Search

You may also like

dislike
Dieschbourg: „keng Renaissance vum Atom erlaben“
Neiegkeeten Stories

Dieschbourg: „keng Renaissance vum Atom erlaben“

Um Donneschdeg huet Lëtzebuerg sech iwwert eng manifest „concurrence déloyale“

Selwer Schold!
Neiegkeeten Stories

Selwer Schold!

Et gëtt ëmmer nees Leit, déi sinn net vun dëser

Dem Macron seng Siicht op Europa (eng Analys)
Neiegkeeten Stories

Dem Macron seng Siicht op Europa (eng Analys)

Et ass e leidenschaftleche Plädoyer, deen de franséische President, Emmanuel

Battin Triple: E fruuchtege Minettsdapp

Battin Triple: E fruuchtege Minettsdapp

De Battin „Triple“, e sougenannten Trappist-Béier, ass en uewergäregen a raffinéierte Béier, deem seng Eleganz sech an de Fruucht-Aromaen an der besonnescher Auswiel vum Happ erëmspigelt. Gebraut gëtt den Triple mat enger héichgäreger Hief, firwat hien am Exil hiergestallt muss ginn. Am Partenariat mat der Brauerei Du Bocq, entsteet e Staarkbéier mat 8% Alkoholgehalt.

Et ass e Béier deen, de Fall gesat et kennt een en nach net, a Rou a mat er richteger Temperatur probéiere muss, soss kéint een emol enttäuscht ginn. Am Beräich tëscht 6°C an 8°C huet hien eis am beschte geschmaacht. Liicht awer net ze vill „dréchen“ an en „touch“ aprikoseg, hannerléisst den Triple vu Battin beim Ofgang eng zaart Nout vun Orange-Aroma.

Hie gëtt mat der ganzer Exzellenz vun der belscher Braukonscht hiergestallt, an huet sech längst an der Lëtzebuerger Gesellschaft etabléiert. Dëse Béier passt och nach wonnerbar zu cremege Kéis an/oder gegrilltem Fleesch. An dëser Joreszäit gëtt hien och gäre bei Wëld zerwéiert. Den Triple sollt een dann och aus enger „Tulipe“ drénken, en Glas dat him déi néideg Plaz bitt sech ze entfalen.

Battin

En Zäitzeien deen d‘Erënnerung u vergaangen Zäiten oprecht erhält. Datt Battin haut zur Brasserie nationale gehéiert, stellt sécher, datt eis dëse Béier nach laang erhale bleift. © Martine de Lagardére/moien.lu

Battin dat sinn dach déi vun Esch-Uelzecht, oder?

Eigentlech, jo… D‘Brauerei gouf allerdéngs 1937 zu Esch-Uelzecht vum Charel Battin, engem erfuerene Spirituosenhändler gegrënnt. E riskant d‘Geschäft an onrouegen Zäiten. Si war deemools déi klengst vun de Lëtzebuerger Brauereien, déi et séier zum Erfolleg bruecht huet. Dorunner hat de Kurt Mocker, deen d‘Braukonscht zu Pilzen geléiert huet, als éischte Braumeeschter mat schold.

Nom Dout vum Charel huet säin Eedem, de Néckel Origer d‘Brauerei geleet, iert se vun dësem sengen zwee Bouwen, Marc a Paul, an der 60er Joren iwwerholl gouf. De Marc an de Paul Origer hunn d‘Brauerei vergréissert an d‘Sortiment méi breet opgestallt. Si hat hire Sëtz vis-à-vis vun der Escher Gar, wat praktesch war, wëll d‘Wueren esou kee wäite Wee zréckzeleeën haten.

2004 hätt d‘Geschicht vun der Battin Brauerei kënnen op en Enn goen. De Marc an de Paul hunn sech op d‘Pensioun gefreet, an eng grouss a richteg Entscheedung getraff. Si konnten sech mat der „Brasserie Nationale“eens ginn, déi hinnen de Betrib ofkaf huet. Ausser de spezial Béier déi wéi mir elo wëssen an der belsch gebraut ginn, gëtt dat traditionellt Sortiment zu Käerjeng gebraut.

Foto: De Battin Triple, sollt een aus genee esou engem Glas drénken, well sech hei den Aroma beschtens entfale kann, an de Genoss séchergestallt ass.

Related topics Adventskalenner, artisanale Béier, Battin, Battin Triple, Craft Beers, Esch-Uelzecht, Käerjeng
Next post Previous post