Search

You may also like

Doudeger bei Protester am Iran, de Regimm warnt
International Neiegkeeten

Doudeger bei Protester am Iran, de Regimm warnt

Um Méindeg hunn déi iranesch Autoritéiten d‘Manifestanten, déi zanter ëm

Europäesch Wärungsunioun – D’Stabilitéitsbedingunge festegen
International Neiegkeeten

Europäesch Wärungsunioun – D’Stabilitéitsbedingunge festegen

Gëschter huet d’Europa-Unioun Lëtzebuerg Asbl, an Zesummenaarbecht mat der Vertriedung

Labour vollzitt den ideologesche Wiessel (kommentéiert)
International Neiegkeeten

Labour vollzitt den ideologesche Wiessel (kommentéiert)

Den eppes „stramm lénke Kurs“ vum Jeremy Corbyn, huet de

Komme Serbien a Montenegro nach virun 2025 an d’EU?

Komme Serbien a Montenegro nach virun 2025 an d’EU?

Um Méindeg huet d‘EU nei Kapitelen an de Verhandlunge fir de Bäitrëtt vu Serbien a Montenegro opgeschloen. Et sinn dat déi zwee Länner, vun deenen den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker rezent gemengt huet, datt si nach virun 2025 an d‘EU opgeholl ginn.

D‘Bäitrëttsverhandlungen, déi sech normalerweis iwwer Joren zéien, sinn a 35 ganz ënnerschiddlech Kapitel ënnerdeelt. Bei deene geet et ëm Wirtschaft, Energie, Rechtsstaatlechkeet a villes méi. Hei muss de Kandidat noweisen, datt hie seng „Aufgabe“ gemaach huet an seng Legislatioun a Praxis den europäesche Wäerter ugeglach huet. Eng Noutwennegkeet fir den Antrëtt an den europäesche Block.

Zwee nei Kapitel „am Häerze selwer vun der europäescher Unioun“ iwwert d‘Beweegungsfräiheet vum Aarbechter, dem fräien Nidderloossungsrecht an Déngschtleeschtungen, déi eng vun de Saile sinn, déi de Bannemaart esou eenzegaarteg maachen, si mam Montenegro opgemaach ginn.

Domatter huet Montenegro dann elo schonn 30 vu 35 Kapitel am Grëff, wat och vum EU-Kommissär fir Erweiderung, Johannes Hahn, bei enger Pressekonferenz begréisst huet.

Alles leeft säi gewinnte Wee

Och mat Serbien sinn zwee nei Kapitel opgeschloe ginn: Aussebezéiungen an Wirtschaftsrecht. A mat deenen zwee Kapitel ass Serbien dann elo bei 12 Beräicher ukomm, mat deene Belgrad an Bréissel verhandelen. „Et ass e verdéngte Succès vu Serbien“ kommentéiert de Johannes Hahn bei enger weiderer Pressekonferenz de Fortschrëtt vun de Verhandlungen.

Den EU-Kommissär weist dann allerdéngs och drop hin, datt „zousätzlech Fortschrëtter eng Konditioun sinn an d‘Prioritéit déi engem Rechtsstaat zougewise gëtt, op der Hand läit. Zudeem mussen normal Bezéiungen zum Kosovo opgebaut ginn“.

D‘Bäitrëttsgespréicher mat Belgrad hunn am Januar 2014 ugefaangen. Eng normal Folleg a Verbindung mat der Verbesserung vun de Relatiounen tëscht Serbien an dem Kosovo. Beim Montenegro ginn d‘Ufäng vun de Gespréicher zréck bis 2012. Woubäi de Montenegro scho säit Juni an d‘NATO opgeholl ass.

Kontrolléierte Wuesstem

„Ech gleewen datt béid Länner (…) nach virun 2025 Memberlänner vun der Union sinn“ hat de Jean-Claude Juncker nach Ufank November zu Bréissel gesot. An och a senger Ried zur Lag vun der Unioun am September, hat den EU-Kommissiounspresident sech eng Erweiderung vun der EU Gewënscht, dat mat der Integratioun vum Balkan.

Dat war awer net ëmmer esou. Erënnere mer eis, datt wéi de Jean-Claude Juncker 2014 de Posten als EU-Kommissiounspresident iwwerholl huet, hien all Erweiderung während sengem Mandat ausgeschloss huet. Dat wier deemno 2019…

Mee och an der Politik kënnt et éischtens anescht, zweetens wéi ee mengt. An esou verhält et sech aktuell esou, datt nieft de Gespréicher a Verhandlunge mat Serbien a Montenegro, en och mat Albanien a Mazedonien a Kontakt steet. Zudeem wier een esouwuel mat Bosnien-Herzegowina, wéi och mam Kosovo am Gespréich, fir déi néideg Reformen op de Wee ze bréngen, déi zu Bäitrëttsverhandlunge kënne féieren.

mat AFP

Foto: Den EU-Kommissär fir Erweiderung, Johannes Hahn (c ) mam EU-Rotspresident Donald Tusk (l) an dem EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, beim EU-Sommet de 24. November. © Tatyana Zenkovich/pool/AFP

Related topics EU, Jean-Claude Juncker, Johannes Hahn, Montenegro, Serbien
Next post Previous post