Search

You may also like

Islamesche Staat: Wann et doheem dach am schéinsten ass
Neiegkeeten

Islamesche Staat: Wann et doheem dach am schéinsten ass

Mat zaarte 15 Joer hat dat jonkt Shamima Begum mat

Déi chrëschtlech-sozial hunn “e Plang fir Lëtzebuerg“
Neiegkeeten

Déi chrëschtlech-sozial hunn “e Plang fir Lëtzebuerg“

Am ganze Land bléien d‘Wahlplakater op, an e Freideg huet

money
Nom Maskendeal elo dann d‘Perquisitioun
Neiegkeeten

Nom Maskendeal elo dann d‘Perquisitioun

Déi Lëtzebuerger Entreprise Avrox SA huet mat der Hierstellung an

Aarbechten an der Avenue de la Gare

Aarbechten an der Avenue de la Gare

Opgepasst – vum 12. bis den 13. September 2021 fanne Kranaarbechten un de Gebaier 29 bis 31 an der Al Avenue (Avenue de la Gare) statt. Duerch dës Aarbechten ass d’Avenue (den Ofschnëtt tëscht der Fort Bourbon Strooss an der Bouneweger Strooss) fir de Verkéier gespaart.

Selbstverständlech suergt de Service vun der Zirkulatioun vun der Stad Lëtzebuerg fir eng uerdentlech Beschëlderung.

Wärend den Aarbechte kënnt et am ëffentlechen Transport zu folgenden Ännerungen:

  • Den Arrêt Al Avenue Quai 1 gëtt suppriméiert an duerch folgend Arrêten ersat:Avranches Quai 1 (géigeniwwer vum Ausgang vun der Rue Fort Wallis) fir d’Linnen 2,4,5,9,10,13,14 an18 a Richtung Stadzentrum an N23 Richtung Stadgronn.
  • Wallis Quai 2 fir d’Linn 23 a Richtung Pafendall an d’Linn 29 Richtung Fluchhafen.
  • Aus der Bannestad an a Richtung Garer-Quartier kommend, ginn d’Linnen iwwert d’Adolphe-Bréck an d’Avenue de la Liberté ëmgeleet. Den Arret F. D. Roosevelt Quai 2 gëtt suppriméiert an duerch d’Arrêten Hamilius Quai 2 oder Monterey Quai 1 ersat.
Related topics Al Avenue, Avenue de la Gare, Chantier, Kranaarbechten, Stad Lëtzebuerg, Verkéier
Next post Previous post