Search

You may also like

Pizza-(De)Connection zu Esch
Kultur Neiegkeeten

Pizza-(De)Connection zu Esch

D‘Entreprise „Best Pizza“ huet ganz rezent via Facebook annoncéiert, datt

Méi „politesch“ Gewalt an Däitschland
Kultur Neiegkeeten

Méi „politesch“ Gewalt an Däitschland

2020 huet et laut dem offizielle Wuertlaut, ronn 45.000 Strofdote

Wann den Télétravail „Flicht“ ass
Kultur Neiegkeeten

Wann den Télétravail „Flicht“ ass

Datt am Kontext vun der Covid19-Pandemie den Télétravail ee gutt

Internationale Succès fir déi belsch Avataren am Mudam

Internationale Succès fir déi belsch Avataren am Mudam

Déi interaktiv Ausstellung Me, Family gouf an Zesummenaarbecht mat der Bréisseler Agentur Base Design lancéiert. An dat wärend dem zweete Confinement.

Et hunn scho méi wéi 100.000 Besicher aus ronn 100 Länner un der Ausstellung deelgeholl, déi bis den 21. Juni verlängert gouf. Dat weist wéi grouss de Succès iwwerhaapt ass, d’Ausstellung Me, Family hätt nämlech misse fir den 21. Mäerz eriwwer sinn. Et ass eng eenzegaarteg virtuell an interaktiv Erfarung, bei der d’Entdeckung vun de Wierker kombinéiert an aner Besicher, duerch hir Avatare getraff kënne ginn. De Projet “made in Belgium” ass an enger flotter Zesummenaarbecht tëscht dem Mudam an der Bréisseler Agentur Base Design entstanen.

Avataren, virtuell Interaktioun a Konschtwierker

Et ass net déi éischte Kéier, datt e Musée op dës Manéier besicht ka ginn. Aner Institutiounen hunn dem Mudam et virgemaach. An awer ass den interaktiven Aspekt vum Mudam originell. D’Ausstellung gëtt besicht andeems eng Webkamera opgemaach gëtt. Dës leeft an Echtzäit, de Besicher gëtt an een Avatar verwandelt. A mat him geet een duerch d’Ausstellung. Et ass sozial Interaktioun, déi e bëssen anescht ass.

Op sengem Wee kann den Avatar aner Besicher begéinen a souguer déi selwecht Konschtwierker kucken. Et kann een dës Erfarung mam Videospill Second Life vergläichen, et ass zimmlech änlech. Flott ass, datt och d’Méiglechkeet (bei de Konschtwierker) besteet, e klenge Video vun zéng Sekonnen ze hannerloossen, déi eng Reaktioun widderspigelt. “Wann vill Mënschen d’Ausstellung gläichzäiteg besichen, entsteet duerch dës Optioun eng Kakophonie aus Biller a Stëmmen”, seet dem Thomas Byttebier, digitale Regisseur vu Base.

Et ass en Deel vun der Ausstellung, d’Avatare bezéien sech nämlech och op d’Thema – d’Mënschen an hir Villfalt. Dat mécht nawell en Deel vum Erfolleg aus, d’Besicher kommen aus aller Welt. Palästina, Russland, Brasilien, Indien a ville méi, et ass méiglech ze interagéieren, nach méi liicht, wéi am Kader vun engem richtege Besuch wou d’Sécherheetsmoossname respektéiert musse ginn.

Normalerweis ass de Besuch mat engem Musée mat der Stad, engem Bild oder engem Quartier verbonnen. Dat fänkt scho virum éischte Wierk un. Virun der Kees stoen, den aneren Touristen nokucken an iwwerleeë wou een säin Tuer soll ufänken. Dës klassesch Erfarung ass duerch d’Coronavirus-Pandemie an d’Waasser gefall, et huet e sech missen upassen. D’Diere sinn zoubliwwen, et huet e misse kreativ ginn.

Ma dat ass mat Me, Family gelongen! Esou gesäit de Musée vun der Zukunft aus. Digital. Domat ass Konscht sou zougänglech wéi nach ni. Och wann näischt iwwert e schéinen, almoudeschen Tuer duerch de Mudam geet.

Related topics Avataren, Base Design, Kultur, MUDAM, Musée fir Modern Konscht Groussherzog Jean
Next post Previous post