Search

You may also like

Eng Presidenten-Tripartite fir de Fridden a Syrien
Neiegkeeten

Eng Presidenten-Tripartite fir de Fridden a Syrien

Um Mëttwoch hunn sech d‘Presidente vum Iran, Russland an der

dislike
Wäerteunterrecht, Congé Parental an Steierreform: DP weist sech zefridden
Neiegkeeten

Wäerteunterrecht, Congé Parental an Steierreform: DP weist sech zefridden

Déi parlamentaresch Sessioun 2016/17 geet op en Enn an et

D’BnL an d’Anne-Beffort Rousen – ee Stéck Lëtzebuerger Geschicht
Neiegkeeten

D’BnL an d’Anne-Beffort Rousen – ee Stéck Lëtzebuerger Geschicht

Gëschter huet d’Asbl Patrimoine Roses pour le Luxembourg der Nationalbibliothéik

Lëtzebuerger Bauerenzentral: De Laurent Schüssler ass neien Direkter

Lëtzebuerger Bauerenzentral: De Laurent Schüssler ass neien Direkter

Säit dem 1. Abrëll 2021 iwwerhëlt de Laurent Schüssler d’Tâche vum Direkter vun der Lëtzebuerger Bauerenzentral. Domat léist hien d’Josiane Willems of, déi zwar an d’Pensioun goen, mee hirem Nofolger bei Froen zur Säit stoe wäert.

De studéierten Diplom-Geschäftsmann gesäit sech als Lobbyist am Interessi vun der nationaler Landwirtschaft, wëll sech gläichzäiteg fir d’Lëtzebuerger Baueren asetzen. „D’Schwéierpunkte vu menger Aarbecht wäerten an de Beräicher Kommunikatioun an Ëffentlechkeetsaarbecht leien. Der Landwirtschaft muss an der Gesellschaft nees deen héije Stellewäert zougestane ginn, deen se verdéngt.“

Déi am Joer 1944 gegrënnte Bauerenzentral, déi hire Sëtz zu Miersch huet, stellt d’Beruffsorganisatioun vun de Baueren, Wënzer a Gäertner duer, vertrëtt d’Interesse vun der Landwirtschaft a beréit seng Memberen bei wirtschaftlechen, steierlechen a juristesche Froen. Dës weidere gëtt all Woch eng nei Editioun vun „De Lëtzebuerger Bauer“ publizéiert.

De Laurent Schüssler gouf 1968 gebuer an huet zu Tréier e Studium an der Betribwirtschaftsléier mat de Schwéierpunkten Aarbecht, Personal an Organisatioun ofgeschloss. Éischt Erfarungen duerft hien an der Imprimerie Saint-Paul sammelen, an ass am Joer 2000 an de Journalismus iwwergaangen. Als Grand Reporter, Chef vum Owend a Schreiwer vu Leitartikelen, huet hien d’Sportredaktioun vun der „Luxemburger Wort“ ergänzt, huet sech awer spéider och mat aussepoliteschen Thema beschäftegt.

Opmaacherbild: D’Lëtzebuerger Bauerenzentral begréisst säin neien Direkter, den Laurent Schüssler

Related topics Baueren, Gäertner, Josiane Willems, Kommunikatioun, Laurent Schüssler, Lëtzebuerger Bauerenzentral, Wënzer
Next post Previous post