Search

You may also like

Inclusioun: eng Iddi vun de Belsch soll hëllefen
Neiegkeeten

Inclusioun: eng Iddi vun de Belsch soll hëllefen

Am Kontext vum „Debat an der Mëttegstonn“ eng Serie vun

Rockhal: Den Ian Paice an d’Klassiker vun Deep Purple
Neiegkeeten

Rockhal: Den Ian Paice an d’Klassiker vun Deep Purple

Um 23. November 2019 wäert den Ian Paice, legendäre Batteur

What the Fakt – Éischten Optrëtt vun der Blue Man Group viru genau 37 Joer
Neiegkeeten

What the Fakt – Éischten Optrëtt vun der Blue Man Group viru genau 37 Joer

Si bidden eng humorvoll Show aus Musek, Show an Theater,

Bat Night 2021 – En Owend voller Aktivitéite ronderëm d’Fliedermais

Bat Night 2021 – En Owend voller Aktivitéite ronderëm d’Fliedermais

Zënter méi wéi 50 Millioune Joer bevëlkere Fliedermais d’Äerd an hunn domat scho vir esou munch Mythen a Legende gesuergt. D’Faszinatioun an d’Angscht virun de fléiende Mamendéieren treffen och haut nach openeen. Aus dësem Grond gëtt op der sougenannter Bat Night 2021 zu Noumer net nëmmen informéiert, mee duerch spannend Aktivitéiten fir Toleranz a Verständnis gesuergt.

Lëtzebuerg zielt 18 verschidde Fliedermausaarten. Leider gëllt just déi sougenannt Waasserfliedermaus (Myotis daubentonii) net als gefäerd. Als sougenannt Kulturfolger sinn d’Déiercher un de mënschleche Siidlungsraum gebonne, hunn awer mam Verschwanne vu gëeegentem Liewensraum ze kämpfen. Souwuel eng Hiel oder eng Spléck am Fiels, wéi och e Späicher, e Stall oder Kierchen bidden hinnen dat perfekt Quartéier, wou si sech schützen an och hir Klenger opzéie kënnen.

Fir nieft den zuelräiche Moossnamen och duerch Sensibiliséierung en Deel zum aktive Schutz bäizedroen, invitéiert den Natur- a Geopark Mëllerdall e Samschdeg, de 17. Juli op seng Bat Night. E léierräichen a familljefrëndlechen Owend mat Aktivitéite fir Kleng a Grouss erwaart Iech. D’Participatioun ass gratis, d’Umeldung ass allerdéngs obligatoresch am viraus ze maachen – entweder per Mail un info@naturpark-mellerdall.lu oder per Telefon iwwert d’Nummer26 87 82 91-1.

Do klapps de an d’Flilleken

De ganzen Owend iwwer fannt Dir bei den Infostänn weider Detailer zu fliedermaus- an insektefrëndlesche Gäert, wou Fliedermais sech gären ophalen a wéi een hinnen dat richtegt Ëmfeld bidde kann. Dëst sinn awer just e puer vu villen Themen.

Bat Night 2021

Ab 18:00 Auer ginn Aktivitéite fir Kanner tëscht 4 a 14 Joer ugebueden. Dozou gehéieren ënnert anerem e: Rallye, verschidde Spiller, de Bau vun enger Fliedermauskëscht an d’Kreatioun vu Seedbombs.

Um 19:30 Auer gi folgend Virträg presentéiert:

  • Ekologie, Bedreeung a Schutz vu Fliedermais – vum Jacques Pir, nationale Koordinator zum Thema Fliedermais
  • Fliedermais a Bëschbewirtschaftung – vum Frank Adam, Fierschter zu Bäerdref

Bat Night 2021

Um 20:30 Auer gëtt en digitale Bléck an eng Fliedermauskolonie gewot

Um 22:30 Auer fänkt de Bat Walk un. Bei dësem Spadséiergang gëtt de Jacques Pir ënnert anerem Tipps dozou, wéi een déi faszinéierend Déiercher visuell an akustesch beobachte kann.

Bat Night 2021

Wat bis ewell scho geleescht gouf

Nodeems viru 25 Joer déi international Bat Night duerch Eurobats, en Ofkommes zum Erhalt vun den europäesche Fliedermauspopulatiounen, an d’Liewe geruff ginn ass, konnt sech d’Evenement zu engem feste Programmpunkt a ganz Europa entwéckelen.

Mat senge villen Hielen a Bëscher bitt d’Regioun Mëllerdall eigentlech den ideale Liewensraum fir Fliedermais. Reegelméisseg zéie si sech awer och op Späicheren, a Ställ oder an/ronderëm Kierchen zeréck. Verdreiwe sollt ee si awer net, schliisslech si Fliedermais gesetzlech geschützt.

Zu Lëtzebuerg ginn déi verschidden Aarten an d’Gréisst vun de Fliedermauskolonien reegelméisseg iwwert de nationale Monitoring „combles et clochers“ geschat. Zousätzlech dozou setzt sech den

Natur- a Geopark Mëllerdall, am Kader vum Projet „Natura 2000 verbënnt“, dofir an, datt hallef oppe Korridoren an der Landschaft entstinn a restauréiert ginn. Eng Kombinatioun aus Hecken, Bamgruppen, eenzele Beem an oppene Flächen dréit zur Biodiversitéit bäi a bitt Liewensraum. Och am Dall vun der schwaarzer Iernz gi Brécken dorop ënnersicht, op si Potential bidden fir Fliedermais unzelackelen.

Nëtzlech Informatioune kritt Dir elo schonn an der Broschür „Loscht op Natur“ N°10 vum Naturpark Öewersauer.

Opmaacherbild: © Dietmar Nill

Related topics Bat Night 2021, Bat Walk, Fliedermaus, Frank Adam, Jacques Pir, Natur- a Geopark Mëllerdall, Natura 2000 verbënnt, Naturschutz, Noumer, Rallye, Toleranz
Next post Previous post