Search

You may also like

Haislech Gewalt zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Haislech Gewalt zu Lëtzebuerg

Datt de Confinement sech och am Kontext vun der haislecher

Trump-Diplomatie vum feinsten
International Neiegkeeten

Trump-Diplomatie vum feinsten

Nodeems den Donald Trump sech gëschter fir de Boris Johnson

Stade de Luxembourg – Éischt Matcher fir Mäerz 2021 virgesinn
International Neiegkeeten

Stade de Luxembourg – Éischt Matcher fir Mäerz 2021 virgesinn

Den neie Lëtzebuerger Stadion, oder och offiziell, kloer an einfach

Gréngt Gold: Ofholzung a Waassermangel fir eis luxuriéis Bedierfnisser

Gréngt Gold: Ofholzung a Waassermangel fir eis luxuriéis Bedierfnisser

Ob als Guacamole, am Smoothie oder och pur – d’Avocado ass mëttlerweil net méi vun eisen Telleren ewech ze denken. Déi sougenannt Botterbier ass dobäi net nëmmen immens lecker, mee och nach gesond. Mat der steigender Nofro sinn allerdéngs och d’Problemer, déi a Verbindung mat der Fruucht stinn, gewuess. De Kampf ëm dat Gréngt Gold geet weider.

D’Avocado huet hiren Ursprong a Südmexiko. Säit iwwer 10.000 Joer soll d’Fruucht ugebaut a souwuel an der Ernierung, wéi och an der Heelung genotzt ginn. Am 16. Joerhonnert waren et spuenesch Entdecker, déi d’Botterbier an de Rescht vun der Welt bruecht hunn. Awer eréischt säit e puer Joer huet sech ee richtegen Hype ëm d’Avocado opgebaut.

Duerch seng super Nierwäerter a gutt Fetter gëtt si och als Superfood bezeechent. Leider muss een feststellen, datt mat der erhéichter Produktioun och immens vill Krimineller ugezu ginn. D’Baueren kloen, datt si 30% vum Akommes ewech geholl kréien, an all Dag mat Entféierungen a Morden rechne mussen. Mat der Zäit wollten déi kriminell Organisatiounen net nëmmen d’Land, mee och de ganze Besëtz vun de Landwirten u sech rappen. Esou kann ee scho bal soen, datt am Ubau vun der Avocado ähnlech mateneen ëmgaange gëtt, wéi bei illegale Substanzen.

Avocado

Vun Ofholzung a Waassermangel

Dëst sinn – wéi ee leider feststelle muss – nach net déi eenzeg Problemer a Mexiko. Nieft den ellene Konditioune fir d’Mënschen a Südamerika ginn illegal Beem a ganz Bëscher ofgeholzt, fir esou den Avocado-Planze ausräichend Plaz ze bidden. Wat net ganz zerstéiert gëtt, dat muss beschiedegt ginn. Schlussendlech kann een dëse Virgank als eng Gefor fir dat ekologescht Gläichgewiicht astufen.

Déi fetteg Fruucht ass an hirer Liewenszäit immens duuschtereg. Fir den idealen Ubau ze garantéieren ginn riseg Basengen a Waasserreservoire gebaut. Ëm déi wäertvoll Avocado këmmert ee sech am Endeffekt méi, wéi ëm dat eegent Vollek, déi dat d’Waasser virun der Nues ewech geholl kréien. An awer kommen ronn 50% vun allen Avocadoen, déi bei eis verkaaft ginn, aus gewaltgeploten Géigenden.

De Fazit ass, datt net eleng d’Natur, mee och d’Baueren fir eis luxuriéis Verhältnisser leide mussen an all Dag mat Angscht un hir Aarbecht ginn. Ee südamerikaneschen Ëmweltschützer huet Folgendes erkläert: „Mexiko verschierbelt seng Loft a säi Waasser un de Rescht vun der Welt.“ De Boom ëm dat Gréng Gold geet trotzdeem weider. A fir vill Leit aus den Ubauregiounen bleift d’Avocado weiderhin net bezuelbar an ee Privileeg fir déi westlech Kultur.

Related topics Avocado, Gréngt Gold, Kriminell Organisatiounen, Mexiko, Ofholzung, Südamerika
Next post Previous post