Bâtiment4: Ouverture vum kulturelle Booster zu Esch-Uelzecht

E Kollektiv u sougenannte „Bâtisseuren“, en historescht Gebai vun Arcelor-Mittal an d’Konzept vum „Tiers lieu culturel“ – dat ass dat neit Rezept vum Bâtiment4, dat duerch d’CUEVA zu neiem Liewen erwächt konnt ginn. Un dëse kulturell-kreative Gedanke gëtt elo ugeknäppt!

Mat engem Saz huet d’Anne Braun, Direktesch vun Hariko, d’Iddi hannert dem Bâtiment4 op de Punkt bruecht: „D’Gebai lieft duerch a mat de Leit“. Esou entsteet op enger Fläch vun 3.000 m² Raum fir Acteuren aus de verschiddenste Beräicher, déi hire Beitrag zur sozialer, urbaner, artistescher, soziokultureller an ekologescher Transitioun leeschten.

Am Kloertext heescht dat, datt Artisten, Associatiounen, Veräiner a generell interesséiert Persounen hei eng Plaz fannen, fir hirer Kreativitéit fräie Laf ze loossen. Wien säi Wësse ka viru ginn – dat beispillsweis a Form vu Workshops fir d’Ëffentlechkeet – dierf fir näischt vun der Offer profitéieren an een oder méi Zëmmer notzen.

An esou huet alles ugefaangen

De Projet gëtt gedroe vun der Stad Esch an der Associatioun frEsch, fënnt Ënnerstëtzung duerch d’Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte a gëtt geréiert vun 4 Associatiounen: Dem Hariko, dem CELL, Richtung22 an Independent Little Lies (ILL). Si selwer nenne sech „Bâtisseuren“.

D’Associatiounen hu sech zwar schonn iergendwéi kannt, mee déi richteg Kenneléierphas huet am Mäerz 2020 ugefaangen. Bei wëchentlechen Treffen hunn d’Membere gemierkt, datt si déi selwecht Wäerter vertrieden a mat der Konzeptioun vum Projet ugefaangen. Dobäi krute si Recommandatioune vu Leit, déi schonn Erfarung mat Tiers-Lieux Culturels hunn.

Et gouf beispillsweis geroden, just e gewëssen Undeel un Zëmmere fir spezifesch Aktivitéiten unzebidden, awer och Raum ze loossen, dee vu méi Gruppen individuell genotzt an un déi jeeweileg Besoinen ugepasst ka ginn. A well d’Gebai mat de Leit lieft, wäert express net alles bis zur Ouverture fäerdeg sinn – d’Ëffentlechkeet soll animéiert a motivéiert ginn, sech anzebréngen, Iddien ze deelen an eppes Wonnerbares ze schafen.

Bâtiment4
E puer Andréck, wéi et bannen ausgesäit © Shari Pleimelding / moien.lu

Am Bezuch op d’Inclusioun ass et esou, datt all interesséiert Persoun, Associatioun a Veräin seng Demande ka maachen. D’Ufro gëtt vu verschidde Cerclen ënnert d’Lupp geholl a gekuckt, ob d’Iddi mat de Wäerter iwwerenee stëmmt. Ma, fir d’Joer vun der europäescher Kulturhaaptstad ass een awer scho quasi ausgebucht.

Zëmmere fir Theaterprouwen, Danzcoursen, Konschtatelieren a sech musikalesch auszeprobéieren, mee och Büroen a Raim fir beispillsweis Generalversammlungen ofzehalen, si scho sou gutt wéi prett.

Eng grouss Chance

Den Olivier Weis ass ee vun de Glécklechen, deen am Bâtiment4 säin Atelier opriichte konnt. De jonken Designer vertrëtt e Konschthandwierk an eng Traditioun, déi hei am Land a Vergiessenheet geréit. Luxuriéis Objeten aus Lieder – dorënner beispillsweis Poschen, Portmonnien an Accessoiren – fäerdegt hie mat der Hand a ganz vill Léift un.

Bâtiment4
Am Atelier Van Weis kann den Olivier Weis säi Konschthandwierk ausliewen © Shari Pleimelding / moien.lu

Wéi hien erkläert ass et enorm schwéier zu Lëtzebuerg eng Plaz ze fannen, an dës och bezuelen ze kënnen. Esou huet hie laang vun Doheem aus geschafft, wou et him quasi onméiglech war Clienten ze empfänken.

Am Bâtiment4 huet hien elo net nëmmen säin Atelier fir sech kreativ auszeliewen, mee och nach Plaz fir seng Wierker ze presentéieren. Dobäi ass hien immens dankbar dës Chance ze kréien, an och säin Handwierk a Workshops ze weisen.

Wien elo de Virwëtz gepaakt huet, sech nach näischt ënnert dem Projet virstelle kann oder interesséiert ass un engem Workshop deelzehuelen, dee sollt sech d’Ouverte un dësem Weekend net entgoe loossen.

Um Programm stinn ënnert anerem e Graffiti Workshop, en Danzatelier, Concerte vum Modestine Ekete, KidColling a ville méi, sou wéi och Theateratelieren, Jam Sessions an e Yoga-Cours. Den Entrée ass gratis, allerdéngs muss ee sech fir verschidden Aktivitéiten am viraus umellen. Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech ochgesuergt. Bleift just nach ze soen, datt d’Ouverture ënnert dem CovidCheck-Regimm stattfënnt.

De ganze Programm a weider Detailer fannt Dir op batiment-4.lu.

Dernières nouvelles