Search

You may also like

Däitschland stellt sech wéinst IG-Metall op ongemittlech Zäiten an
Neiegkeeten

Däitschland stellt sech wéinst IG-Metall op ongemittlech Zäiten an

Déi mächteg IG-Metall, déi gréissten däitsch Gewerkschaft, huet haut de

Wéi feiert Mamer de Nationalfeierdag?
Neiegkeeten

Wéi feiert Mamer de Nationalfeierdag?

Während sech um Virowend vum Nationalfeierdag de Gros vun den

Washington wëll en neit Atomwaffenarsenal
Neiegkeeten

Washington wëll en neit Atomwaffenarsenal

Well den Donald Trump d‘Atomwaffenarsenal vun den USA konsequent erneiere

Bankesecteur baut weider Aarbechtsplazen of

Um Belval gi bei RBC I&TS 305 Mataarbechter op d‘Schëff geschéckt an d‘ALEBA iergert sech

Bankesecteur baut weider Aarbechtsplazen of

Gëschter huet déi kleng Gewerkschaft aus dem Bankesecteur, ALEBA, op senger Internetsäit drop higewisen, datt si Wand dovunner kritt hunn, datt déi Kanadesch Bank RBC I&TS (Investor and Treasury Services) sech vu ronn 20% vu sengen Effektiver trenne wëll.

Betraff vum Aarbechtsplazofbau sinn 226 Salariéeën a 79 sougenannt „Déngschtleeschter“. Déi Ofgäng sollen tëscht Januar 2020 a Januar 2021 iwwert d‘Bühn goen. No de leschte Kënnegunge vun 2013 (deemols hunn 229 Leit hire Job verluer) erkennt d‘ALEBA bei dësem neie Sozialplang Zesummenhäng. Et ass dann och net esou, datt d‘Kanadier um leschte Lach géife päifen…

Nee Sënn an Zweck vun dësem „Sozialplang“ ass et, den Aktionären déi versprache Gewënner och ausbezuelen ze kënnen. Loyer, Energie an d‘Direktioun si fix Käschten déi éischter klamme wéi datt se falen, a Mënsche kann een duerch Maschinnen ersetzen. Et geet ausschliisslech ëm de Profit an d‘Wuel vun den Aktionären. An am Bankesecteur hu Sozialpläng eng „nohalteg“ Zukunft.

Zur Erënnerung: no Clearstream 2018, der State Street Bank am Mee oder der HSBC Private Bank am Juni, huet sech de Secteur ëm 345 Salariéeë verklengert. Lëtzebuerg, déi europäesch Pärel vun der Finanzwelt, verlaangt de Banken awer wierklech ze vill of. Déi enorm steierlech Belaaschtung vum Bankesecteur, déi vill e héich Soziallaaschten, zwéngen d‘Banken zu esou Moossnamen.

An déi hunn et zimlech liicht mat hire Mataarbechter. Zum engem sinn déi meescht Grenzgänger an och net gewerkschaftlech organiséiert. D‘Regierung kann dann och net emol de „béise Fanger“ hiewen, dat géif ee schlecht Signal u méiglech Investoren an nei Banken – déi sech zu Lëtzebuerg wéilten néierloossen – ausginn. De Secteur géif zudeem och weiderhin no Spezialiste sichen.

Ob d‘ALEBA – ofgesi vum Fait datt ee sech schrëftlech iergert – elo „Aktiounen“ virgesinn huet, et eventuell zu engem Protestpiquet komme kann? Éischter net. Et ass schonn esou net evident d‘Leit an der Stad ze mobiliséieren, an de Belval ass wéinst der „Mobilitéit“ wäit, ganz wäit vun der Stad ewech. Et ass sech also geiergert ginn, datt absolut zu Recht, mee domatter muss et gedoe sinn.

Related topics Aarbechtsplazofbau, ALEBA, Bankesecteur, RBC I&TS
Next post Previous post