Search

You may also like

Aarbechtsaccident op der Zuchstreck Lëtzebuerg-Diddenuewen
Neiegkeeten

Aarbechtsaccident op der Zuchstreck Lëtzebuerg-Diddenuewen

Wéi d‘Police de Moie matgedeelt huet, ass et op der

Fënnef Doudeger no Messerattack a Paräisser Prefektur
Neiegkeeten

Fënnef Doudeger no Messerattack a Paräisser Prefektur

Op der Île de la Cité (4. Arrondissement) zu Paräis

Transportminister verleet den 1. Mäerz op den 29. Februar
Neiegkeeten

Transportminister verleet den 1. Mäerz op den 29. Februar

Eppes éischter wéi eigentlech geplangt, gëtt d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport

Bachelor an 3D-Animatioun

Bachelor an 3D-Animatioun

Molen, oder wéi een et méi richteg sollt definéieren: Zeechnen; dat ass scho méi laang eppes méi wéi just nëmme Konscht, och wann d‘Kreatioun nach ëmmer d‘Grondlag ass. Am Kontext vun der Entwécklung vun den neien Technologien, an engem ëmmer gréissere Besoin, sief dat am Beräich Film oder e-Sports, kann een elo 3D-Animatiounszeechnen och hei am Land studéieren.

Et ass dann elo méiglech, ee sougenannte Bachelor-Diplom an 3D-Animatiounszeechnen am Land ze maachen. Méiglech gemaach hunn dat d‘Enseignanten aus der Stater Handwierkerschoul LAM (Arts & Métiers), déi hir Direktioun derzou motivéiert hat, mat der Universitéit zu Lëtzebuerg emol ze préiwen, wéi eng weiderféierend Studien hire Schüler am Land nach kéinten ugebuede ginn.

Säitens der Universitéit ass d‘Demande berécksiichtegt ginn an de Bachelor-Diplom soll iwwert de Kompetenzzenter vun der Uni ugebuede ginn. Domadder gëtt de BTS-Diplom vum LAM an eng nei Dimensioun iwwerdroen. De Programm vum Kompetenzzenter konzentréiert sech op unerkannt 3D-Kompetenzen. D‘Dauer: 2 Joer inklusiv Erasmus-Semester op enger Partner-Universitéit.

D‘Universitéit hëlleft och bei der Vermëttlung fir Stagen an dem Projet zum Studienofschloss. Dat kléngt alles gutt a villverspriechend, an ass duerch d‘Abanne vun Enseignanten, déi zäitgläich als Zeechner an/oder Entrepreneuren an dësem kreative Segment ënnerwee sinn, zilorientéiert. Also hei ginn déi Leit ausgebilt, déi eng bestëmmten Industrie brauch. De Programm berécksiichtegt dat och.

D‘Klasse sinn hei op 15 Studente begrenzt, an déi sollte maximal Autonom sinn. De Programm ass zweesproocheg (franséisch & englesch) d‘Aschreiwungskäschte solle „raisonnabel“ sinn. Wien elo Interessi hätt, sollt awer net méi laang iwwerleeën an sech mellen. D‘Aschreiwung ass nëmmen online an och just bis den 30 Abrëll. Weider Informatioune gëtt et op dëser Internetsäit.

Illustratioun: © Hans Eiskonen / unsplash

Related topics 3D-Animatiounszeechnen, Arts et Métiers, Bachelor, Kompetenzzenter, LAM, Universitéit
Next post Previous post