Search

You may also like

dislikesurprise
Editorial: Eng bosseg politesch Konstellatioun
Neiegkeeten

Editorial: Eng bosseg politesch Konstellatioun

Am spéiden Nomëtteg huet d‘adr, déi Alternativ Demokratesch Reformpartei, gëschter

Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un
Neiegkeeten

Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un

Haut de Mëtteg konnt um Findel den éischte vun zwee

D’DP trauert em de Paul Helminger
Neiegkeeten

D’DP trauert em de Paul Helminger

Mam Paul Helminger verléiert Lëtzebuerg e Politiker, deen d’Land an

Aweiung vum Zukunftsbësch: 101 Beem vum a fir d’Liewen

Leschte Samschdeg sollt ee freedege Moie bereet halen: Ronn 100 Leit hunn un der Aweiung vum sougenannten Zukunftsbësch, mat sengen 101 Uebstbeem, deelgeholl. Wie grouss denkt, dee ka villes beweegen, an esou konnt op Initiativ vum Paul an dem Julie, der Zouversiicht vun honnerte groussaartege Spender, sou wéi den oppenen Ärem vun der Gemeng Tandel an dem Syndicat d’Initiative dëse besonnesche Bongert als Undenken un eis Grousselteren a Léifst iwwerhaapt erméiglecht ginn.

Nodeems am leschte Joer de Paul Galles duerch eng spontan Iddi 100 Postkaarte fir dem Bopa Félix säi fantasteschen 100. Gebuertsdag zesummekréie wollt, et der schliisslech awer ee gutt Stéck méi gi sinn, goufe scho Pläng fir den nächste grousse Coup entwéckelt. „De Bopa huet gelieft vun den 2.500 Kaarten“, sou de Paul, deen zesumme mam Julie reegelméisseg déi häerzlech Noriichte virgelies huet.

Zukunftsbësch

© Shari Pleimelding/moien.lu

Et war een immense Cadeau fir de fréiere Schoulmeeschter. Elo sollt eppes Groussaarteges fir jiddwereen, a virun allem fir eis Grousselteren entstoen: De Bongert, bei deem d’Fruucht symbolesch fir de Mënsch steet, bitt dobäi net nëmmen ee schéine Bléckfang op der Vëlospist zu Bettel, mee och nach eng Kombinatioun aus Uebst, Faarwen, Liewen a Raum fir Insekten. Donieft sinn op enger Plack iwwer 800 Nimm veréiwegt, un déi op dëser Plaz geduecht soll ginn. Wéi de Paul um Samschdeg Moien ënnerstrach huet, kënnt deemnächst nach ee QR-Code dobäi, iwwert deen een weider Nimm op eng virtuell Lëscht setze kann.

Finanzéiert gëtt d’Aktioun duerch Donen. Ass een dem Opruff op Facebook nogaangen, esou war een net verflicht ee bestëmmte Betrag beim sozial inklusive Projet ze spenden. Et sollt ee ginn, wat ee wollt. Mat ronn 300 Spender sinn am Endeffekt ongeféier 18.000 € zesumme komm. Wat mam Rescht vun dëser riseger Zomm geschitt, gëtt zesummen op Facebook decidéiert. Fir d’Fréijoer ass elo schonn ee Picknick geplangt.

Zukunftsbësch

De Buergermeeschter vun Tandel, Ali Kaes © Shari Pleimelding/moien.lu

Ee soziale Projet fir eng sozial Gemeng

Och de Buergermeeschter Ali Kaes wollt sech dëse spezielle Moment op der Vëlospist zu Bettel net entgoe loossen. Mat enger Gemeng vu 4300 Hektar, 2200 Awunner, enger immenser Opgeschlossenheet an der Ëmsetzung vun diverse sozialen an inklusiven Aktiounen, konnt dem Paul seng Iddi hei direkt groussen Uklang fannen.

Et wier een immens houfreg als Gemeng, fir dëse Projet gefrot gewiescht ze ginn an elo d’Resultat vu ville Virbereedungsaarbechten ze gesinn. Esou géif een dem Bopa nach vill Gebuertsdeeg dobäi wënschen.

Einfach emol genéissen

Wisou ee sech net fir ee richtege Bësch entscheet huet, konnt de Fierschter Jo André méi no erklären. Beim Planze wieren déi 101 Beem nämlech no beienee gesat ginn a spéider hätt een eventuell nees missen een Deel eraus geheien, wat natierlech net am Sënn vum Zukunftsbësch gewiescht wier. Anescht sinn do d’Uebstbeem, bei deenen ee vu schnelle Resultater an hirer Laangliewegkeet profitéiere kann. Esou stinn elo ganzer 44 Äppel-, 28 Bieren-, 20 Steenuebst- a 9 Kiischtebeem, déi a 5 Joer hir éischt Friichten droe wäerten.

Ee weidere Gedanken hannert dem Bongert soll d’Entspanung an der Natur sinn. Wie mam Vëlo laanscht fiert oder och einfach bei engem Trëppeltour eng Auszäit vum Alldag wëll hunn, dee ka vun der Ästhetik, der Rou an dem Uebst profitéieren. D’Beem goufen esou gewielt, datt zu all Moment wéinstens eng Zort droe soll an net nëmmen den Zukunftsbësch, mee och seng Produkter sollen der Gemeinschaft déngen.

Zukunftsbësch

De Fierschter Jo André © Shari Pleimelding/moien.lu

Ee gelongenen Optakt

Zesumme mat der Motivatioun vun de Kanner, déi an hirem éischten Job als Gaardenaarbechter Professionalitéit ausgestraalt an zwee jonk Beem gekonnt am Buedem versenkt hunn, konnt ee symboleschen Ofschloss vun den éischten Aarbechte gemaach ginn. Elo ass et un den Uebstbeem fir ze wuessen, u Stäerkt ze gewannen an deemnächst mat éischte Friichten ze begeeschteren. No enger ausgedeenter Visitt vum Bongert ass et schliisslech zeréck op d’Betteler Gare gaangen, fir op dësen exemplareschen Dag unzestoussen.

Op vill weider Joer fir de Bopa Félix, op de Wuesstem fir den Zukunftsbësch an op d’Dankbarkeet un all eis Léifst!

D’Billergalerie fannt Dir iwwregens uewen – Fotoen: Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics #Zukunftsbësch, 101 Beem fir eis all, Ali Kaes, Bongert, Bopa Félix, Dankbarkeet, Grousselteren, Jo André, Paul Galles
Next post Previous post