Search

You may also like

LVI Beliichtungscheck: Luucht un, och um Vëlo!
Neiegkeeten

LVI Beliichtungscheck: Luucht un, och um Vëlo!

Um Donneschdeg, de 7. November 2019 organiséiert d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI),

Nëmmen e Profi packt et, méi wéi 7 Richteger an eisem Verbe-Quiz ze kréien!
Neiegkeeten

Nëmmen e Profi packt et, méi wéi 7 Richteger an eisem Verbe-Quiz ze kréien!

[onionbuzz quiz-id=150][/onionbuzz] Hannert eise Verbe verstoppen sech heiansdo di gréissten

D‘Reform vun den Autorerechter an der EU geet op e Kompromëss zou
Neiegkeeten

D‘Reform vun den Autorerechter an der EU geet op e Kompromëss zou

Et ass scho vill Tënt gefloss an esou munch Tastatur

Baby Hotline – Eng wichteg Nummer an Ulafstell fir Elteren

Baby Hotline – Eng wichteg Nummer an Ulafstell fir Elteren

Schonns viru 35 Joer ass d’Baby Hotline vun der Initiativ Liewensufank gegrënnt ginn. De gemengnëtzege Veräi wëll domat d’Bedéngunge ronderëm d’Eltereschaft an d’Gebuert verbesseren an ass soumat eng wichteg Ulafstell fir (zukünfteg) Elteren. Si ënnerstëtzen a begleeden dës mat all néidegen Informatiounen.

An dozou gehéiert d’Baby Hotline. De Service, deen sech un d’Eltere riicht, kascht näischt. Si kënnen dohinner uruffen, wa Froen zu der Gebuert, dem Stëllen, dem Alldag oder gesetzleche Bestëmmungen bestinn. Et ass dacks net einfach – an esou fillen d’Elteren sech manner eleng a kréien déi Berodung déi de Moment néideg ass.

Dobäi sief erwäänt, datt wärend der Pandemie méi Uriff wéi gewinnt registréiert gi sinn. Et war eng allgemeng grouss Onsécherheet ze spieren. Ma, d’Ekipp aus erfuerene a speziell ausgebilte Fachfraen, déi sämtlech Informatioune vertraulech an anonym behandelen, konnt dës Situatioun gutt meeschteren.

Vill zukünfteg Mammen hu sech eleng gefillt. De Papp huet net bei den Ënnersichungen dobäi sinn, d’Mamme goufen no der Gebuert ze séier aus dem Spidol entlooss – et war keng einfach Zäit. An duerch de Lockdown waren verschidden Ulafstelle schwéier ze erreechen, dofir war et ganz gutt, datt d’Mataarbechter vun der Baby Hotline hiren Déngscht vun doheem aus konnte maachen – an e souguer ausbauen. Et war och méiglech si wärend de Schoulvakanzen ze erreechen.

Dobäi war de Message: „Mir si fir Iech do!“

A genee dofir ass et der Initiativ Liewensufank wichteg, datt (zukünfteg) Eltere wëssen, datt si sech op der Hotline melle kënnen an ëm Rot oder Hëllef froen. An dësem Kader gouf eng Campagne gestart, mat Annoncen a Poustere gëtt op d’Baby Hotline opmierksam gemaach. Wann een der Meenung ass, datt een Hëllef brauch – wat méi fréi, wat besser.

Erreeche kann een d’Hotline ënnert der Telefonsnummer 36 05 98 oder per E-Mail u berodung@liewensufank.lu.

Opmaacherbild: © Dakota Corbin / unsplash

Related topics Baby Hotline, Berodung, Elteren, Informatiounen, Initiativ Liewensufank, Schwangerschaft, Stëllen
Next post Previous post