Search

You may also like

De Putin befeelt d‘Liquidatioun vun Attentäter
Kultur Neiegkeeten

De Putin befeelt d‘Liquidatioun vun Attentäter

Um Donneschdeg huet de Vladimir Putin den Uerder erausginn, op

Och d’ASTI wëll d’Lëtzebuergescht ënnerstëtzen – mee net onbedéngt an eise Schoulen!
Kultur Neiegkeeten

Och d’ASTI wëll d’Lëtzebuergescht ënnerstëtzen – mee net onbedéngt an eise Schoulen!

Zum Gesetzesprojet zur “Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch” ginn et

What the Fakt – Alles Guddes Johnny Depp!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Alles Guddes Johnny Depp!

Ob als geckege Pirat, tollpatschege Vampir oder och verréckte Besëtzer

„Back to the books“ um 31. Oktober an de Rotondes

Zeréck zu de Bicher, zeréck op d'Maueren

„Back to the books“ um 31. Oktober an de Rotondes

Fans vu Graffiti, Hip-Hop-Kultur a bildend Konscht treffen sech den 31. Oktober an de Rotondes fir en Evenement, dat als Zil huet der Konscht säin Numm ze schreiwen. Den Dag wäert gutt gefëllt si mat engem Maart, engem Film, enger Mauer vum fräien Ausdrock a virun allem engem Open Air Battle.

Zréck zu de Bicher hëlt säin Numm vun den Notizbicher, de schwaarze Bicher, déi Schrëftsteller ausfëllen op der Sich no hirem perséinleche Stil. Owes ginn dës Notizbicher vun Hand zu Hand a si voller potenzieller Inspiratiounsquell. Awer dëst Joer, verflicht de Covid, datt d’Notizbicher bei hire Besëtzer bleiwen.

 Eng Bommeschluecht

D’Häerzstéck vun der Veranstaltung wäert de Battle sinn, fir deen sech ufank dës Mounts op Instagram 24 Kënschtler qualifizéiert hunn.

Den 31. Oktober wäert d’Schluecht näischt Virtuelles sinn: si wäert op Maueren, mat Bommen an ëmmer fräiem Himmel toben.

D’Schluecht wäert laang sinn (vu 14:00 bis 20:30) awer mir kënnen op d’kommunikativ Energie vun Yellow, dem Zeremoniëmeeschter ziele fir de Publikum weider um lafen ze halen.

Am Jury wäerte folgend 3 Artisten ze fanne sinn: Dejoe, de Berliner deen 2019 gewonnen huet, Sumo, ee vun de wichtegste Lëtzebuerger Graffiti-Artisten an DEFO 89, ee vun de bekannte Graffiti-Kënschtler a Bréissel.

Back to the Books© Back to the Books

 Jiddereen ass wëllkomm

Et gëtt erwaart, datt d’Ëffentlechkeet a grousser Zuel un dëser riseger Schluecht deelhëlt a sech un enger, fir si reservéiert Mauer ausdrécke kann. Esou soll d’Veranstaltung zu engem Treffe vu Jonk an Al – fir en Austausch ginn, deen en nohaltegen Afloss op hier Praxis huet.

Dem „Back to the books“ ass och e Maart gewidmet fir Produiten am Graffiti-Beräich. D’Virféierung vum Film Girl Power iwwert d’Plaz vun de Fraen an der Gesellschaft an eng Atmosphär vum DJ Jean Marron an DJ PC sti weiderhin um Programm.

Fir d’Allgemengheet ass dëst eng Geleeënheet ze realiséieren datt Graffiti ganz einfach eng Form vu Kalligraphie ass, déi un eiser Zäit festhält.

Weider Informatiounen

Gratis Entrée fir de Public

Programm

Samschdeg 31.10.20 >14:00-00:00

>14:00-20:30

  • Marché Graffiti (Foyer Rotonde 1)
  • Mur d’expression libre (Parvis)
  • Battle Graffiti Open Air (Parvis)

>15:00-16:30

  • Projectioun vum film Girl Power

Sécherheetmoossnaame ginn agehalen. Denkt w.e.g. un de Mondschutz a respektéiert Gestes barrières

Weider Informatioune fannt Dir hei op www.rotondes.lu.

Opmaacherbild: © Back to the Books

Related topics Back to the Books, Graffiti, Hip Hop-Kultur, Konscht, Rotondes, Sumo
Next post Previous post