Search

You may also like

money
Wat eng Aarbechtsstonn kascht: en Erklärungsversuch vum STATEC
Neiegkeeten Stories

Wat eng Aarbechtsstonn kascht: en Erklärungsversuch vum STATEC

Laut eiser STATEC, kascht e Patron eng Aarbechtsstonn vu sengem

OPGEPASST: Net gekennzeechente Sesam am Humus vu „Boni Selection“
Neiegkeeten Stories

OPGEPASST: Net gekennzeechente Sesam am Humus vu „Boni Selection“

Wéi d’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet matdeelen, enthält den Humus

Presidentschaftswahlen an Island: Zweet Mandatszäit fir de Gudni Johannesson
Neiegkeeten Stories

Presidentschaftswahlen an Island: Zweet Mandatszäit fir de Gudni Johannesson

An Island huet et 252.000 wahlberechtegt Bierger an dovunner hu

Battin „Fruitée“: eng fruuchteg Traditioun

Battin „Fruitée“: eng fruuchteg Traditioun

Liicht a Fruuchteg soll e sinn, de Battin „Fruitée“ an déi Ufuerderungen erfëllt dëse spezielle Béier aus dem Sortiment vun der Brasserie Nationale (Bofferding) déi hire Sëtz zu Käerjeng huet. Hien deet sech ervir duerch seng „rout Friichten“ (Quetsch, Schwaarzbier a Kiischt) a kann sech op eng genësserlech Textur mat enger flotter Schaumkroun beruffen.

Hien huet och nëmmen 4,3% Alkoholgehalt, firwat hien duerchaus bekëmmlech ass. Seng schéi Faarf, de roudelzege Glanz… dat alles erënnert eppes un de belsche „Kriek“ mee si hunn net wierklech villes gemeng. Notéiere mir dann nach, datt de Fruitée sech op en uraalt Rezept stëtzt, an et dës „fruuchteg Traditioun“ scho ganz laang gëtt. An well et en nach ëmmer gëtt ass en och gutt.

Bon dat ass vläicht een eppes einfache Fazit, mee falsch ass et net. De „Fruitée“ ass e Béier wéi fréier, wat jo och fir vill Mënschen en Attribut ass, deen ee valoriséiere sollt. Hien eegent sech vun der Geschmaachsrichtung hir esouwuel fir e gesellegen Apero, wéi och als Begleedung zum „Dessert“. Hei idealerweis zu enger Schockelascrem, enger Uebsttaart oder zum Sorbet.

Wéi d‘Brauerei Battin 1937 zu Esch-Uelzecht gegrënnt gouf, war d‘Stolindustrie nach ee mächtege Wirtschaftsacteur an d‘Aarbechter hate laang net déi Maschinne vun haut, déi d‘Aarbecht méi liicht gemaach hunn, an ouni Humpe konnt et kee richtege Feierowend ginn. De Gambrinus, e klassesche Pils, war de Béier fir all Dag. An du koum de Fruitée, an dee gouf et zu de besonneschen Deeg.

Hie läscht den Duuscht, gëtt haut och vun den Damme geschätzt a mécht engem den Dag drop keen décke Kapp. De Battin „Fruitée“ huet sech als Lëtzebuerger Spezialitéit iwwert d‘Joren etabléiert an wier et derwäert als schützenswäerte Patrimoine erkläert ze ginn. Mee gutt, datt sollen dann awer aner Leit entscheeden, mir ginn eis schonn domatter zefridden datt en nach ëmmer gëtt.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics artisanale Béier, Battin, Béieradventskalenner, Bofferding, Brasserie Nationale, Craft Beers, Fruitée
Next post Previous post