Search

You may also like

Den David Gavroy gëtt neien Patron vun Yellow.lu
International Neiegkeeten

Den David Gavroy gëtt neien Patron vun Yellow.lu

No 12 Joer Aktivitéit kritt d’Entreprise Linc SA, wou Yellow.lu

Coronavirus: G7-Ausseministersommet am virtuelle Raum
International Neiegkeeten

Coronavirus: G7-Ausseministersommet am virtuelle Raum

Eigentlech hat sech den US-President drop gefreet, matten am US-Wahlkampf

D’Cité Bibliothéik feiert 10 Joer
International Neiegkeeten

D’Cité Bibliothéik feiert 10 Joer

Zum 10te Gebuertsdag vun der Cité Bibliothéik huet de Schäfferot

Nice… den Dag duerno

No enger Messerattack an der Basilika zu Nice, ass de Bilan héich: 3 Doudeger a sechs Verletzter

Nice… den Dag duerno

Gëschter huet moies kuerz no 9 Auer en 21 järegen Tunesier zu Nice an der Basilika „Notre-Dame-de l‘Assomption“ sengem reliéise Fanatismus fräie Laf gelooss. Eng eeler Fra, déi an der Kierch gebiet huet, wéi och de Koschter, kruten allebéid den Hals opgeschnidden. Dat drëtt Affer, och eng Damm, wollt sech a Sécherheet brénge wéi och si brutal néiergestach gouf.

Weider Blesséierter huet et dann der grousser Akafsstrooss vun Nice ginn, iert déi kommunal Police den Terrorist onschiedlech gemaach huet. Dësen huet, obwuel hien ugeschoss gouf, nach genuch Kraaft opwanne kënnen, fir d‘Gréisst vu sengem Prophet zum Ausdrock ze bréngen. Dësen Uschlag ass bannent engem Mount deen Drëtten, deen aus reliéiser Motivatioun am Frankräich passéiert ass.

De Buergermeeschter vun Nice, Christian Estrosi, huet seng Bierger via Twitter zur Eenheet an dem Zesummenhalt opgeruff. De franséische President, huet sech nach viru Mëtteg op der Plaz iwwert déi éischt Erkenntnisser informéiert. Hien huet am Uschloss d‘Dot zum „islamisteschen Uschlag“ erkläert an ee verstäerkte Schutz vu Kierchen an Schoulen, grad elo zu Allerhellegen, ordonnéiert.

Nice

Fir dat och an d‘Dot ëmzesetzen, gëtt de schonn zanter ville Joren agesaten inlänneschen Antiterror-Programm „Sentinelle“ (Wiechter) erweidert. Hei sollen d‘Effektiver vun elo 3.000 op 7.000 Mann ugehuewe ginn. Dës Operatioune gi vun der Arméi geleet an ausgefouert. Dës Mesuren erschéngen am Kontext vun de kathoulesche Festdeeg „Allerhellegen“ an „Allerséilen“ als noutwenneg.

Wat vum Täter gewosst ass

Beim Terrorist/Mäerder handelt et sech ëm ee Jonke Mann, deen 1999 an Tunesien gebuer ass. Laut dem populisteschen Deputéierten Eric Ciotti soll den Täter iwwert déi italienesch Mëttelmierinsel Lampedusa an Europa agereest sinn. Unhand den Dokumenter vum Roude Kräiz, déi de Mann bei sech hat, schéngt deem och esou ze sinn. Vum Parquet gouf dës Informatioun nach net bestätegt.

Zu Nice ass d‘Opreegung iwwert dësen terroristeschen Uschlag grouss. Keen Awunner huet déi schänterlech Attack vun 2016 vergiess. An deem Joer op Nationalfeierdag (14. Juli) war géint 23 Auer en 31 järegen Tunesier mat engem Camion duerch d‘Leit gefuer. 86 Mënsche sinn bei dësem Ugrëff verstuerwen. Den Täter gouf nach op der Plaz vun de Sécherheetskräften „neutraliséiert“.

Nice

De President vum EU-Parlament, David Sassoli, huet iwwer Twitter d‘Länner vun der Unioun zur Geschlossenheet opgeruff: „Mir hunn d‘Flicht, zesumme géint Gewalt an déijéineg ze stoen, déi ophetze wëllen an Haass verbreeden“. Ob dat och fir d‘Populisten an d‘Faschisten a sengem Veräi gëllt, konnt gëschter net méi ofschléissend beäntwert ginn. Déi wäerte wuel net gemengt sinn…

Bedauere geet wuel net méi duer

Um Donneschdeg koum et dann och nach zu Avignon zu engem Virfall, bei deem alt nees e reliéise Fanatiker Mënsche mat enger Waff bedreet huet. Den „Islamist“ ass op der Plaz vun der Police erschoss ginn. Zu Jedda (Saudiarabien) huet eng Persoun ee Sécherheetsbeamte vum franséische Konsulat ugegraff. Den Ugräifer wier onschiedlech gemaach a vun der Police verhaft ginn.

Zu Roum biet de Poopst Francis fir d‘Affer a fuerdert vun der „ieweschter Instanz“ der Gewalt en Enn ze bereeden. „Et ass ee Moment vum Schmäerz an enger Zäit vun der Verwirrung. Terrorismus a Gewalt kënnen ni akzeptéiert ginn“, léisst de Spriecher vum Vatikan, Matteo Bruni, wëssen. Géint d‘Fanatiker aus den eegene Reien huet elo awer och déi kathoulesch Kierch net wëlles virzegoen.

Nice

Islamesch Verbänn a Frankräich an Däitschland huet d‘Dot verurteelt. Den Täter hätt Verrot un der Zivilisatioun an de Wäerter vun alle Relioune begaangen, esou d‘Zesummefaassung. Dat geet dann awer ville Leit net wäit genuch, déi vun dëse Verbänn erwaarden a verlaangen, déi schwaarz Schof ze denoncéieren. An esouguer Ankara – net awer de Sultan selwer – huet dësen Ugrëff verurteelt…

mat indymedia/nce

Foto: © Jean-François Luc (via Twitter)

Related topics Basilika, Fanatismus, islameschen Terror, Nice, Relioun, Tunesier
Next post Previous post