Search

You may also like

ALTIN GÜN – De 14. Februar an der Kulturfabrik!
Neiegkeeten

ALTIN GÜN – De 14. Februar an der Kulturfabrik!

Et ass türkesche Psychedelic Rock, zu deem een einfach wibbele

Regional Traditiounen a Produiten um 30. Munzer Haupeschmaart
Neiegkeeten

Regional Traditiounen a Produiten um 30. Munzer Haupeschmaart

Et ass scho fir déi 30. Kéier datt d‘Robbesscheier iech

No Uschëllegunge vum LFR: De Minister Asselborn erkläert d’Situatioun
Neiegkeeten

No Uschëllegunge vum LFR: De Minister Asselborn erkläert d’Situatioun

Nodeems de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot (LFR) gëschter mat engem Schreiwes op

Awuer Fausti – Um Biisser Bëschkierfecht kann een him gedenken

Awuer Fausti – Um Biisser Bëschkierfecht kann een him gedenken

Am enke Krees vun der Famill gouf de Faustino Cima, deen zu Lëtzebuerg ënnert dem Numm Fausti als Kultfigur opgetrueden ass a mat sengem Humor an Talent Jonk an Al begeeschter huet, gëschter um Biisser Bëschkierfecht begruewen. Mat dobäi waren de Buergermeeschter David Viaggi an de Fierschter Serge Reinardt.

D’Gemeng Biissen deelt an dësem Kader mat, dass een dem beléifte Multitalent natierlech Äddi soen dierf kommen, esou laang déi sanitär Reegelen agehale ginn. De Fausti, a mat him och ee Stéck Lëtzebuerger Kultur, gouf beim Bam Nr. 5 um Geich Bëschkierfecht bäigesat.

Beréierend ass, dass och bei sengem Haus zu Teneriffa mat engem Message op der Mauer, sou wéi Käerzen un den Entertainer geduecht gëtt. Lëtzebuerger, déi op der spuenescher Insel sinn, respektiv nach dohi fléien, hunn ënnerstrach, dass och si e klengen Akt vum Respekt a Merci op der Plaz leeschte wäerten.

Fausti
© John Streff / Facebook

Sief et och just e klengen Trouscht fir d’Famill an enk Frënn, esou eng Undeelnam vum ganzen Heemechtsland beweist, wéi beléift a gär gesinn de Fausti war, an dass hien duerch seng Musek a Filmer an eisen Häerzer viru lieft.

De Faustino Cima ass um 20. Februar 2021 am Alter vun 80 Joer gestuerwen. De Solo-Kënschtler ass virun allem fir Lidder wéi „Zwou Bulle Mokka“, „Moss am Bic“ oder och „Pretty Belinda“ bekannt.

Opmaacherbild: © Gemeng Biissen

Related topics Äddi soen, Begriefnis, Biisser Bëschkierfecht, David Viaggi, Entertainer, Fausti, Serge Reinardt, Teneriffa
Next post Previous post