Search

You may also like

Näischt Neies, an awer gutt genuch: Set it up ass eng ënnerhalend Romcom
Neiegkeeten

Näischt Neies, an awer gutt genuch: Set it up ass eng ënnerhalend Romcom

Netflix probéiert zënter enger gudder Zäit schonn, sech als Filmproduzent

Editorial: ADEM? Wat leeft?
Neiegkeeten

Editorial: ADEM? Wat leeft?

Nodeems dann elo erwisen ass, datt et och op der

money
De Pierre Gramegna stellt sech der Finanzkommissioun
Neiegkeeten

De Pierre Gramegna stellt sech der Finanzkommissioun

Et ass kengem entgaangen, datt mir 2020 hannert eis gelooss

Petitiounen: Baby Years, Pass a méi

Nei Petitioune kënnen ënnerschriwwe ginn

Petitiounen: Baby Years, Pass a méi

Ab haut kann een erëm nei Petitiounen ënnerschreiwen. Dës Kéier sinn et der fënnef, déi versichen, op mannst 4.500 Ënnerschrëften zesummen ze kréien. Mir hunn eis ugekuckt, wourëm et geet.

Bei de Baby Joren soll d’Period iwwerschafft ginn, fuerdert emol eng vun dësen neie Petitiounen.  Esou sollen dës vun 24 Méint op 48 Méint erop gesat kënne ginn, soulaang d’Kand mi jonk ass wéi 4 Joer. A besonnesche Fäll sollen dës och op 72 Méint ausgebaut kënne ginn.

Bei den Chèques Services wëllt eng Petitioun erreechen, datt den neie Partner, deen net e biologeschen Elterendeel ass, net bei der Berechnung vum Gesamtakommes vum Stot matgerechent gëtt. Dëst hätt en Afloss doropper, wéi vill Uspréch ee bei de Chèques Services hätt.

Eng weider Petitioun setzt sech dofir an, datt de Passeport net 5 Joer laang gëlteg ass, mee 10 Joer. Begrënnung vum Petitionnaire: “wann ee schonn erwuessen ass, ännert ee sech jo elo net sou krass, ausser ausnamsweis villäicht, dann misst een de Passeport nei maachen.” [sic]

Ëm d’Aarbechtszäit geet et engem weidere Petitionnaire. Hie wëll, datt Betriber mat mindestens 10 Employéeën dozou verflicht ginn, Apparater fir d’Erfaasse vun der Aarbechtszäit ze installéieren. Domat wëll en de massiven Iwwerstonnen entgéint wierken. Eng lescht Petitioun setzt sech fir de Plafonnement vun de Loyeren an.

 

 

Related topics Lëtzebuerg, Petitiounen
Next post Previous post