Search

You may also like

money
CPTPP: Kanada huet dëst transpazifescht Partenariat ratifizéiert
Neiegkeeten

CPTPP: Kanada huet dëst transpazifescht Partenariat ratifizéiert

Gëschter huet Kanada d‘Fräihandelsofkommes „Comprehensive and Progressive Agreement for Trans-Pacific

Nordkorea bitt dem Trump eng Erausfuerderung un
Neiegkeeten

Nordkorea bitt dem Trump eng Erausfuerderung un

Um Mëttwoch huet Nordkorea eng ballistesch Interkontinentalrakéit ofgeschoss, déi amstand

No liewegen Diskussiounen ass de groussherzogleche Rettungs- a Pompjeescorps elo Realitéit
Neiegkeeten

No liewegen Diskussiounen ass de groussherzogleche Rettungs- a Pompjeescorps elo Realitéit

Dee laangen a beschwéierleche Wee vun enger säit 2010 gefuerderter

Bamfällung zu Boufer: Wann een Nationalmonument ofstierft

En ass als Nationalmonument agestuuft, muss awer haut aus Sécherheetsgrënn ewechgeholl ginn. Riets ass vun der sougenannter Blutbuche (Fagus sylvatica ‚Purpurea‘), déi am Park vum Servior Gebai zu Boufer laang Zäit net nëmmen op natierlech Aart a Weis dekorativ war, mee och am Summer Schiet gespent huet.

Direkt e puer Champignonen (Brandkrustenpilz, Riesenporling a Spaltblättling) hunn de Bam befall an ëm no an no d‘Liewen erausgezunn. Wéi de Ministère fir ëffentlech Aarbechte matdeelt, handelt et sech ëm Doudholz mat ofstierwender Vitalitéit.

Wärend de Riesenporling nämlech d‘Wuerzele vun der Buche zersetzt, breet de Brandkrustenpilz sech iwwert de Stamm an den Äscht aus. De Spaltblättling suergt schliisslech dofir, datt déi iewescht Säit vun den Äscht duerch d‘Sonn „verbrennt“ – e Schuet an alle Beräicher also.

Well de Risiko besteet, datt déi doudeg Blutbuche ëmfale kéint an dobäi fir Persounen- an/oder Materialschued suerge géif, goufen déi noutwenneg Autorisatioune beim Kulturministère an der Bëschverwaltung agezunn, fir de Bam ze fällen.

Ob elo en neie Bam geplanzt wäert ginn, ass net gewosst.

Opmaacherbild: D’Blutbuche huet hiren Numm duerch déi roudelzeg Blieder an ass eng Mutatioun vun der bekannter Rotbuche (CC0 1.0)

Related topics Bamfällung, Boufer, Doudholz, Fagus sylvatica ‚Purpurea‘, Nationalmonument, Natur, Pilzbefall, Sécherheet, Servior, Vitalitéit
Next post Previous post