Search

You may also like

Den ukrainesche Patient
International Neiegkeeten

Den ukrainesche Patient

Aus iergendengem Grond schéngen et d‘USA drop ofgesinn ze hunn

Ëffentlech Consultatioun vun der EZB: Fuerdert d’Enn vun de Klimakiller!
International Neiegkeeten

Ëffentlech Consultatioun vun der EZB: Fuerdert d’Enn vun de Klimakiller!

Greenpeace appelléiert un all Lëtzebuerger BiergerInnen, sech un der ëffentlecher

Enquête zum Bezéiungsdrama vu Wolz geet op en Enn
International Neiegkeeten

Enquête zum Bezéiungsdrama vu Wolz geet op en Enn

Et war den 2. Januar 15.10 Auer, wéi ee Mann

Prozess zum „Bataclan-Attentat“ erëffent

Et soll eng Geriichtsaffär fir d‘Anale vun der Geschicht ginn, ob dat déi ervirgeruffe Wonnen heele kann, wäert all Betraffene fir sech mussen entscheeden…

Prozess zum „Bataclan-Attentat“ erëffent

Am Kontext vun den Terroruschléi vum 13. November zu Paräis, waren 130 Mënsche gestuerwen an nach emol honnerten anerer goufe blesséiert. De Prozess zu dësem Attentat ass gëschter an der franséischer Haaptstad erëffent ginn. Fir de Prozess sinn 140 Verhandlungsdeeg ugesat. D‘Agenda verweist op néng Méint. Et huet zudeem 1.800 Zivilparteien a ganzer 542 Tonnen Aktematerial.

Eis franséisch Noperen hunn, eegens fir dëse Prozess, ee fuschneie Geriichtssall gebaut. An dësem solle 550 Persoune Plaz fannen. Bei 1.800 Zivilparteien, den Affer an hire Familljen, ass kloer: dat wäert sech net opgoen. Dofir goufen nach emol zéng Säll bannent dem Paräisser Justizpalais fir eng live Schaltung/Iwwerdroung reservéiert. Fir déi wou net kënnen zu Paräis sinn, huet et och eppes.

Am Virfeld zur Prozesserëffnung, huet d‘Assemblée en neit Gesetz ugeholl, dat et den Affer an/oder hire Familljen erméiglecht, iwwert ee „speziellen Zougank zu engem Web-Radio, mat engem Decalage vun 30 Minutten“, der Geriichtsverhandlung vun doheem aus bäizewunnen. Et dierf awer och confirméiert ginn, datt d‘Politik sech eng vollstänneg Dokumentatioun vum Prozess wënscht.

Wat esou virgesinn ass

Wéi esou ee Prozess ze handelen ass, dat wëssen déi franséisch Autoritéiten aus Erfarung. Virun engem Joer hat et de Prozess zu den Uschléi op d‘Satirezeitung „Charlie Hebdo“ an d‘Affär ëm d‘Attack op de Supermarché „Hypercacher“ ginn. Et geet natierlech ëm Emotiounen, well anescht wéi bei gewéinleche Verbriechen, ass hei de Mord reng ideologesch motivéiert. Et gëtt net ëm Geld.

Beim éischten ze erwaardenden Héichpunkt, deen ab nächstem Méindeg sollt op d‘Medien duer kommen, geet et ëm d‘Affer, hir Familljen… Si hu fënnef Verhandlungswochen zougestane kritt, wou si hir Erliefnisser an Erfarunge kënne virbréngen. Duerno ass ginn d‘Ermëttler gehéiert an d‘Beweiser virgeluecht. D‘Aufgab vum Prozess ass jo, d‘Schold vun den Ugekloten ze beweisen.

Interessant och d‘Motivatioun vun den juristeschen Acteuren: si hu sech virgeholl mat dësem Prozess eng Erklärung dozou virleeën ze kënnen, déi oppe leet, wéi sech kleng Delinquenten aus Frankräich an der Belsch zu Handlaanger vum Islamesche Staat (IS) verwandelt hunn. Anerer wiere scho frou, wann erauskéim, wéi et méiglech ass, datt d‘Autoritéiten absolut näischt matkritt hunn.

mat indymedia/par

Related topics Attentater vum 13. November, Bataclan, Boulevard Voltaire, islamesche Staat, Justiz, Paräis, Prozess, Salah Abdeslam, Stade de France, Terror
Next post Previous post