Autobunnen a gratis ëffentlechen Transport? Déi Äntwert erhoffen sech d‘Demonstrante vun aneren, méiglecherweis vun der Politik. Optimisten…

mat indymedia/fra

Related topics Bund, Greenpeace, IAA, Klimanoutstand, Umwelthilfe
Next post Previous post