Search

You may also like

Kommt all an de Mariendall
Kultur Neiegkeeten

Kommt all an de Mariendall

E Sonndeg de 15. September mécht de Jugendzentrum am Mariendall

Viru 35 Joer: Def Leppard verëffentlecht „Pyromania“
Kultur Neiegkeeten

Viru 35 Joer: Def Leppard verëffentlecht „Pyromania“

Haut viru 35 Joer koum den drëtten Album vun der

D‘Naturverwaltung kéint Ënnerstëtzung gebrauchen
Kultur Neiegkeeten

D‘Naturverwaltung kéint Ënnerstëtzung gebrauchen

Wéi et säitens der Naturverwaltung (ANF) matgedeelt ginn ass, wier

Awer elo eng Schueberfouer 2020?

Awer elo eng Schueberfouer 2020?

Dat gréisst nationaalt Volleksfest, dat vum 21. August bis den 9. September 2020 stattfanne sollt, ass definitiv ofgesot. Duerch d’Kombinatioun aus der Pandemie an der grousser Unzuel u Visiteuren wier et net responsabel d’Schueberfouer an dësem Joer ze organiséieren. Ma, fir awer e bëssen d’Fouer-Gefill ze kréien géif een e bëssen Animatioun, verdeelt an der Stad Lëtzebuerg, a Betruecht zéien.

D’Schueberfouer am eigentleche Sënn, mat iwwer 200 Geschäfter, verdeelt op 4,44 Hektar um Glacis wäert et dëst Joer net ginn. Beim City Breakfast gëschter gouf awer matgedeelt, datt ee géif versichen Animatioun duerch e puer Karusseller an Iessbuden an de verschidde Stater Quartieren anzebréngen. Heibäi mussen awer och d’Forrainen matmaachen.

Achterbunnen, Riserad an dausende Mënschen op engem Koup sollt ee sech soumat net erwaarden. Genee Detailer ginn Mëtt Juli presentéiert.

Opmaacherbild: © Martine de Lagardère/moien.lu 

Related topics Animatioun, City Breakfast, Gemengerot, Jang de Blannen, Karoussell, nationaalt Volleksfest, Ofso, Schueberfouer
Next post Previous post