Search

You may also like

En Englänner zu Paräis
Neiegkeeten

En Englänner zu Paräis

Et sinn nach ronn 70 Deeg bis zum Brexit an

Hongereg Gefor: Den Äisbier ouni Äis!
Neiegkeeten

Hongereg Gefor: Den Äisbier ouni Äis!

Den Äisbier braucht dat arktescht Mieräis fir Robben ze joen.

Rockefeller Center: Grousse Chrëschtbeemchen, klenge Bewunner
Neiegkeeten

Rockefeller Center: Grousse Chrëschtbeemchen, klenge Bewunner

Och d’Feierdeeg am Wanter ginn an den USA am XXL-Format

Aweiung vun der Kläranlag zu Gréiwemaacher

Energieeffizient an ëmweltschounend ass dat neit Klärwierk zu Gréiwemaacher, wat elo d’Gemenge vun der Ënnermusel versuergt. Leschte Freideg gouf de Projet endlech ageweit.

De Bau vun der regionaler Kläranlag, déi elo d’Gemenge Mäertert, Stadbriedemes, Wuermeldeng, Lenneng a Gréiwemaacher versuergt, ass scho laang virun der Grënnung vum SIDEST, Ofwaasserverband vun 23 Membergemengen, ugeschwat ginn.

Den offizielle Startschoss vum Projet war den 1. Mäerz 2013. Duerch den Aarbechtsopwand konnt gläichzäiteg och „Route du Vin“ sanéiert an een neie Vëloswee gebaut ginn.

D’Käschte fir de Bau vum Klärwierk, mat Verleeung vum Kanalnetz vun der Ënnermusel, leie bei 123,5 Milliounen Euro. Dovun dréit den Ministère fir nohalteg Entwécklung 83,8 Milliounen Euro fir d’Waasserwirtschaftsverwaltung (AEG) a 5,8 Milliounen Euro fir de Ponts et Chaussée. Déi rechtlech Käschte ginn ënnert den ugeschlossene Gemenge jee no Verdeeleruschloss opgedeelt.

Alles um héchste Stand vun der Technik

D’Gemengen hate genau Fuerderungen zum Projet gestalt, wëll d’Anlag sech ganz no un der Uertschaft Gréiwemaacher befënnt. Sou dierft et net zu Gerochsstéierungen oder ze vill Kaméidi kommen. Aus dësem Grond ass d’Anlag komplett iwwerdaacht ginn an héich techneschen Ofloftbehandlungsanlagen ausgestatt. Hei gëtt d’Loft vum gesamte Klärwierk duerch UV-Stralung an Aktivkuelfilteren behandelt.

Alleguer d’Informatioune fannt Dir HEI.

Related topics François Bausch, Kläranlag, Musel, Ofwaasser
Next post Previous post