Open-Source Noweis-Verfare fir Planzen aus neier Gentechnik
Greenpeace huet um Méindeg, zesumme mat aneren ONGen, Gentechnik-Fräi-Verbänn esou
Greenpeace huet um Méindeg, zesumme mat aneren ONGen, Gentechnik-Fräi-Verbänn esou
[onionbuzz quiz-id=59][/onionbuzz] Lëtzebuerg ass an 12 Kantonen agedeelt. An eiser
De Paul Thiltges an den Adrien Chef hunn zesumme mat Studio Philophon an Espera Productions fir eng gelongen Postproduktioun, Toun a Spezial-Effekter gesuergt.
Lëtzebuerg ka feieren an houfreg sinn. Et ass déi éischte Kéier, datt eng Koproduktioun mat Lëtzebuerg de renomméierte Präis gewënnt. Esou gëtt den Triumph vun der artistescher Qualitéit vum europäesche Kino ervirgehuewen. Wien Loscht huet de Film ze kucken, kann dat gäre maachen. Am Kader vun de Lëtzebuerger Filmfestspiller, gëtt Bad Luck Banging or Loony Porn, den 10. Mäerz am Kinepolis gewisen. Ab dem 11. Mäerz ass e souguer an der Online-Versioun vum Festival disponibel.
Duerch déi aktuell sanitär Kris, gëtt et dëst Joer eng Ännerung op der Berlinale. Si gëtt an zwou Kéieren ofgehalen. Den europäesche Filmmaart an den offizielle Concours si vum 1. Mäerz bis haut, dem Dag wou d’Präisser vergi goufen, online ofgelaf.
An déi Filmer déi ee Präis ofgeraumt hunn, ginn der Ëffentlechkeet am Juni virgestallt. Si gi vum 9. bis den 20. Juni op engem speziellen Event virgestallt.
No engem Video, an deem eng Schoulmeeschtesch Sex mat hirem Mann hat, ruffen d’Eltere vun de Schüler eng Versammlung an. De Film ënnersicht déi intellektuell, moralesch a politesch Verwirrung vun onser Gesellschaft, zemools am post-totalitärem Ost-Europa.
Opmaacherbild: Opmaacherbild: Aus dem Spillfilm ‘Bad Luck Banging or Loony Porn’ © Silviu Ghetie for microFILM / Paul Thiltges Luxembourg