Atelier & Kulturfabrik presentéieren: Balthazar live

1416
Daniel Balthazar

Et ass héich Zäit ginn. Ufanks war de Concert vu Balthazar fir den 12. an dono fir den 18. Juni 2020 an der Kulturfabrik zu Esch geplangt. Den 23. November 2021 wäert d’Band schliisslech säin neiste Wierk « Fever » am Atelier presentéieren.

Den neien Datum a laang erhoffte Concert steet elo endlech virun der Dier. Ticketen, déi well fir déi ufanks geplangte Concerte kaaft gi sinn, bleiwen natierlech nach ëmmer valabel.

Mat « Fever » erwaarden eis ganz nei Téin vum belsche Grupp ronderëm de Jinte Deprez a Maarten Devoldere. Amplaz romantesch, melancholesch an desillusionéiert, ass de Rhythmus dës Kéier méi frou a lued soumat sou munchen zum Danzen an. Et muss allerdéngs beduecht ginn, datt de Concert ënnert dem sougenannte CovidCheck steet.

Weider Informatiounen, esou wéi d’Tickete fannt Dir hei.