Search

You may also like

Dee laange grénge Samschdeg
International Neiegkeeten Sport

Dee laange grénge Samschdeg

Et war wuel kee Stress, mee dofir war e gutt

Giel Gileten Akt XI: Samschdes giel Gileten… Sonndes rout Schaler
International Neiegkeeten Sport

Giel Gileten Akt XI: Samschdes giel Gileten… Sonndes rout Schaler

Et ware mat 69.000 Manifestanten op dësem 11. Dag vum

D‘Mierscher Kulturhaus mécht Bock op Kultur
International Neiegkeeten Sport

D‘Mierscher Kulturhaus mécht Bock op Kultur

Um Méindeg gouf am klenge Krees zu Miersch de neie

Basket-Welt am Trauer

Bei engem Helikopter-Crash zu Los Angeles sinn de Kobe Bryant an aacht weider Passagéier ëm d‘Liewe komm

Basket-Welt am Trauer

Hie war een vun de beschte Basketspiller deen d‘Welt jee begeeschtert huet. Elo ass den 41 Joer jonke Sportler zesumme mat senger 13 Joer jonker Duechter Gianna bei engem trageschen Ofstuerz vu sengem privaten Helikopter am kalifornesche Calabasas gestuerwen.

D‘Noriicht koum iwwerraschenderweis vum Buergermeeschter vu Los Angeles, Eric Garcetti. De Kobe Bryant soll mat senger Duechter a weidere Passagéier um Wee zu engem Basketballturnéier zu Calabasas gewiescht sinn, wéi den Helikopter am décken Niwwel erofgefall an direkt a Flamen opgaangen ass. Méi Detailer zur den Ursaache vum Ofstuerz sinn nach net bekannt.

BasketEt ass gewosst, datt de Kobe Bryant säit Joren den eegenen Helikopter notzt, fir dem Verkéier vu Los Angeles auszeweechen. Schonn zu Zäite wou hie bei de Los Angeles Lakers gespillt hat, huet hien dëst Transportmëttel genotzt, fir vu sengem Haus am Orange County bis an d‘Arena vun de Lakers zum Training oder de Matcher ze fléien. De Kobe Bryant hat seng Carrière 2016 beendegt.

Hie gëllt als ee vun de gréisste Basketspiller an der Sportgeschicht. An zwanzeg Joer Carrière huet de Kobe Bryant 5 NBA-Meeschterschafte mat de Lakers gewonnen. Hie gouf zudeem 18 mol zum NBA „All-Star“ gewielt, war 15 mol am Team vun der NBA-Auswiel an huet mam US-Team zwou Goldmedaile bei olympesche Spiller gewonnen. An och den Ofschloss vun der Carrière hat eppes.

BasketMat 37 Joer konnt hie wuel net méi mat senge Glanzzäiten uknäppen, mee de Kobe Bryant hat et drop. A sengem leschte Spill sinn him 60 Punkte gelongen. Dat nennt ee wuel ee propperen Ofgang an hie sot selwer: „Wei vill Kanner kënne vu sech behaapte fir hire Liiblingsveräi gespillt ze hunn an hir ganz Carrière do verbréngen ze dierfen. Besser kann een d‘Geschicht net schreiwen“.

mat indymedia/lax

Illustratioun: D‘Welt huet eng Legend an eng Famill säi Liicht verluer. De Kobe Bryant alias Black Mamba ass net méi. © Priyanka Gandhi Vadra

Related topics Basketball, Gianna Bryant, Helikopterofstuerz, Kobe Bryant, Los Angeles Lakers
Next post Previous post