Search

You may also like

5G: D’Regierung wëll mat Transparnez a Wëssenschaft iwwerzeegen
Neiegkeeten

5G: D’Regierung wëll mat Transparnez a Wëssenschaft iwwerzeegen

Nodeems d’Petitioun N°1560 zum Stopp vum Ausbau vum 5G-Netz ganzer

Editorial: Se sinn nach do!
Neiegkeeten

Editorial: Se sinn nach do!

Eigentlech wollte mir de Moien erwächen an de Feierdag notze

Esch an Zentrum vun der Kultur
Neiegkeeten

Esch an Zentrum vun der Kultur

An der virleschter Sëtzung vum Gemengerot vun der Stad Esch

Wann si „reesen“ dierfen d‘Kanner net spillen

Wéinst den Eecheprëssessiounspënner ass d‘Spillplaz am Bambësch gespaart

Wann si „reesen“ dierfen d‘Kanner net spillen

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert de Public, datt den Eecheprëssessiounspënner sech temporär bei der Spillplaz am Bambësch ophält (Briddeler-Strooss). Elo ass dat Véi weder dem Mënsch nach dem Déier säi Frënd an et gëtt zolidd dovunner ofgeroden „Kontakt opzehuelen“. Aus dësem Grond huet d‘Stad Lëtzebuerg dann och d‘Spillplaz bis op weideres fir de Public gespaart.

Well elo déi Eecheprëssessiounspënner sech och op Plazen ophale kënnen, déi nach de Servicer nach net bekannt sinn, réit d‘Stad Lëtzebuerg de Visiteuren a Gäscht opmierksam ze sinn. Wann dëst Gedéiesch sech virun allem un de Beem vergräift – si friessen d‘Blieder – esou sinn d‘Geforen aus medezinescher Siicht net ze ënnerschätzen. An et kann een einfach net genuch insistéieren.

Dës verfroosse Raupen, déi wéi op Schinnen uechtert d‘Géigend geeschteren hu sougenannt „Brennhoer“ déi bannendran huel sinn, a vun der Loft wäitraimeg gestreet oder verdeelt ginn. Besonnesch bei dréchent a waarme Wieder, ass de Risk besonnesch ausgepräägt. A wiem et dann emol passéiert ass, dee kann e Liddchen dovunner sangen. Et ass wierklech kee Spaass!

Aus dësem Grond huet d‘Stad Lëtzebuerg dann och Warnschëlter opgestallt. An hei grondsätzlech Recommandatiounen déi ee wierklech behäerzege sollt:

  • bleift ewech vun de betraffene Beem;
  • paakt wann ech gelift keng Näschter oder Eecheprëssessiounspënner un!

De Service vun natierleche Patrimoine an de Service vun der Parke maachen hiert Méiglecht fir esou séier wéi méiglech d‘Näschter vun den Eecheprëssessiounspënner ewechzehuelen.

Ugespéngelt: D‘Stad Hamburg huet zu dësem „Problem“ ee ganzt interessant Dokument erstallt

Related topics Bambësch, Eecheprëssessiounspënner, Services des Pacrs, Spillplaz, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post