Search

You may also like

Pipo Peng: D’Mega-Jick
Neiegkeeten

Pipo Peng: D’Mega-Jick

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

75 Joer „Fridden“ an Europa (Analys)
Neiegkeeten

75 Joer „Fridden“ an Europa (Analys)

Aus de bekannte Grënn gëtt haut d‘Enn vum zweete Weltkrich

US-President dreet Truppen aus Westpfalz ofzezéien
Neiegkeeten

US-President dreet Truppen aus Westpfalz ofzezéien

Och wann et richteg ass, datt sech den US-President um

Awareness Ribbons: Wat stécht hannert de faarwege Schläifen?

Grad haut um Weltkriibsdag gesäit een zuelräich Biller vun der bekannter Schläif. Mëttlerweil ass et zum Brauch ginn, dës Fletsch als Zeeche vu Solidaritéit a Bäistand ze weisen an ze droen. Méi wéi 50 verschidde Faarwe mat verschidde Bedeitungen existéieren aktuell, mee wat bedeite si eigentlech genau?

Uerg Krankheeten huelen net nëmmen d’Patienten, mee och dat not Ëmfeld mat. Fänkt een un iwwert déi jeeweileg Erkrankung ze recherchéieren, kann dat hëllefen besser mat der Diagnos kloer ze kommen an och aner Persounen ze informéieren.

Enger amerikanescher Seechen no ass de Brauch vun der gieler Solidaritéitsschläif an de 70er Joren duerch d’Gefaangenschaft vun engem Zaldot aus de Südstaaten opkomm. Inspiréiert vun engem Lidd, an deem et heecht „Tie A Yellow Ribbon Round The Ole Oak Tree“ – also „Stréck e gielt Band ëm déi al Eech“ – ass seng Fra der Opfuerderung nogaangen. Engem Reporter huet si uschléissend erkläert, dass si domat en Zeeche vun der Verbonnenheet mat den Zaldoten setze wollt a sech wënscht hire Mann erëm ze gesinn.

Scho kuerz drop huet dës Aktioun sech ronderëm geschwat an ëmmer méi Mënschen hunn mat de Schläifen Solidaritéit bewisen, wat sech schliisslech och an déi verschiddenst Beräicher ausgebreet huet.

Besonnesch bekannt ass hautdesdaags déi rout Schläif. Si soll d’Solidaritit mat HIV-Infizéierten an AIDS-Erkrankten weisen. Dat schwaarzt Band steet a kengem Zesummenhang mat enger bestëmmter Krankheet, mee dréckt generell e Gefill vun Trauer aus. Besonnesch bei onnatierlechen Doudesursaachen, wéi beispillsweis engem Terroruschlag oder Selbstmord, gëtt dës Faarf oft benotzt.

Awareness Ribbon: Solidaritéit mat Kriibspatienten

Eleng am Beräich vun de Kriibserkrankunge ginn et zuelräich Faarwe fir déi verschiddenst Zorte vu Kriibs. Hei fannt Dir d’Erklärungen dozou:

  • Lavendel: All Kriibszorten
  • Rosa. Broschtkriibs
  • Gold: Kriibs bei Kanner
  • Gro: Gehirtumor
  • Wäiss: Longekriibs
  • Giel: Knachekriibs
  • Orange: Leukemie an Nierekriibs
  • Orchidée: Hodenkriibs
  • Mof: Bauchspeicheldrüsekriibs an Leiomyosarkom
  • Däischterblo: Daarmkiibs
  • Helloblo: Prostatakriibs
  • Blo-Gréng: Eeërstackkriibs
  • Smaragdgréng: Liewerkriibs
  • Limonegréng: Lymphdrüsekriibs

Uewen fannt Dir och eng Billergalerie zu de verschidde Faarwe bei de Kriibsschläifen. Späichert se an deelt se op de soziale Medien.

Related topics Awareness Ribbon, Bedeitung, Erklärung, Faarwe, HIV, Kriibs, Schläifen, Solidaritéit, Zaldot
Next post Previous post