Search

You may also like

Stad Lëtzebuerg: Vereedegung vun 61 Fonctionnairen
Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Vereedegung vun 61 Fonctionnairen

E Freideg huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer 61 nei Fonctionnairen

Den 100. Gebuertsdag vum Här René Frantz
Neiegkeeten

Den 100. Gebuertsdag vum Här René Frantz

Um 8. Mee 1921 ass den Här René Frantz op

Net nëmmen an der Belsch
Neiegkeeten

Net nëmmen an der Belsch

Ob dat bestoend, also gültegt Covid19-Gesetz op enger zolitter juristescher

Avis fir de Public: D‘Ligue Médico-Sociale reduzéiert seng Servicer

Avis fir de Public: D‘Ligue Médico-Sociale reduzéiert seng Servicer

Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun, sinn d‘Zentre vun der Ligue Médico-Sociale nach just iwwer Telefon (Moies vun 8 bis 12 Auer) oder mëttels enger e-Mail un help@ligue.lu.

Säit dem 24. Mäerz bleiwen all Consultatiounen zou, an dat bis op weideres. Betraff dovunner sinn:

  • D‘Consultatioun fir Erkrankunge vun den Otemweeër (Fir d‘Demandeure vum internationale Schutz, Openthaltsgenehmegungen, Convocatiounen, Kontroll…);
  • d‘Consultatioun fir d‘Bëbeeën a kleng Kanner;
  • d‘Seance vun „Info-Santé“;
  • d‘Course fir Bëbeeë-Massage an/oder d‘Kachcoursen;
  • d‘Consultatioun fir Diätiker;
  • d‘Consultatioun fir d‘Fëmmerten.

De soziale Begleet-Service, de sozialen Déngscht vun der Schoulmedezin an den Informatioun- a Berodungsdéngscht ëm Kader vum Surendettement, kann ee Moies iwwer Telefon, oder per e-Mail erreechen.

Fir all Froen déi Soziales betreffen, kontaktéiert w.e.g. den 8002 9898 (gratis)

Matgedeelt vun der Ligue Médico-Sociale, fräi aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics Coronavirus, Covid-19, Ligue Medico-Sociale, SARS-CoV2
Next post Previous post