Search

You may also like

Kosovo: 20 Joer an (nach) keng Gerechtegkeet
Neiegkeeten

Kosovo: 20 Joer an (nach) keng Gerechtegkeet

Géint den Hashim Thaci, President vum Kosovo, huet den internationale

Keen ëffentlechen Transport op Ouschterméindeg
Neiegkeeten

Keen ëffentlechen Transport op Ouschterméindeg

Duerch déi aktuell Situatioun mam Covid-19 si weider Upassungen am

Groussbritannien huet e… Mayxit!
Neiegkeeten

Groussbritannien huet e… Mayxit!

Endlech huet d‘Theresa May agesinn, datt hir Politik op kee

D’VDL a Volvo danzen den Elektro-Danz

D’VDL a Volvo danzen den Elektro-Danz

Gëschter huet d’Stad Lëtzebuerg houfreg seng 10 nei elektresch Bussen vun der AVL-Flotte presentéiert. D’Linnen 9 a 14 iwwerzeegen esou net nëmmen duerch d’Aspuere vun CO2, mee sollen der Haaptstad och nach méi Qualitéit ginn, well si quasi kee Kaméidi maachen.

D’Busse vum Typ Volvo CE 7900 E sinn 12 Meter laang a kënne jeeweils 86 Passagéier transportéieren. Mat hirer Batterie vun 264 kWh sollen d’Gefierer bis zu 200 Kilometer um Stéck fuere kënnen. Ma, wärend dem Tour kënnen se un der OppCharge-Statioun beim Arrêt Cents-Waassertuerm oder iwwert Combo2-Systemer geluede ginn.

„D’Stad Lëtzebuerg huet grouss Ambitiounen a Saachen CO2-Reduktioun. E wichtege Moyen fir dëst Zil ze erreechen ass et all d’Busser, déi mat Kraaftstoff lafen, duerch elektresch Busser ze ersetzen tëscht 2025 an 2030“, heescht et an der Matdeelung vun der Stad Lëtzebuerg.

elektresch Bussen© VDL Fotothéik / Charles Soubry

An dësem Kader hu si ausgerechent, datt d’AVL-Bussen all Joer ëm 13,7 Millioune Kilometer, also pro Dag ongeféiert een Tour ronderëm d’Äerd, fueren. Ënnert den ausgestoussenen Emissiounen leit besonnesch d’Loftqualitéit, virun allem um Boulevard Royal an am Garer Quartier.

Ma, kuckt een sech d’Linnen 9 a 14 un, esou verbrauchen dës Gefierer jeeweils 40 Liter Diesel op 100 Kilometer, leeën am Joer ongeféier 1,1 Millioune Kilometer zeréck. Der Rechnung vun der VDL no, ginn esou ëm 301.000 Liter Kraaftstoff an 1.161 Tonnen CO2 agespuert.

elektresch Bussen© VDL Fotothéik / Charles Soubry

De Patrick Goldschmidt, Schäffen vu der Stad Lëtzebuerg, ass iwwerzeegt de Raum gläichzäiteg méi propper a roueg ze gestalten, wat souwuel fir d’Residenten, wéi och fir d’Visiteuren méi Liewensqualitéit an e gesteigert Wuelergoen bedeit. Nodeems eréischt e Sonndeg den neie Streckenofschnëtt vum Tram ageweit ginn ass, sollen no an no déi weider ëffentlech Transportmëttel op Nohaltegkeet getrimmt ginn.

Déi elektresch AVL-Bussen entspriechen de Kritären vum Europäesche Fong fir regional Entwécklung (FEDER), deen intelligent, nohalteg an inklusive Wuesstem am Sënn vun den europäeschen Ziler ënnerstëtzt. An dësem Kader huet de Wirtschaftsministère, dee fir d’Gestioun vun de Fongen responsabel ass, 3 Milliounen Euro zur Verfügung gestallt.

D’Beméiungen an innovativ Demarche vun der VDL si sécherlech luewenswäert. Datt d’Lithium-Ionen-Batterien wéinst hirer schlechter Ëmweltbilanz an der problematescher Entsuergung an der Kritik stinn, misst awer och de Stater Schäffen- a Gemengerot sech bewosst sinn. Hei ass d’Redaktioun scho ganz gespaant, Äntwerten op méi detailléiert Froen zu de Batterien ze kréien.

Opmaacherbild: © VDL Fotothéik / Charles Soubry

Related topics CO²-Emissiounen, Ëffentlechen Transport, Elektresch Bussen, FEDER, Lithium-Ionen-Batterie, Lydie Polfer, Oplueden, Patrick Goldschmidt, Stad Lëtzebuerg, VDL, Volvo CE 7900 E
Next post Previous post