Search

You may also like

Den OGBL hält d‘Iwwernam vun der BIL am A
International Neiegkeeten

Den OGBL hält d‘Iwwernam vun der BIL am A

Déi chinesesch „Legend Holdings corp.“ iwwerhëlt d‘BIL an den OGBL

Coronavirus: USA testen éischten Impfstoff géint de Covid19
International Neiegkeeten

Coronavirus: USA testen éischten Impfstoff géint de Covid19

D‘Jennifer Haller ass eng vun de Fräiwëllege Persounen an den

Dem „Big Mike“ seng lescht Amtshandlungen
International Neiegkeeten

Dem „Big Mike“ seng lescht Amtshandlungen

Wann sech déi ganz Welt den Ament op d‘Zukunft vum

Barcelona prouft den Opstand

Si hunn de Wand geséit a wonneren sech elo iwwert de Stuerm

Barcelona prouft den Opstand

Um Mëttwochowend ass et zu Barcelona fir den drëtten Dag a folleg zu zesummestéiss tëscht de separatisteschen Aktivisten – déi d‘Fräiloossung vun de politesche Prisonéier fuerderen – an der Police komm. De katalanesche Regionalpresident Quim Torra huet zur „Besënnung“ opgeruff.

„Mir kënnen dat wat sech op de Stroossen ofspillt net erlaben. Dat muss direkt ophalen! Fir Autoen déi brennen a Vandalismus kann et keng Rechtfäerdegung ginn“, esou de Regionalpresident Quim Torra e Mëttwoch un d‘Adress vun den Aktivisten, deenen den zivillen Ongehorsam als Mëttel vum Protest net wäit genuch geet. En Appell deen och vun den inhaftéierte Separatisten ënnerstëtzt gëtt.

De Pedro Sanchez, deen als Ministerpresident vu Spuenien dëse „politesche Prozess“ hätt kënnen – a wahrscheinlech och sollten – entschäerfen, huet sech net un d‘Katalane gewannt, mee vum Quim Torra verlaangt sech perséinlech an ëffentleche vun dëser „Gewalt“ ze distanzéieren. Domatter ass ersiichtlech, datt net emol méi Madrid, d‘Katalanen als spuenesch Matbierger consideréiert.

Nodeems e Méindeg de Fluchhafe vu Barcelona „spontan“ blockéiert gi war, wat och de Fall op ville grousse Verkéiersachsen – Stroossen & Eisebunnslinnen – war an d‘Regioun einfach net zur Rou komme wëll, egal wéi vehement Madrid dat fuerdert, soll et muer zum Generalstreik an der Provënz Katalounien kommen. Deen dierft vu ville Manifestatiounen a Krawall begleet ginn.

Eng Maniff ass och zu Lëtzebuerg zu Lëtzebuerg virgesinn. Organiséiert ass dës Maniff vun der nationaler katalanescher Assemblée (ANC). Si fënnt statt dëse Samschdeg 19. Oktober um 12:00 Auer op der Clairefontainesplaz. Dem Appell hunn sech déi lénk an d‘KPL ugeschloss. Fir d‘Selbstbestëmmung vun de Katalanen an d‘Fräiheet fir déi politesch Prisonéier…

mat indymedia/bcn

Foto: © Guenchl (viaTwitter)

Related topics Carles Puidgemont, Geriichtsuerteel, Katalounien, Mariano Rajoy, Oriol Junqueras, Pedro Sanchez, Separatisten
Next post Previous post