Search

You may also like

What the Fakt – Alles Guddes un d’Hayley Williams vu Paramore!
Neiegkeeten

What the Fakt – Alles Guddes un d’Hayley Williams vu Paramore!

Een immens kreativen an talentéierte Kapp – mat orangen Hoer

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 2
Neiegkeeten

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 2

[onionbuzz quiz-id=64][/onionbuzz] Lëtzebuerg ass zwar kleng, mee dat heescht net,

Rosa Oktober 2019: Déi 17. Editioun vum Broschtkriibslaf
Neiegkeeten

Rosa Oktober 2019: Déi 17. Editioun vum Broschtkriibslaf

Broschtkriibs ass eng vun de weltwäit am heefegsten diagnostizéiert Kriibsaarte

Avis fir de Public: https://hellef.esch.lu – déi nei Plattform vun der Stad Esch, mat Offeren zu Informatioun an Hëllef fir vulnerabel an/oder elengstoend Persounen am Alldag

Avis fir de Public: https://hellef.esch.lu – déi nei Plattform vun der Stad Esch, mat Offeren zu Informatioun an Hëllef fir vulnerabel an/oder elengstoend Persounen am Alldag

Um haitegen Dënschdeg huet d‘Stad Esch Uelzecht eng nei elektronesch Plattform lancéiert, fir géint d‘Ausbreedung vun der Infektiounskrankheet Coronavirus Covid19 unzegoen an d‘Solidaritéit tëscht de Bierger ze fërderen. Op „https://hellef.esch.lu“ fannt dir ab elo all déi Instrumenter, esouwuel lokal, wéi national, fir d‘Progressioun vum Virus a der heimat verbonnener Krankheet, besonnesch an der sougenannter Risiko-Populatioun, ze bremsen.

De Site https://hellef.esch.lu versammelt fir unzefänken d‘Kontakter an d‘Adressen (lokal & national) vun allem wat wichteg ass, esou beispillsweis alles d‘Santé an d‘Regierung betrëfft. Hei fannt dir dann och all déi wichteg Kontakter vun der Gemengeverwaltung vun der Stad Esch Uelzecht. Op enger weiderem Deel vun dësem Site, fannt dir och all déi Restauranten a Geschäfter, déi bei iech Heem liwweren, oder wou een eppes ewech huele kann.

Eng zweet Rubrik vum Site ass spezifesch op ee Liwwerdéngscht bezunn, deen de Persounen déi ee Risk hunn, virbehalen ass. Iwwert elektronesch Formulairen, proposéiert iech de Site, fäerdeg gekachte Platen oder Liewensmëttel op lokalem Plang ze bestellen. Zousätzlech gëtt hei och eng Verbindung zum nationale Site https://corona.letzshop.lu ugebueden.

Déi drëtt Rubrik dann, versammelt all d‘Informatiounen an nëtzlech Lienen zu de solidareschen Demarchen an d‘Instrumenter déi dozou gehéieren, esou beispillsweis d‘Plattform „GoldenMe“. All déi Leit/Associatiounen/Veräiner asw… déi sech géigesäiteg ënnerstëtze wëllen, fannen hei déi noutwenneg Kontakter.

D‘Servicer vun der Plattform https://hellef.esch.lu kann een och iwwer Telefon erreechen: 2754 2210, dat awer nëmme vu Méindes bis Freides vun 9 bis 12 Auer a vun 13 bis 16 Auer.

D‘Visiteure vum Site https://hellef.esch.lu fannen hei och d‘Lienen zu de verschidden Informatiounskanäl vun der Stad Esch, also déi sozial Netzwierker, Internetsäiten, esou wéi och ee link zum Informatiounskanal vun EschTV, deen iech all Dag um 18 Auer (um 20 Auer an der Rediffusioun) mat senger Sonnersendung zum Covid19 Rendez-vous gëtt.

Matgedeelt vun der Stad Esch, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Akshay Paatil / unsplash

Related topics Avis au Public, Coronavirus, Covid19, Esch-Uelzecht, Plattform
Next post Previous post