Search

You may also like

China: WHO wéinst mysteriéiser Longekrankheet an Alarmbereetschaft
Neiegkeeten

China: WHO wéinst mysteriéiser Longekrankheet an Alarmbereetschaft

An der zentralchinesescher Metropol Wuhan ass eng mysteriéis Longekrankheet ausgebrach.

Et gëtt méi soziaalt Engagement vun der Jugend gefuerdert
Neiegkeeten

Et gëtt méi soziaalt Engagement vun der Jugend gefuerdert

Sech sozial engagéieren, datt ass fir vill jonk Mënschen eng

Streik géint Rentereform: franséisch Regierung kritt kal Féiss
Neiegkeeten

Streik géint Rentereform: franséisch Regierung kritt kal Féiss

Am Kontext vum Emmanuel Macron senger ëmstriddener Rentereform, huet et

Ab der Rentrée 2021/2022: Bachelor am musikaleschen Enseignement zu Lëtzebuerg

Ab der Rentrée 2021/2022: Bachelor am musikaleschen Enseignement zu Lëtzebuerg

Ronn 18.000 Kanner, Jugendlecher an Erwuessener besichen aktuell zu Lëtzebuerg Musekscoursen. Dës ginn duerch d’Aarbecht vu 750 Enseignanten an de verschidden Etablissementer erméiglecht. D’Demande klëmmt an d’Erkenntnis, datt d’Musek als artisteschen Ausdrock en essentiellt Mëttel an eiser multikultureller a multilingualer Gesellschaft ass, besteet scho laang. Aus dësem Grond wäert fir d’Rentrée 2021/2022 un der Uni.lu an a Kollaboratioun mat den 3 Conservatoire vum Land e Bachelor am musikaleschen Enseignement ugebuede ginn.

Dës Initiative vum Héichschoulminister Claude Meisch, déi zesumme mat dem Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht an dem Norden ergraff gouf, soll eng national Äntwert op de Besoin vum musikaleschen Beräich bidden. „D’Musekskultur ass e wichtege Vecteur vun der sozialer Kohesioun an dréit zur Entwécklung vu Kanner a Jonke bäi“, sou de Minister.

Wëssen uneegnen an en eegene Goût fir Musek entwéckelen ass just da méiglech, wann een déi verschidde Stilrichtungen an Instrumenter kennen- a spille léiere kann, sech duerch Gesang, Theater an Danz ausdrécken dierf, Rhythmusgefill opbaut an och d’Konzentratioun nozelauschteren steigert. Op dës Ufuerderunge sollen dofir an Zukunft d’Enseignanten reagéiere kënnen.

De Bachelor am musikaleschen Enseignement dauert 3 Joer. Un der Uni.lu gëtt d’Formatioun an de Musekswëssenschaften, sou wéi an der Musekspedagogie ugebueden (120 ECTS), wärend d’Conservatoire sech ëm déi musikalesch an instrumental Formatioun (60 ECTS) këmmeren. Esou kréien d’Studenten déi néideg Kenntnisser an der Theorie an an der Praxis, duerch d’Presence um Terrain, wou si duerno schaffe wäerten.

Aschreiwe kann ee sech nach bis de 27. Juni 2021. Weider Informatiounen zum Studium ginn et op bem.uni.lu. An dësem Kader huet de Minister Meisch nach emol op d’Wichtegkeet vun der Musek higewisen, an datt et essentiell ass de Beräich mat Qualitéit auszebaue an esou fir e Maximum u Leit accessibel ze maachen.

Am Bezuch op den neie Studium gouf nach op d’Ënnerstëtzung vum Eucatiounsministère fir pedagogesch Projeten a Kollaboratioun tëscht de Fondamentallen an de Museksschoulen higewisen. An dësem akademesche Joer hunn a 7 Gemenge vum Land Schüler aus 105 Klassen u Projeten deelgeholl, déi hinnen d’Musek, Instrumenter oder de Gesang méi no bruecht hunn.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Catherine Léglu, akademesch Vize-Direktesch vun der Universitéit Lëtzebuerg; Georg Mein, Doyen vun der Fakultéit Humanwëssenschaften, Bildungswëssenschaften a Sozialwëssenschaften; Claude Meisch, Minister fir national Bildung, Kanner a Jugend, Minister fir Héichschoul a Wëssenschaft; Gilbert Busana, Senior Lecturer un der Fakultéit Humanwëssenschaften, Bildungswëssenschaften a Sozialwëssenschaften; Marc Meyers, Direkter vum Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg; Marc Treinen, Direkter vum Conservatoire vun Esch-Uelzecht; Gilles Lacour, Kommissär vum musikaleschen Enseignement, Chef vun der Generaldirektioun vum musikaleschen Enseignement (MENEJ) © Universitéit Lëtzebuerg

Related topics Bachelor, Bildung, Cathérine Léglu, Claude Meisch, Conservatoire, Formatioun, Georg Mein, Gilbert Busana, Gilles Lacour, Instrumenter, Marc Meyers, Marc Treinen, Musek, Musekspedagogie, Musekswëssenschaften, Musikaleschen Enseignement, Studium, Uni.lu, Universitéit Lëtzebuerg
Next post Previous post