Search

You may also like

Wéi Ungarn d‘Geld aus Bréissel ënnert d‘Leit bréngt
International Neiegkeeten

Wéi Ungarn d‘Geld aus Bréissel ënnert d‘Leit bréngt

Zanter 2010 ass et gewosst, mee et schéngt kaum een

Lëtzebuerg um Wee a Richtung Steiergerechtegkeet
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg um Wee a Richtung Steiergerechtegkeet

Méi Gerechtegkeet bei der Lounsteier, ass d‘Fuerderung déi d‘Zivilgesellschaft, d‘Gewerkschaften

En Ausbléck op den ukrainesche Konflikt
International Neiegkeeten

En Ausbléck op den ukrainesche Konflikt

D‘Konferenz fënnt statt den 28. Februar um 19 Auer am

Bangkok: No den Demonstratiounen, de Versammlungsverbuet

„Wann d‘Mënschen d‘Regierung fäerten, dann ass et Tyrannei – Wann d‘Regierung d‘Mënsche fäert, dann ass et Fräiheet“ (Thomas Jefferson 1743-1816, US-President)

Bangkok: No den Demonstratiounen, de Versammlungsverbuet

Thailännesch Regierung setzt an der Haaptstad en Versammlungsverbuet fir méi wéi fënnef Leit ëm a wëll esou illegal Demonstratioune verhënneren. Et ass och verbueden Noriichten iwwer sozial an elektronesch Medien ze verbreeden, déi d‘national Sécherheet beanträchtege kéinten. D‘Police huet bestätegt, 20 Aktiviste festgeholl ze hunn, déi sech u Protester zu Bangkok bedeelegt haten.

Zanter elo gutt dräi Méint fannen an Thailand Protester statt. Déi meescht riichten sech direkt géint d‘Regierung. En Dënschdeg hunn dausende Leit sech onwäit vum Regierungssëtz fir „länger“ installéiert, wat eng Reaktioun erausgefuerdert huet. Als Reaktioun op den Ongehorsam, huet den ëmstriddene Ministerpresident Prayut Chan-o eng Drénglechkeetsveruerdnung erlooss.

Bangkok

Vir de Protest am Keim ze erstécken, huet d‘Regierung 14.000 Polizisten opgebueden. De Spriecher vun der Police, Krissana Pattanacharoen, huet confirméiert, datt et hei zu Verhaftunge komm ass. Et wieren 20 Aktivisten, dorënner och de Leader vum Mouvement, Anon Nampa, festgeholl ginn. Dee konnt nach viru senger Festnam, ee virleefeg leschte Message un d‘Medie weiderleeden:

„Wann se wierklech ugräifen, esou hu mir vereenbaart roueg sëtzen ze bleiwen, an net mat hinnen ze streiden. Da gesi mir, op si et woen, Gewalt géint d‘Vollek unzewennen“, esou dee bis heihinner leschte Statement vum Anon Nampa.

Wat wëllen se dann?

Den Anon Nampa a seng Matstreider fuerderen net manner wéi de Récktrëtt vun der Regierung, Neiwahlen a Reformen. De Prayut Chan-o ass dann och kee Vetrieder vum Vollek, deen ass nom Putsch vun 2014, vun de Generäl agesat ginn. Zanterhier ginn déi „politesch Géigner“, mee och verstäerkt d‘Bierger am Land, massiv ënner Drock gesat a ageschüchtert. Dat soll sech änneren.

Mee et geet der Beweegung ënnert der Leedung vum Anon Nampa och ëm d‘Monarchie. Hei méi prezis ëm ee „strengt“ Gesetz, dat drastesch Strofe virgesäit, wann een et woe sollt d‘Kinnekshaus ze beleidegen. Woubäi „Kritik“ – och wann se konstruktiv ass – schonn als Affront empfonnt gëtt.

BangkokEntgéint der offizieller Duerstellung vun der Police, heescht et säitens dem Mouvement, datt mindestens 27 Aktiviste vun der Police verhaft an ofgefouert goufen. Nieft dem Anon Nampa, deen als Leader genannt gëtt, sollen de Parit „Penguin“ Chiowarak, den Panusaya Sithijirawattanakul an den Nutchanon Pairoj, zu de prominente „Gefaangene“ gehéieren. (Source: Joshua Wong – via Twitter)

Interessant um Kinnek Maha Vajiralongkorn: de Fait datt dësen eigentlech um eegene Land kaum, um Vollek iwwerhaapt keen Interessi huet, et sief et geet ëm Geld. De Maha Vajiralongkorn – aka Kinnek Rama X, ass ee Statist dee sech, déi meeschten Zäit a Bayern ophält an nëmme geleeëntlech an Thailand weist. Den Ament ass hien zu Bangkok, wou hie muss un Zeremonien deel huelen.

De Playboy-Kinnek lieft mat 20 Fraen an engem Alpenhotel (Grand Hotel Sonnenbichl – Garmisch-Partenkirchen), wärend säi Land wéinst dem Covid19 vum Rescht vun der Welt ofgeschnidden ass. Do kann ee verstoen, datt et Thailänner gëtt, déi „Firwat brauche mir ee Kinnek?“ tweeten. An dat ass och schonn eng „Beleidegung“, déi awer Milliounefach gedeelt, geliked a weidergeleet gouf.

ma indymedia/bkk

Foto: Zu Dausenden hunn sech Thailänner onwäit vum Regierungssëtz „breet“ gemaach, well si es déck genuch hunn mat dëser vun enger Militärjunta agesate Regierung. Si wëllen sech net gängele loossen, fuerderen Neiwahlen a reell Reformen. (Source: Joshua Wong – via Twitter)

Related topics Anon Nampa, Bangkok, Demokratiebewegung, Repressioun, Thailand
Next post Previous post