Search

You may also like

Nature & Castle Line – Sightseeing vum Zentrum bis an d’Éislek, oder sou
Neiegkeeten

Nature & Castle Line – Sightseeing vum Zentrum bis an d’Éislek, oder sou

Um haitege Moien huet den Tourismusminister Lex Delles d’Press invitéiert,

Coronakris a Blutt spenden: Wéi ass d’Lag?
Neiegkeeten

Coronakris a Blutt spenden: Wéi ass d’Lag?

Blutt spenden ka Liewe retten! Leider hunn ech wärend menge

EU, USA, Benelux: E stramme Méindeg zu Bréissel fir de Minister Asselborn
Neiegkeeten

EU, USA, Benelux: E stramme Méindeg zu Bréissel fir de Minister Asselborn

Gëschter hat eise Baussen-an Europaminister Jean Asseborn zu Bréissel e

BEE SECURE: Bass de sécher?!

BEE SECURE: Bass de sécher?!

Mat „Bass de sécher?!“ lancéiert BEE SECURE eng nei Sensibiliséierungscampagne iwwer den Afloss vu Biller an Texter am Internet op d’Liewe vu jonke Kanner. Vu klengem un hu si matgesinn wéi d’Medien an d’Technologie an d’Selbstduerstellung online op verschidde Weeër erméiglechen. Et beaflosst dat reaalt Liewen awer a verschidden Dimensiounen.

Huele mir d’Beispill vun enger Persoun déi gezwongen ass Schoul ze wiesselen an a psychologesch Behandlung ze goen, nodeems e Video um Internet zirkuléiert ass, deen dëser Persoun enorm geschuet huet.

Dëst ass keen Eenzelfall bei jonke Leit.

Denkt un de Patron, deen duerch eng einfach Recherche erausfënnt, datt de Kandidat, de Freed um Virstellungsgespréich hat, virun enger knapper Woch um Goldstrand a Bulgarien e Patt gedronk huet.

Och dat ass keen Eenzelfall.

Loosst eis och un d’Elteren denken, déi knapps 10 Stonnen no der Gebuert déi éischt Foto vun hirem Puppelchen op Instagram publizéieren. D’Geschicht vu sengem Liewe gëtt erzielt, nach ier d’Kand d’Chance hat selwer ze kreéieren.

An nees: Et ass keen Eenzelfall.

Fir e responsabelen Ëmgang am Internet

Fir de Risiko ze miniméieren, musse Kanner, Jugendlecher an och Eltere wëssen, ewéi se verantwortungsbewosst mat Biller a Videoen ëmgoe kënnen.

sécher

Mat verschiddene Mëttel geet et BEE SECURE drëms, datt, d’Fro “bass de sécher ?!” am Hannerkapp soll bleiwen. Jidderee muss déi Entscheedung fir sech, an och fir seng Kanner iwwerhuelen. An dësem Kontext ass et wichteg ze wëssen, wéi eng bewosst a verantwortungsvoll Entscheedung een huele soll, andeems een all méiglech Konsequenze berécksiichtegt.

Et sollt een dobäi ëmmer drun denken:

  1. Den Internet vergësst ni! Alles wat Dir iwwer Iech oder anerer online setzt, kann Auswierkungen op aner Persounen hunn.
  2. Den Internet kann täuschen. Et gesäit ewéi en private Raum ass, mä et kann een all d’Daten weiderginn. Sief dat vum Ofsender, dem Empfänger an och vum Server de vun der Plattform benotzt gëtt.

Souwuel iwwert Videoen a Posteren, wéi och iwwert d’sozial Netzwierker, YouTube a souguer TikTok gëtt de Message gedeelt. Dës weidere wäerte wärend dem ganze Schouljoer Schlësselmessagen un d’Zilgruppen verbreet ginn, duergestallt duerch eng “Groussmamm”, déi dacks d’Roll vun der Vertrauenspersoun spillt, an déi an eise Geschichten dat gutt Gewëssen duerstellt.

A Schoule, Lycéeën a Jugendhaiser gi Plakater opgehaangen. Dem Léierpersonal gëtt Informatiounsmaterial fir de Cours zur Verfügung gestallt. Ma, wärend dem Schouljoer 2020-2021 bitt BEE SECURE och verschidde Formatioune fir Studenten aus dem Secondaire un. Am Hierscht ass zousätzlech ass eng weider Ausbildung iwwer sexuell Representatioun gewidmet fir d’Léierpersonal an Erzéier  um Programm.

Zu BEE SECURE a senger Helpline

BEE SECURE Helpline bitt eng anonym a vertraulech Consultatioun op dëse Kontexter. D’Mataarbechter vum (KJT) Kanner-Jugendtelefon, déi d’BEE SECURE Helpline managen, kënne vu Méindes bis Freides vun 9 bis 16 Auer kontaktéiert ginn op der Nummer 8002 1234.

BEE SECURE ass eng Initiativ vun der Regierung vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg, koordinéiert vum Service National de la Jeunesse (SNJ), operéiert vum SNJ an dem (KJT) Kanner-Jugendtelefon, an Zesummenaarbecht mat SECURITYMADEIN. LU, de Wirtschaftsministère, de Familljeministère, d’Lëtzebuerger Police souwéi de Parquet général a vun der Europäescher Kommissioun matfinanzéiert.

BEE SECURE soll eng méi sécher, verantwortlech a positiv Notzung vun neien Informatiounstechnologien ënner de Bierger fërderen. BEE SECURE riicht sech un d’Allgemengheet, awer viséiert haaptsächlech jonk Leit. Elteren, Léierpersonal an Erzéier, déi wichteg Referenzpersoune fir Kanner a jonk Leit sinn, stellen eng zweet prioritär Zilgrupp aus. An de leschte Joren huet BEE SECURE och eng drëtt Pilier entwéckelt, déi weider wiisst, gezielt op Senioren (mam Site www.silversurfer.lu).

Related topics Bass de sécher?!, Bee Secure, Beiträg, Responsabilitéit, Sensibiliséierungscampagne, Sexting, Sozial Medien
Next post Previous post