Search

You may also like

Offizielle Konsens fir den EU Covid19-Zertifikat
Neiegkeeten

Offizielle Konsens fir den EU Covid19-Zertifikat

Am Kontext vun der europäescher Tripartite-Sëtzung, hu sech EU-Rot, EU-Kommissioun

Spekulatioune ronderëm de Wirtschaftsminister
Neiegkeeten

Spekulatioune ronderëm de Wirtschaftsminister

Nach ass den Etienne Schneider am Amt, mee de 4.

Haut ass den internationalen Dag vum Kuss
Neiegkeeten

Haut ass den internationalen Dag vum Kuss

Haut scho gekësst? Wann net, da spëtzt d’Lëpsen a leet

Basic-Check: Einfach emol weisen, wat ee kann

Basic-Check: Einfach emol weisen, wat ee kann

Um Méindeg hunn d‘Presidente vun der Salariatskummer an der Handwierkerkummer, Jean-Claude Reding an Tom Oberweis, de Ministere fir Bildung an Aarbecht hire neie Projet (Basic-Check) virgestallt. Mat dëser Zesummenaarbecht sollen déi Jonk besser op eng Léier virbereet ginn.

Elo ass de Projet u sech net ganz nei. Scho viru véier Méint ass dës Zesummenaarbecht lancéiert ginn vir an éischter Linn och d‘Bild vum Handwierk nees an dat richtegt Liicht ze réckelen. Datt den Tom Oberweis erkannt huet, datt d‘Handwierk net déi Wäertschätzung huet dat et verdéngt hätt, weist, wéi wichteg et ass Verantwortung ze iwwerhuelen.

Am Handwierk, dat ronn 7.250 Entreprisen zielt an enge 84.500 Mënschen eng Aarbecht bitt, ass also nach Spillraum an och d‘Chancen eng Carrière ze maachen si ginn. Ugesicht dësen Zuelen dierf et verwonneren, dat d‘Zuel vun den erfollegräich ofgeschlosse Léieren deem net stallhält.

De Secteur steet viru groussen Erausfuerderungen

Fir dem Secteur dann de Stellewäert ze vermëttelen deem him eigentlech zousteet, muss d‘Handwierk nees attraktiv ginn. En Handwierk dat sech zwou groussen Erausfuerderungen ze stellen huet: engersäits d‘Equivalenz tëscht der Allgemengbildung an der berufflecher Ausbildung, anersäits d‘Duerchlässegkeet tëscht de verschiddene Ausbildungsniveauen.

Ugesicht dem Virmarsch vun der Digitalisatioun, ass et dann och wichteg Gewiicht op eng besser Formatioun ze leeën. De Jean-Claude Reding wënscht sech an deem Sënn eng Diversifikatioun bei der Ausbildung an, eng besser organiséiert Orientéierung vun der Kandidaten.

Fir den Aarbechtsminister ass de Programm vu béiden Institutiounen e grousse Schratt an déi richteg Richtung. Dës Zesummenaarbecht, déi de Minister als Exemplaresch bezeechent huet, kann och deene jonke Leit eng Chance sinn, déi duerch de Schoulsystem gefall sinn. Ëmmerhin, esou de Nicolas Schmit, ass d‘Bildung de Schlëssel fir d‘Zukunft.

Deem konnt de Erzéiungsminister Claude Meisch net widderspriechen. Hien ass der Usiicht, datt mam Programm „Basic Check“ eng gutt weider Offer um Dësch läit. De „Basic-Check“, dee schonn an der Schwäiz gutt Resultater erbruecht huet, muss een dann awer als zousätzlech Hëllef gesinn.

De Claude Cardoso vun der Salariatskummer betount dann och, datt de „Basic-Check“ keen Instrument fir d‘Entscheedung u sech ass. Et bleift bis heihinner eng Orientéierungshëllef, déi virun allem fir d‘Schüler vun enger 5ème Generale geduecht ass an hinnen och gratis ugebuede gëtt. Jidderee kann eppes – an hei kann en dat weisen!

Related topics Beruffsausbildung, Handwierkerkummer, Jean-Claude Reding, Salariatskummer, Tom Oberweis
Next post Previous post