Search

You may also like

Opgepasst: En neie Formulaire fir de Congé aus familiäre Grënn
Meenung Neiegkeeten

Opgepasst: En neie Formulaire fir de Congé aus familiäre Grënn

Säit dem Méindeg hunn sech d‘Reegele fir d‘Obtentioun vum Congé

Dat neit Covid19-Gesetz steet
Meenung Neiegkeeten

Dat neit Covid19-Gesetz steet

Et kéint schonn déi leschte Sëtzung am Stater Cercle gewiescht

Blackout fir Südeuropa
Meenung Neiegkeeten

Blackout fir Südeuropa

Um Samschdeg géint 17 Auer ware Millioune Spuenier kuerzerhand vum

GAP: E gutt Gläichgewiicht tëscht Bedierfnesser an Ëmweltschutz gëtt gefuerdert

GAP: E gutt Gläichgewiicht tëscht Bedierfnesser an Ëmweltschutz gëtt gefuerdert

D’Lëtzebuerger Bauerenzentral huet mat Satisfaktioun zur Kenntnis geholl, datt d’Vertrieder vun der EU-Kommissioun, -Rot a -Parlament no dräijäreger Verhandlungszäit e Konsens am Hibléck op eng Gemeinsam Agrarpolitik (GAP) fir den Zäitraum tëscht 2023 an 2027 fonnt hunn. En zäitnot Enn vun de Verhandlunge war dréngend noutwenneg, fir eng erfollegräich Ëmsetzung vun der Reegelung garantéieren ze kënnen.

Den Accord kann als éischte Schrëtt an eng richteg Richtung verstane ginn. Trotzdeem gëllt eng besonnesch Opmierksamkeet de villen Erneierunge bezéiungsweis Ännerungen, déi op d’Baueren zoukommen. D’Bürokratiefuerderungen un d’Bauere wiisst weider un. Ronn e Véierel vum Budget vun der Éischter Sail fléissen an Zukunft an d’Öko-Reegelungen, wat fir déi alldeeglech Aarbecht um Feld oder am Stall net ouni Auswierkunge bleift.

D’Fërderung wäert doduerch allgemeng eng méi geréng Akommeswierkung opweisen. D’Bauerenzentral vertrëtt weiderhin d’Meenung, datt all Bauer e Recht op Planungssécherheet huet an net der Willkür vun der Politik ausgeliwwert dierf sinn.

Eng grouss Verantwortung laascht an de kommende Wochen um Ressortminister Romain Schneider, fir gemeinsam mat de respektiven Interessevertriedungen den nationale Strategieplang am Sënn vun der nationaler Landwirtschaft an de Mënschen, déi an dësem Beruffszweig täteg sinn, ze finaliséieren.

De gesonde Mënscheverstand ass dobäi gefuerdert, fir dat richtegt Gläichgewiicht tëscht de Bedierfnesser vun der nationaler Liewensmëttelproduktioun an dem Schutz vun der Ëmwelt ze fannen, a sech net vu reng ideologeschen Awänn irleeden ze loossen.

D’Bauerenzentral verlaangt, datt den zoustännege Minister duerch seng Beschlëss d’Roll vun de Lëtzebuerger Baueren an engem méi haarden europäeschen Ëmwelt stäerkt an et hinnen erméiglecht, och an Zukunft nach sech an hir Famillen ënnert adequate Bedéngungen ernieren ze kënnen.

Matgedeelt vun der Lëtzebuerger Bauerenzentral
Opmaacherbild: © Uta Scholl / unsplash

Related topics Akommes, Baueren, Ëmweltschutz, GAP, Gemeinsam Agrarpolitik, Lëtzebuerger Bauerenzentral, Liewensmëttelproduktioun, Planungssécherheet, Romain Schneider
Next post Previous post